Versus You

Vu Wikipedia
Versus You
Museksgenre Punk-Rock, Pop-Punk
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2005
Websäit www.versus-you.com
Aktuell Memberen Eric Rosenfeld (Gesang, Rhythmus-Gittar)
Giordano Bruno (Bass, Chouergesang)
Dario Bruno (Lead-Gittar, Chouergesang)
Jérôme Lux (Batterie)
Fréier Memberen Jimmy Leen (Lead-Gittar, Chouergesang)
Pit Romersa (Batterie)
Mike Lahier (Batterie)
Aloyse Weyler (Batterie)
Jerry Kirpach (Batterie)

Versus You ass e lëtzebuergescht Punk-Rock, Pop-Punk Quartett. D'Grupp gouf 2005 vum Eric Rosenfeld a Giordano Bruno gegrënnt. 2014 huet Le Quotidien d'Grupp mat hirer bal 10-järeger Geschicht als eng "Institutioun an der Lëtzebuerger Rock-Zeen" ("une institution de la scène rock locale") beschriwwen. Se hu véier Alben an ee Split-Album zesumme mat White Flag verëffentlecht a sinn international getourt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Ufank: Marathon (2006)[änneren | Quelltext änneren]

Den Eric Rosenfeld an den Giordano Bruno, zwéi laangjäreg Frënn an alle béid Museker, hate schonn an anere lëtzebuergesche Gruppe gespillt. Den Eric Rosenfeld war ënner anerem Gittarist a Sänger bei Rise-Up an den Giordano Bruno Bassist bei The Last Millennium Suckers. Zesummen hu se bei Broken Stars musizéiert, sou datt den Eric Rosenfeld, dee schonn eng Handvoll Lidder geschriwwen hat, net laang gebraucht huet, fir den Giordano Bruno dervun z'iwwerzeegen, a senger neier Band Versus You de Bass ze spillen. E puer Woche méi spéit ass dunn de Pit Romersa op der Batterie nach derbäikomm, mat deem si 2006 hiren éischten Album Marathon bei Fond of Life Records verëffentlecht hunn. Kuerz drop huet de Pit Romersa d'Grupp nees verlooss fir sech méi senger Haaptgrupp Eternal Tango ze widmen.

This Is The Sinking (2008) an éischt Tournée[änneren | Quelltext änneren]

De Pit gouf duerch de Mike Lahier ersat, mat deem och den zweeten Album opgeholl gouf. Obwuel dësen Album den Titel This Is the Sinking ("Dëst ass den Ënnergang") dréit, huet en der Grupp grouss Opmierksamkeet bruecht. D'Singleauskopplung The Hotel Room huet et bis op déi zweet Plaz am Eldoradio Chartbreaker gepackt.[1] Op d'Releaseparty vum Album, deen um Musekslabel Winged Skull verëffentlecht gouf, koume méi wéi 900 Leit.[2] Dat selwecht Joer huet Versus You och um Rock-A-Field Festival zu Réiser gespillt.

No enger éischter Tournée duerch Däitschland, d'Belsch, Holland an Italie koum de Gittarist Jimmy Leen, dee spéider en zweete Komponist gouf, bei d'Grupp. Si hunn als Virgrupp fir No Use For A Name a The Flatliners gespillt, mat deenen se sech séier ugefrënnt hunn. Nom leschte Flatliners-Concert huet de Mike Lahier d'Grupp wéinst perséinlechen Differenze verlooss. Den Aloyse Weyler koum als drëtte Batteur just zur Zäit fir déi éischt Osteuropa- a Russland-Tournée bei d'Grupp. Si hu Concerte mat NOFX, Propaghandi, Only Crime, White Flag a Bayside gespillt.

The Mad Ones (2009) a Levitate the Listener (2011)[änneren | Quelltext änneren]

2009 koum den Album The Mad Ones eraus, dee mam Charel Stoltz an den Holtz Studios zu Tënten opgeholl gouf. En ass um Label Granny Records an Zesummenaarbecht mat Fond of Life Records erauskomm. Den Titel ass eng Referenz op dem Eric Rosenfeld seng Inspiratiounsquell, den amerikanesche Schrëftsteller Jack Kerouac.[2]

No enger zweeter Tournée duerch Osteuropa a Russland a sëllege Concerten, ënner anerem erëm um Rock-A-Field, huet och den Aloyse Weyler d'Grupp verlooss. De Jerry Kirpach, e Frënd vun der Grupp, huet déi fräi Positioun op der Batterie iwwerholl.

Mat him hu si d'Single This War Is Like a Drug to You! (Nummer 2 am Eldoradio Chartbreaker)[3] a sechs weider nei Lidder fir de Split-Album mat White Flag opgeholl, deen 2011 mam Titel Levitate the Listener bei Long Beach Records a G Chord Records verëffentlecht ginn ass. Dat selwecht Joer hu si Concerte mat Alkaline Trio, Strike Anywhere, Dear Landlord a Star Fucking Hipsters gespillt. 2011 hu si d'Bün mat Gruppe wéi Adolescents, Mike Herrera vun MxPx, Dead to Me, The Casualties a Rise Against gedeelt an hunn eng Europatour mat White Flag gespillt.

2012 gouf Versus You aus méi wéi 500 Gruppen ausgewielt, fir um Groezrock Festival an der Belsch ze spillen.[4] Mam Laangzäit-Produzent Charel Stoltz hu si 2012 d'Single Happy Yet?! (Nummer 10 am Eldoradio Chartbreaker)[5] opgeholl a sinn a Schweden gefuer, fir mam Produzent Chips Kiesbye, dee scho mat Millencolin a The Hellacopters zesummegeschafft huet, hire véierten Album opzehuelen.

Am Fréijoer 2013 huet den Jimmy Leen d'Grupp verlooss fir sech ganz sengem neien Projet Fox ze widmen. Hie gouf duerch dem Giordano säi méi jonke Brudder Dario Bruno, deen ënner anerem bei Extinct, Nervous Chillin an och The Last Millennium Suckers gespillt huet, ersat. Concerte mat Strung Out, Black Flag, The Manix a Jimmy Eat World goufe gespillt.

Moving On (2014)[änneren | Quelltext änneren]

D'Lidd Be Better Than Me, op deem déi schweedesch Sängerin Hannah Smallbone am Chouer ze héieren ass, huet et Ufank 2014 an d'Top 50 vun de Lëtzebuerger iTunes Charts an op déi éischt Plaz vun de Lëtzebuerger iTunes Rock-Charts gepackt.[6] Den Album Moving On ass bei Flix Records an Zesummenaarbecht mat G Chord Records an Noiseworks Records erauskomm. E gouf schonn 2012 an de Music-A-Matic Recording Studios zu Göteborg mam Produzent Chips Kiesbye opgeholl a vum Henryk Lipp gemëscht a gemastert. Den Artwork vu Moving On ass wéi scho bei den Albume Marathon a Levitate The Listener nees vum Kim "The Butcher" Schreiner. Déi offiziell Releaseparty war de 15. Februar 2014 am Atelier.[4]

Den 12. Mee 2014 huet Versus You op hirer Facebook-Säit bekannt ginn, datt si bei Bomber Music UK ënnerschriwwen hätten. Den Album Moving On gouf den 21. Juli 2014 och an England verëffentlecht a vum 18. bis de 26. Juli hu Versus You d'Moving On......To the UK Tour gespillt. De 5. Oktober 2014 hu si d'Lidd "Sunny Afternoon", eng Coverversioun vun de brittesche Punk-Legenden The Kinks op hir Facebook-Säit gepost. D'Lidd war virun e puer Joer bei enger Prouf entstan a gouf mat engem Handy opgeholl. Zanter dem 20. Oktober 2014 ass den Album Moving On a weider CD'e vun der Grupp och a Frankräich iwwer de Plackelabel Guerilla Asso ze kréien.[7]

2014 ass Versus You duerch Däitschland, Éisträich a Groussbritannien getourt fir den Album Moving On bekannt ze maachen.

Pet Sematary, e Ramones-Cover, gouf den 31. Mäerz 2015 op YouTube verëffentlecht, d'Lidd gouf 2010 vum Eric Rosenfeld an Jimmy Leen, dem deemolege Gittarist, opgeholl a gemëscht. Den Jimmy huet Batterie gespillt an den Eric Gittar, Bass an huet och gesongen.

2015 goufe s'ausgewielt, fir um Eurosonic-Festival zu Groningen an Holland ze spillen.[8] Eng zweet UK-Tournée gouf vum 3. bis zum 11. Abrëll 2015 gespillt a Versus You gouf als eng vun den éischte Gruppe fir de Punk Rock Holiday Festival zu Tolmin a Slowenien am Summer 2015 ausgewielt.[9]

Den 10. Mee 2015 huet Versus You op YouTube d'Lidd "Go Ahead and Cry", e Cover vu Sky Saxon & The Electra-Fires, verëffentlecht. D'Lidd gouf virun e puer Joer fir e Sky Saxon Tribute-Album, deen awer ni realiséiert gouf, opgeholl. De Bill Bartel aka Pat Fear vu White Flag war den Initiator fir dësen Tribute-Album, ass awer de 24. September 2013 gestuerwen.

Zéngte Bandjubiläum (2015)[änneren | Quelltext änneren]

Den 18. Oktober 2015 hu Versus You hiren zéngte Bandjubiläum ënner dem Motto: VERSUS YOU "10 years later, Old & Bald" (VERSUS YOU "10 Joer spéider, al & plakäppeg") am De Gudde Wëllen an der Stadt gefeiert. Mat vun der Partie waren déi lëtzebuergesch Instrumental Band The Majestic Unicorns From Hell an dat lëtzebuergescht Hip-Hop-Duo Freshdax.

Rocket To Rushmore (2016)[änneren | Quelltext änneren]

De 16. Juli 2016 hu Versus You zesumme mat den zwou befrënte Bands Killtime aus Italien a The Gamits aus den USA 3 Lidder (1 Lidd vu jiddwer Band) op enger 7" Vinyl EP, déi op 333 Kopië limitéiert ass, Rocket To Rushmore, verëffentlecht.

You Better (2016)[änneren | Quelltext änneren]

Dëst Kapitel muss iwwerschafft ginn. Dat kann dru leien, datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, datt den Opbau net der Wikiformatéierung entsprécht oder datt den Inhalt net ganz korrekt ass oder net explizit genuch ass, sou wéi en den Ament do steet.

Den 20. September 2016 hu Versus You op Facebook Verëffentlechung vun hirer neier 7" Vinyl Single You Better, déi zwee nei Lidder enthält, Säit A: You Better an Säit B: Always Follow welch ab dem 1. Dezember 2016 erhältlech ass, eemol als schwarzen an orangefaarwege Vinyl, bekannt ginn. Den 28. Oktober 2016 hu Versus You annoncéiert, datt et eng begrenzte Jubiläumsreprise fir den zéngjäregen Gebuertsdag vum éischten Album Marathon wäert ginn, fir d'eischtekeier op Vinyl. an nei Fanartikele entworf vun hirem langjäregen Frënd Kim "The Butcher" Schreiner.

Birthday Boys EP (2017)[änneren | Quelltext änneren]

Versus You hunn de 26. September 2017 iwwer Facebook, d'Verëffentlechung vun hirer neier EP Birthday Boys bekannt ginn. Déi éischt Single op der neier EP, déi Birthday Boy heesscht, gouf den 10. Oktober 2017 um Hallefnuecht op YouTube als sougenannte Lyric Video verëffentlecht. Den 11. November 2017, war de Release Festival vun zwou Auer mëttes un am Sang a Klang am Pafendall. Versus You gouf dobäi vun follgende Gruppen ënnerstëtzt: Mind Rebellion (L), Weakonstruction (L), All The Way Down (L), Cosmogon (L), Not Scientists (F), The Majestic Unicorns From Hell (L), Everwaiting Serenade (L) an Guerilla Poubelle (F).

Times Of War / Let's Make Love EP (2018)[änneren | Quelltext änneren]

Den éischten August 2018 hunn Versus You eng nei EP Times Of War / Let's Make Love digital op Bandcamp verëffentlecht.

Worn And Loved (2019)[änneren | Quelltext änneren]

Mat der Single Fall Apart, dèi de 15. Januar 2019 verëffentlecht gouf, hu Versus You hire sechsten Album Worn And Loved ugekënnegt, deen de 15. Mäerz 2019 erauskoum.

Stil[änneren | Quelltext änneren]

Versus You beschreiwen hire Museksstil selwer sou: "Eise Songwriting ass zimmlech vu Berkley-, Minneapolis- an Chicago- Punkgruppe wéi Crimpshrine, Fifteen, Jawbreaker, The Replacements, Hüsker Dü an Naked Raygun a villen aneren 90er-Punkgruppen inspiréiert, awer och net-Punkgruppe wéi Big Star, Tom Petty & The Heartbreakers, The Kinks an de Paul Westerberg gehéieren zur Inspiratiounsquell. Mir versichen éierlech an trei mat eis selwer an allen aneren ze sinn, heiansdo geléngt et eis an heiansdo scheitere mer lamentabel. Mir hunn ni e Frang well mir alles wat mer hunn an dës Grupp stiechen. Den Numm "Versus You" bedeit absolut näischt!"[10]

Nieweprojeten[änneren | Quelltext änneren]

Den Eric Rosenfeld ass och de Gittarist a Sänger vunn der Grupp Adoptees an huet e Soloprojet, deen den Numm Communicaution dréit, wou hie zanter 2004 gréisstendeels akustesch Kompositioune spillt. Hie war och an de Gruppe Rise-Up, Broken Stars, The Last Millennium Suckers an TimeSickness aktiv. Zesumme mam Batteur Ben Clement, spillt den Eric Rosenfeld am Projet The Cutting Word lyresch Texter a Gedichtsform.

Den Giordano Bruno bedreift d'Plackelabele G Chord Records an Noiseworks Records. Hie war och bei Broken Stars a bei The Last Millennium Suckers aktiv.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2006: Marathon (CD, Vinyl & Digital; Fond of Life Records / New Music Distribution)
  • 2008: This Is the Sinking (CD & Digital; Winged Skull Records)
  • 2009: The Mad Ones (CD & Digital; Fond of Life Records)
  • 2011: Levitate the Listener (CD, Vinyl & Digital; Split-Album mit White Flag; Long Beach Records / Broken Silence)
  • 2014: Moving On (CD, Vinyl & Digital; Flix Records / G Chord Records / Noiseworks Records / Bomber Music / Guerilla Asso)
  • 2019: Worn and Loved (CD, Vinyl & Digital; G Chord Records / Noiseworks Records / Guerilla Asso)

EP[änneren | Quelltext änneren]

  • 2014: Be Better Than Me (digital op Bandcamp)
  • 2016: Rocket To Rushmore (digital an als 3 Lidder Split 7" Vinyl Limitéiert op 333 Kopien; G Chord Records / Noiseworks Records)
  • 2017: Birthday Boys (digital op Bandcamp an iTunes an als 12" Vinyl; G Chord Records / Noiseworks Records)
  • 2018: Times Of War / Let's Make Love (digital op Bandcamp)

Singelen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2010: "This War Is Like a Drug to You!" (digital an als 7" Vinyl plus CD; G Chord Records)
  • 2012: Happy Yet?! (digital an als 7" Vinyl Limitéiert op 300 Kopien; G Chord Records / Noiseworks Records)
  • 2014: Be Better Than Me (digital op iTunes)
  • 2016: You Better (digital an als 7" Vinyl; G Chord Records / Noiseworks Records)

Gecovert Lidder[änneren | Quelltext änneren]

  • 2014: "Sunny Afternoon" (The Kinks Cover just op Facebook)
  • 2015: Pet Sematary (Ramones Cover just op YouTube.com)
  • 2015: Go Ahead And Cry (Sky Saxon & The Electra-Fires Cover just op YouTube.com)
  • 2017: Rosie Won't You Please Come Home (The Kinks Cover just op YouTube.com)

Kompilatiounen op deene Lidder vu Versus You drop sinn (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • 2008: Luxembourg's Finest Rock & Pop 2008
  • 2008: Luxembourg's Finest: A Selection by Rockhal Volume 1
  • 2008: Luxembourg's Finest: A Selection by Rockhal Volume 2
  • 2009: Taste Music: Rock Pop Made in Luxembourg
  • 2009: Ox-Compilation #95
  • 2010: This Is Fond of Life Records Vol.2
  • 2011: Action Culturelle: SACEM Luxembourg Volume 2
  • 2012: This Is Fond of Life Records Vol.3
  • 2013: 2014: The Best Is Yet to Come! New Alternative And Indie Sounds From Cargo Digital (digital bei iTunes)
  • 2015: It's a Bomber (digital bei iTunes)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Review vun This Is the Sinking op disagreement.net (gekuckt den 9. Juni 2015)
  2. 2,0 2,1 Presentatioun op longbeachrecords.de (gekuckt den 9. Juni 2015)
  3. Message op Twitter vum 29. Juni 2010 um 7:17
  4. 4,0 4,1 Den Atelier: Versus You “Moving On" Release Party (gekuckt den 9. Juni 2015)
  5. Message op Facebook vum 27. Januar 2013 um 09:33
  6. Message op Facebook vum 22 Januar 2014 um 18:20
  7. guerilla-asso.com
  8. Radio 100,7: Eurosonic Festival 2015 (16. Januar 2015)
  9. punkrockholiday.com: Line-Up (gekuckt den 9. Juni 2015)
  10. Facebook - Bandpage - About: Our songwriting is highly inspired by punk and alternative bands like The Replacements, Hüsker Dü, Jawbreaker and Crimpshrine and power pop and rock bands like Big Star, The Only Ones and The Kinks. We try to be honest and true to ourselves and everyone else and sometimes succeed and sometimes fail miserably. We're always broke because we put everything we got into this band. The name means absolutely nothing.