Pit Romersa

Vu Wikipedia
Pit Romersa
Gebuer 16. Juni 1986
Diddeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Museker

De Pit Romersa, gebuer de 15. Juni 1986 zu Diddeleng, ass e lëtzebuergeschen Drummer. Hien ass de Jong vum fréieren Héichsprénger Marc Romersa an d'Kandskand vum fréieren Turner Jos Romersa.

Tëscht 2002 an 2012 huet hie bei Eternal Tango a vun 2005 bis 2006 och bei Versus You gespillt. D'Batteriespillen huet hie sech selwer bäibruecht.

Vun der éisträichescher Musekszäitschrëft Backbeat gouf hien am Abrëll 2010 zum "Drummer des Monats" gewielt[1].

2009 huet hie mat den anere Membere vun Eternal Tango de Musekslabel Golden Fox gegrënnt.[2]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. “LIVE IT OR LEAVE IT”: Pit Romersa bittet zum Tango (1. Mäerz 2010)
  2. Golden Fox bei Rate Your Music