Mad Fox

Vu Wikipedia
Mad Fox
Museksgenre Pop-Rock, Rock
Land Lëtzebuerg
Grënnung ëm 2010[1]
Websäit Facebook, Instagram
Memberen Jimmy Leen (Gesank, Gittar)
Charel Stoltz (Gittar)
Jérôme Klein (Keyboard)
Dirk Kellen (Batterie)
Aloyse Weyler (Perkussioun)
Tom Gatti (Bass)

Mad Fox ass eng lëtzebuergesch Pop-Rock-Band, déi 2013 gegrënnt gouf. Si huet bis 2018 einfach Fox geheescht.[2]

Bandgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Ufank[änneren | Quelltext änneren]

Fox, wéi d'Band déi éischt Jore geheescht huet, huet als Nieweprojet vum fréiere Punkrock-Gittarist Jimmy Leen ugefaangen.[3] Hie gouf mat de Gruppen Angel at My Table a Versus You bekannt an huet mam Charel Stoltz eng éischt Demo mat fënnef Lidder opgeholl.[1] Spéider koumen déi aner Museker dobäi, déi all schonn an anere Museksgruppen aktiv waren. De Bassist Tom Gatti war bei Eternal Tango a Spyglass, de Batteur Dirk Kellen bei Dropjaw an The Jacob Conspiracy, de Jérôme Klein bei Blue Shade a Pol Belardi's Force, wärend de Perkussionist Aloyse Weyler bei The Carps' war.

D'EP Chasing 1993 koum 2012 eraus. Den Extrait Chasing '93 leeft am Ofspann vum lëtzebuergesch-däitsche Kannerfilm D'Schatzritter an d'Geheimnis vum Melusina. Hiren éischte Concert hu Fox am Februar 2013 gespillt, zesumme mat Mutiny on the Bounty an der Escher Kulturfabrik.[4] Am selwechte Joer si si och op der Fête de la musique zu Diddeleng an um Food for Your Senses opgetrueden, a waren d'Virband um Concert vun der schottescher Sängerin Amy Macdonald an der Rockhal.[5][6]

D'Joer drop am Hierscht huet Fox um Mess for Masses gespillt.[7]

Éischten Album Fox[änneren | Quelltext änneren]

2015 si si erëm an der Rockhal opgetrueden, virum Concert vun der irescher Band The Script,[8] am um lëtzebuergesche Festival Rock-A-Field. Den éischten eponymen Album Fox huet d'Grupp dunn am November op de Maart bruecht. D'Singleauskopplungen Fade Into The Sun a Cool Cat ware grouss Radiohits zu Lëtzebuerg.[9][10]

2016 an 2017 ass d'Grupp um Rock um Knuedler opgetrueden, an am Mee huet den Daniel Balthasar d'Single Capacity erausbruecht, eng Kollaboratioun mat Fox.

Vu "Fox" zu "Mad Fox" a weidere Succès[änneren | Quelltext änneren]

Am Summer 2018 huet Fox sech zu "Mad Fox" ëmbenannt fir eng besser Visibilitéit ze hunn, an d'Single Hush verëffentlecht.[2][9] Et war der Band hiren inoffizielle Song zur Foussball-Weltmeeschterschaft 2018.[11] D'Lidd ware e groussen Erfolleg, dat et ënner anerem op déi éischt Plaz am Eldoradio Chartbreaker bruecht huet.[12][13]

Déi nächst Single, Bubble, gouf eleng op Spotify 50.000 Mol gestreamt.[14] Si ass direkt op Plaz 8 vum Chartbreaker ageklommen[15] a gouf mam Präis vum "Lidd vum Joer" bei de Luxembourg Music Awards ausgezeechent.[16]

Hush a Bubble stoungen als eenzeg Lidder vu lëtzebuergesche Kënschtler op Plaz 16, respektiv 50, am Joresklassement 2018 vun de gréissten Hitten op Eldoradio.[17]

No engem weideren Optrëtt um Rock um Knuedler am Juli 2019 huet Mad Fox dat méi rockegt Lidd Who Pulls the Strings verëffentlecht, éier se am August um Rock de Schleek gespillt hunn.[18]

D'Joer drop koum dunn dat bis ewell lescht Lidd eraus. Anna gouf op Spotify iwwer 75.000 Mol gelauschtert. Am Lidd geet et dem Sänger Jimmy Leen no ëm "en historeschen Moment aus dem 2. Weltkrich".[19],[20] Fox hunn och weider Concerte gespillt, dorënner 2021 de Rock Against Cancer an der Rockhal fir d'Fondation Cancer Luxembourg an d'Fondatioun Kriibskrank Kanner.

Diskografie[änneren | Quelltext änneren]

Album[änneren | Quelltext änneren]

  • 2015: Fox

EP[änneren | Quelltext änneren]

  • 2014: Chasing 1993

Singelen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2012: Chasing '93
  • 2015: Fade Into the Sun
  • 2016: Back in My Mind
  • 2016: Cool Cat
  • 2018: Capacity (mam Daniel Balthasar)
  • 2018: Hush
  • 2018: Bubble
  • 2019: Who Pulls the Strings
  • 2020: Anna

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Der Fuchs geht um, vum Pol Schock, Luxemburger Wort, 31. Dezember 2015
  2. 2,0 2,1 eldo.lu: Mad Fox - Hush (14. Juni 2018)
  3. eldo.lu: Mad Fox - Bubble (15. November 2018)
  4. Fox sort du bois vum Grégory Cimatti, Le Quotidien, 31. Januar 2013
  5. tout-luxembourg.com: La Fête de la Musique fête ses 20 ans à Dudelange (14. Juni 2013)
  6. rtl.lu: Amy MacDonald @ Rockhal (net datéiert)
  7. lessentiel.lu: Mess For Masses, «une grande fête de famille!», Interview mam Cédric Botzung (13. November 2014)
  8. luxtimes.lu: The Script deliver with their Irish charm (15. Juni 2015)
  9. 9,0 9,1 Biografie op Submithub
  10. Facebook-Post vum 11. Juli 2015
  11. thepostie.de: Eine Liste mit Fußballsongs, die einigermaßen erträglich sind (14. Juni 2018)
  12. eldo.lu: Mad Fox: "Hush". Eng Lëtzebuerger WM Single?! (4. Juli 2018)
  13. Facebook-Post vum 16. Juli 2018
  14. eldo.lu: EDSUN grousse Gewënner vun den LMA's (19. Dezember 2018)
  15. Facebook-Post vum 24. November 2019
  16. rtl.lu: EDSUN was the big winner of the evening vum David Winter (19. Dezember 2018)
  17. eldo.lu: Zuelen, Fakten & den Hit vum Joer 2018! (2. Januar 2019)
  18. eldo.lu: Mad Fox sinn zréck mat enger neier Single (15. Juli 2019)
  19. rtl.lu: Neit Lidd vu Mad Fox vum Claudia Kollwelter (6. Mee 2020)
  20. eldo.lu: Mad Fox sinn zréck mat enger neier Single (29. Abrëll 2020)