Noiseworks Records

Vu Wikipedia
Logo vun Noiseworks Records

Noiseworks Records ass e lëtzebuergesche Musekslabel deen 1989 zu Chemnitz gegrënnt gouf an 2004 an d'Stad Lëtzebuerg geplënnert war. 2011 huet et fir eng Zäit opgehale mat existéieren. Um Zäitpunkt vum Ophale gouf Noiseworks Records als "dienstälteste Plattenlabel Ostdeutschlands" beschriwwen.[1] Nieft villen däitsche Gruppen stounge bei Noiseworks Records och eng Rei lëtzebuergesch Bands ënner Vertrag (z. B. Metro).

2013 ass de Label vum Giordano Bruno, dem Bassist vun Versus You a fréiere CEO vum Label Winged Skull Records, erëm zeréck an d'Liewe geruff. Zu den éischte Placken um neie Label mat Sëtz zu Bartreng zielen den Album Ziel mir net däi Liewen vu Freshdax an d'EP Be Better Than Me vu Versus You.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. etmonline.wordpress.com: Noiseworks Records gibt auf (5. September 2011)