Angel at My Table

Vu Wikipedia
Angel at My Table
Angel at My Table 2011 bei der Fête de la Musique zu Diddeleng
Museksgenre Pop-Rock, Alternative-Rock, Power-Pop
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2009
Trennung 2015
Websäit www.aamt.lu
Memberen Joelle Gelhausen (Gesank)
Adriel von Grüningen (Bass)
Tom Aschman (Gittar, 2009-13)
Joe Flies (Batterie)
Jim Braun (Gittar, 2013-15)
Robin Teuwens (Gittar)
Jimmy Leen (Gittar)

Angel at My Table war eng lëtzebuergesch Rockgrupp déi tëscht 2009 an 2015[1] existéiert huet.

Hire Museksstil hu si selwer als "Power-Pop" bezeechent.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Grupp gouf vun 3 Memberen (Joe, Tom, Adriel) vun der fréierer Band "Javies" gegrënnt.

Am Februar 2010 ass déi éischt Single „City Romance“ erauskomm, déi sech 12 Wochen an den Top-3 vun de lëtzebuergeschen Charts placéiere konnt. Den 10. Abrëll vum selwechte Joer ass eng EP mat dem selwechten Numm erauskomm.

De 27. Juni si se beim Rock-A-Field-Festival zu Réiser an de 4. Juli beim Rock um Knuedler zu Lëtzebuerg opgetrueden.

De 15. Juli 2010 hu se als Virgrupp vu Good Charlotte gespillt. Den 12. August si se fir d'éischt an Däitschland zu Püttlingen um Rocco del Schlacko[2] opgetrueden. Am Dezember hate s'en Optrëtt zu Santander a Spuenien am Kader vun der „Myspace Eurodemo Finales“[3]. Virdrun hate se nach 3 Concerten zu Wien.

De 5. Abrëll 2011 huet Angel at My Table déi éischt Kéier an der Belsch gespillt. Den 20. an 21. Abrëll si se zu Lëtzebuerg als Virgrupp vu One Republic opgetrueden[4].

No hirem Optrëtt de 27. Mee um Food for Your Senses Festival huet d'Grupp eng kleng Däitschland- an Éisträichtournee gemaach. Ee vun deene Concerte war um Frequency-Festival zu Sankt Pölten an Éisträich wou se Opener fir d'Kaiser Chiefs, The Kooks, Feeder, Friendly Fires an d'Chemical Brothers waren.[5]

Den 30. September 2011 war Angel at My Table d'Virgrupp vun Jennifer Rostock[6], déi zu Dikrech opgetruede sinn. De 25. November hu s'als Virgrupp vun Auletta zu Tréier[7] gespillt. Den Dag duerno ware se beim Sonic Visions Festival an der Rockhal zu Esch-Uelzecht derbäi.

De 25. Februar 2012 gouf déi zweet EP In a heartbeat verëffentlecht. Als Virgrupp op der Release-Party, déi an der Kufa zu Esch war, ass ënner anerem déi Däitsch Band Betray Your Idols opgetrueden. Angel at My Table hunn um Rock-am-Ring Bandwettbewerb deelgeholl, wou déi bescht Band um Festival um Nürburgring en Optrëtt als Newcomer-Act gewanne konnt. Se si bis an d'Finall komm an hunn den 19. Mee 2012 am Skaters Palace zu Münster ëm déi fräi Plaz um Rock-am-Ring gespillt, déi awer d'Punk-Band Destination Anywhere gewonnen huet.

2012 si s'och um Rock-a-Field, Fête de la Musique, Rock-um-Knuedler an um e-lake Festival opgetrueden. Um e-lake Festival hu s'op der Haaptbün mat Kool Savas, Bakushan, Emil Bulls an Mutiny on the Bounty gespillt.

Den 3. Mäerz 2012 war Angel at My Table bei RTL Télé Lëtzebuerg an der Sendung Ben's Club ze gesinn. Den 31. August 2012 goung d'Band op In a heartbeat Summer-Tour déi bis den 9. September gedauert huet an duerch Belsch, Däitschland, Lëtzebuerg, Frankräich a Groussbritannie gefouert huet. Déi éischt Concert's Rees duerch Australien, wou fënnef Optrëtter derzou gehéiert hunn, gouf den 18. November 2012 gestart.

Am März 2013 hunn Angel at My Table op der Canadian Music Week, zwéi Concerten zu Toronto en een zu Hamilton gespillt.

Am Summer 2013 huet den Tom d'Band verlooss an den Jimmy Braun ass neie Gitarrist ginn.

Am Oktober 2013 hu si zu Baltimore am Maryland hiren Debut Album Light mam Paul Leavitt (All Time Low, Dangerous Summer, VersaEmerge, Circa Survive) opgeholl.

D'Release-Party vum Debut Album Light war de 17. Mee 2014 am Atelier mat der Ënnerstëtzung vun de lokale Band's Thoughts of the 4 a Five Cent Cones.

Den 21. Februar 2015 huet d'Grupp iwwer hir Facebook-Säit d'Opléisung vun der Band bekannt ginn.[8] De leschte Concert gouf den 9. Mee 2015 am Café De Gudde Wëllen an der Stad gespillt.

De Gittarist Jimmy Braun huet kuerz drop den erfollegräiche Projet Austinn lancéiert. Den anere Gittarist Jimmy Leen spillt och an der Gruppe Versus You a Mad Fox.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Album[änneren | Quelltext änneren]

  • 2014: Light

EP'en[änneren | Quelltext änneren]

  • 2010: City Romance
  • 2012: In a Heartbeat

Single[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Angel at my table: Lëtzebuergesch Band léist sech op." rtl.lu, leschten Update: 21.02.2015, 15:15:41.
  2. rocco-del-schlacko.de: Biographie vum Grupp
  3. clada.lu: Angel at my table zu Santander (ES)
  4. prisma-hsg.ch: «Ich kann mir eine Banker-Karriere nicht vorstellen»
  5. wort.lu: Angel at my table play major European festival
  6. mywort.lu: JENNIFER ROSTOCK den 30. September 2011 zu Dikrech
  7. bizarre-radio.de: Auletta - Tour an nei Single
  8. "Angel at my table" löst sich auf op wort.lu den21. Februar 2015