Chaild

Vu Wikipedia
Chaild
Gebuertsnumm Adriano Lopes da Silva
Pseudonym CHAiLD, Adrian
Gebuer 30. September 1998
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sänger

Chaild, meeschtens stiliséiert als CHAiLD, gebuer den 30. September 1998, als Adriano Lopes da Silva zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Elektropopsänger.[1]

Liewen a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Jugend a Studium[änneren | Quelltext änneren]

Den Adriano Lopes da Silva huet italieenesch a portugisesch Wuerzelen. Hien huet am Alter vu sechs Joer ugefaange Piano ze spillen. Nom Secondairesofschloss am Joer 2017 war hien zu Liverpool um Institute for Performing Arts,[2] méi spéit huet hien eng Formatioun a Konschtgeschicht an a Musekswëssenschaft zu Bréissel gemaach.[3],[1],[4]

Ufank als Adrian[änneren | Quelltext änneren]

Den Adriano Lopes da Silva huet seng Gesangskarriär als Adrian ugefaangen. Ënner deem Numm koum hien 2017 op déi zweet Plaz um Concours Rock the South.[5] Am Oktober war hien zesumme mat der Band Zero Point Five den Opener vun Austinn beim Release-Concert vun deenen hirer EP Appetite an der Escher Kulturfabrik.[6]

Am Summer 2018 huet hien dunn zwéi Präisser um Screaming Fields gewonnen: dee vun der SACEM Luxembourg fir déi bescht Kompositioun, an de Coup-de-Coeur-Präis, deen et him erlaabt huet am Rocklab vun der Rockhal säin Titel Chimney Sweeper professionel opzehuelen.[7],[8] Enn November ass dunn Chimney Sweeper als Single erauskomm. De Video dovu gouf op YouTube a Facebook iwwer 27.000-mol gekuckt.

D'Joer drop huet hien eng weider Single, Discontinuous, verëffentlecht. Fir déi huet hie mam Produzent Tom Gatti zesummegeschafft.[9] Wéi och fir seng éischt Single huet de Mattia Bellacittà e Videoclip fir d'Lidd gedréint.

Neien Numm a Sick Water[änneren | Quelltext änneren]

Kuerz drop huet den Adrian sech an Chaild ëmgenannt an zesumme mam Rapper Maz d'Lidd Sick Water erausbruecht. Déi zwéi ware siwe Joer laang zesummen am Lycée an hate scho virdrun d'Lidd Black Wolf geschriwwen, dat si bei der Diplomiwwerreechung vun hirer Schoul gesongen haten, mee ni verëffentlecht hunn. Sick Water huet den Chaild an engem Stage mat der Musekerin Claire Parsons geschriwwen. Eng éischt Versioun gouf vum Jim Scheck produzéiert, déi final Versioun du vum Tom Gatti. An engem Interview sot den Chaild, hien hätt d'Lidd an enger Period geschriwwen, an där hie rose mat der Welt gewiescht wier, nodeems hie säi Coming Out hat an et mat senger Karriär net weidergaangen ass.[10],[4] D'Lidd war en Erfolleg an ass reegelméisseg op lëtzebuergesche Radiossendere gelaf.[11],[12] Eleng op der Streamingplattform Spotify gouf d'Lidd bal 300.000-mol gelauschtert.

2019 war hien den Opener fir den australesche Sänger Dean Lewis am Atelier a fir den Italieener Mahmood an der Rockhal. Och op nationale Festivallen huet den Chaild gesongen; hien ass am Mee um Food for Your Senses an am November um Sonic Visions opgetrueden. Am selwechte Mount hat hie säin éischte Concert als Solokënschtler an de Stater Rotonden.[13],[14]

No e puer anere Singelen hat de Sänger mat Playround (2019) a Radio (2020) weidere Succès.

Ocean Boy[änneren | Quelltext änneren]

No engem Optrëtt um Hamburger Museksfestival Dockville am Summer 2021 huet hien Ocean Boy produzéiert.[15] An deem Popsong séngt hien dovun, wéi e probéiert fir sech unzepassen a sech doduerch selwer verléiert.[16] D'russesch-kanadesch Kënschtlerin Stacie Ant huet e Video fir d'Lidd produzéiert, mat dem Chaild sengem Avatar an anere Personnage an enger digitaler, iwwerperfekter a blénkeger Ästhetik.

Am Oktober haten den Chaild an de Rapper Maz en anere gemeinsame Concert an der Kulturfabrik, mam Maale Gars als Opener.[17]

2022 huet hie säin Image als "queere" Kënschtler weider ausgebaut.[18] Et si weider Singelen erauskomm: For Your Lovin ass eng Elektropopnummer, déi vum Max Hochmuth produzéiert gouf a fir déi den Isaiah Wilson de Museksvideo gedréint huet, Slow Down eng méi lues Nummer.[19]. Italo Daddy stoung op Plaz 49 vum Top 50 vun de gréissten Hits aus dem Joer 2022 vum Eldoradio[20]. D'Lidd erzielt d'Geschicht vun "zwéi queere Jongen, déi an engem ganz traditionellen Ëmfeld opwuessen, an deem et net gär gesinn ass wann ee sech stolz weist"[21]. Donieft war den Chaild och op der Single Taking Over Me vum lëtzebuergeschen DJ Nosi ze héieren, an hien ass am Juni um Festival Siren's Call opgetrueden.

Am Dezember war den Chaild an der Kategorie "Nowuesstalent" bei der éischter Editioun vun de Lëtzebuerger Musekspräisser nominéiert[22] an en huet de Refrain um Turnup Tun senger Single Camouflage gesongen. Et ass dat éischt Lidd, op deem den Chaild op Lëtzebuergesch séngt.[23],[24]

Éischt EP[änneren | Quelltext änneren]

De 15. Abrëll 2023 war de Releaseconcert an der Kulturfabrik vum Chaild senger éischter EP Urgent Care. D'Wierk gouf gutt an der Kritik opgeholl, sou krut et vun Eldoradio eng Bewäertung vun 9 op 10 mat der Beschreiwung:[25]

"Urgent Care" ass eng ganz perséinlech EP vum lëtzebuergesche Museker, déi een als Nolauschterer ganz déif am CHAiLD seng Emotioune blécke léisst.

Och aner Kriticken hunn d'Verletzlechkeet vum Sänger[26],[27] a seng stëmmlech Performance[28] positiv ervirgehuewen.

D'Lidder Hardcore a Close to You goufen als Single ausgekoppelt. Den 1. September 2023 hunn den Chaild an d'Sängerin Angel Cara hiren Duett Kiss Me While U Can virgestallt. Dat Dance-Pop-Lidd gouf vum Tun Tonnar produzéiert a vum Tom Gatti gemastert.[29]

Den 3. November 2023 verëffentlechen de Maz an den Chaild d'Lidd Night Call, dat si zesumme fir d'Lëtzebuerger Virentscheedung fir de Eurovision Song Contest 2024 agereecht hunn.[30] D'Lidd gouf schlussendlech net fir d'Virentscheedung zeréckbehalen, mä huet et trotzdeem op déi éischt Plaz vum Chartbreaker, de Radiocharts vum Eldoradio gepackt.[31] Eleng huet den Chaild et awer trotzdeem als ee vun nëmmen aacht Kënschtler a Gruppen et mam Titel Hold On an Prequalifikatioun gepackt. D'Lidd gouf vum schweedesche Produzententrio Jimmy Jansson, Thomas G:son a Peter Boström produzéiert[32], déi schonn eng ganz Rei Titele fir Kënschtler geschriwwen hunn, déi beim Eurovision Song Contest matgemaach hunn oder matmaache wollten.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

EP[änneren | Quelltext änneren]

  • 2023: Urgent Care

Singelen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2018: Chimney Sweeper
  • 2019: Discontinuous
  • 2019: Sick Water
  • 2019: Artificial
  • 2019: Forever
  • 2019: Playground
  • 2020: Radio
  • 2020: Above Water
  • 2020: Raindrops
  • 2020: Circles (Live)
  • 2021: Ocean Boy
  • 2022: For Your Lovin
  • 2022: Slow Down
  • 2022: Italo Daddy
  • 2022: Once I'm Gone
  • 2023: Hardcore
  • 2023: Close to You
  • 2023: Night Call (mam Maz)
  • 2024: Hold On

Singelen als Gaaschtsänger[änneren | Quelltext änneren]

  • 2022: Awyr / Himmel / Sky (Foxxglove feat. Minas, Chaild, Turnup Tun)
  • 2022: Taking Over Me (Nosi feat. Chaild)
  • 2022: Camouflage (Turnup Tun feat. Chaild)
  • 2023: Kiss Me While U Can (Angel Cara feat. Chaild)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 rtl.lu: De Museker CHAiLD vum Christiane Kremer (12. Oktober 2021)
  2. lessentiel.lu: «Des artistes qui ont les moyens de s'exporter», Interview mam Cédric Botzung (12. Mäerz 2020)
  3. boldmagazine.lu: Chaild : “Je vois le monde avec les yeux d’un enfant” vum Maurane Grandcolas (19. Juni 2019)
  4. 4,0 4,1 culture.lu: Chaild x Maz deux artistes, une amitié vum Godefroy Gordet (20 Januar 2021)
  5. info-lux.com: Sortie d’un premier clip d’une série de singles pour ADRIɅN (18. Januar 2019)
  6. lessentiel.lu: «On était à la recherche de cette "British touch"» (25. Oktober 2017)
  7. today.rtl.lu: Screaming Fields 2018 winners announced (15. Juli 2018)
  8. lequotidien.lu: Screaming Fields : les jeunes talents sur le devant de la scène vum (18. Juli 2018)
  9. today.rtl.lu: Adrian - Discontinuous (1. Februar 2019)
  10. CHAILD and MAZ team up with sensational results (26. Abrëll 2019)
  11. today.rtl.lu: Luxembourg singer-songwriter CHAiLD releases new song and video
  12. theater.lu: Concerts Chaild X Maz
  13. rotondes.lu: CHAILD presents Artificiality
  14. essentiallypop.com: CHAiLD Drops His Haunting New Single ‘Playground’ vum Emma Mages (14. Oktober 2019)
  15. abendblatt.de: Ein Hamburger Festivaltag fast ganz wie früher vum Tino Lange (12. August 2021)
  16. eldo.lu: CHAiLD- Ocean Boy (net datéiert)
  17. kulturfabrik.lu: Informatiounen iwwer de Concert
  18. rtl.lu: De Museker CHAiLD (5. Dezember 2021)
  19. eldo.lu: Nei Single vum CHAiLD (net datéiert)
  20. eldo.lu: Den Hit vum Joer 2022 (net datéiert)
  21. eldo.lu: CHAiLD - Italo Daddy (net datéiert)
  22. wort.lu: Die Shortlists der Lëtzebuerger Musekspräisser stehen fest (22. November 2022)
  23. eldo.lu: Turnup Tun feat. CHAiLD - Camouflage
  24. eldo.lu: "Camouflage": Kollaboratioun tëscht dem Turnup Tun an CHAiLD
  25. eldo.lu: Albumcheck CHAiLD - Urgent Care (17. Abrëll 2023)
  26. backseatmafia.com: News: CHAiLD Releases Heartfelt New EP ‘Urgent Care’ vum Simon Lucas-Hughes (2. Mee 2023)
  27. musiccrowns.org: Introducing Rising Pop Artist CHAiLD and His Latest EP “Urgent Care” vum Martha Blake (14. Abrëll 2023)
  28. cultr.com: CHAiLD Drops Moving EP, ‘Urgent Care’ vum Chad Downs (20. Abrëll 2023)
  29. eldo.lu: Angel Cara & CHAiLD "kiss me while u can" (30. August 2023)
  30. eldo.lu: Maz an Chaild mam Track "Night Call" fir den ESC 2024 (25. Oktober 2023)
  31. eldo.lu: Chartbreaker (gekuckt de 26. Januar 2024)
  32. thateurovisionsite.com. CHAiLD’s Luxembourg Song Contest 2024 entry “Hold On” released (9. Januar 2024)