Maale Gars

Vu Wikipedia
Maale Gars
Gebuertsnumm Thomas Roland
Gebuer 23. Januar 1996
Ettelbréck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sänger

De Maale Gars, gebuer als Thomas Roland,[1] ass e lëtzebuergesche Rapper a Sänger.

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Hie war dräi Joer laang de Sänger vun der Indierock-Band Epicure..[2]

Am Januar 2020 ass hien am Hip-Hop aktiv ginn. Säin Numm Maale Gars ass Slang fir "trauregen Typ". Seng Frënn hunn hie sou genannt wéi hien eng schlecht Period duerchlieft huet. Méi oder wéineger als Witz huet hien ugefaangen, ënner deem Numm Musek op Lëtzebuergesch ze produzéieren.[3] Dowéinst ware seng Texter ufanks och nach éischter melancholesch, an d'Musek eng Mëschung aus Elektropop an Trap Rap.[4]

Dat éischt Lidd, datt hie verëffentlecht huet, war Kee vu menge Bridder. Duerno sinn nach eng ganz Rei aner Lidder erauskomm, dorënner Ni verstaan, Schutzengel an Ëmmer fir dech do, fir déi de Jamal Wilson d'Beats gemaach huet.[5]

E gréissere Succès hat en am Summer 2020 mat Alles versicht, enger Kollaboratioun mam Turnup Tun, deen och déi meescht vum Maale Gars sengen anere Lidder mëscht a mastered.

Am Abrëll 2021 ass dem Maale Gars säin éischten Album Du weess mat siwe Lidder erauskomm, an am Juni d'Lidd Cogito ergo mal,[6] eng méi roueg Nummer, déi vum Mateus Wojda produzéiert gouf[7] a fir déi den Isaiah Wilson de Museksvideo gedréint huet.

Am August 2021 ass hien zesumme mam Kollektiv Stayfou um Käercher Schlass opgetrueden, an hie war zesumme mam Nicool Opener fir dem däitsche Rapper Majan säi Concert am Atelier. De Mount drop koum d'Lidd Illegal mam Rapper C.D.S. 13 El Niño eraus, deen hien iwwer den Turnup Tun getraff hat.[8] De Museksvideo dofir gouf zu Barcelona gedréint.

An den éischten zwee Joer vu senger Aktivitéit goufen dem Maale Gars seng Lidder eleng op Spotify iwwer 322.000 Mol gestreamt.

2022 huet de Maale Gars eng Rei weider Singele produzéiert, vun deene Rilatine 40mg an Du schléifs e Museksclip kruten. En zweeten Album mam Titel Guer Näischt koum den 18. Mäerz 2023 op de Maart.[9] Um Album waren ausser dem neien Extrait Fonken keng nei Lidder drop. All déier aner Lidder ware schonn am Virfeld als Single erauskomm.[10]

Privatliewen[änneren | Quelltext änneren]

De Thomas Roland schafft als Schoulmeeschter.[11]

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2021: Du weess
  • 2023: Guer näischt

Lidder (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • 2020: Kee vu menge Bridder
  • 2020: Ni verstan
  • 2020: Ëmmer fir dech do
  • 2020: Alles versicht (mam Turnup Tun)
  • 2020: Schutzengel
  • 2021: Moonrocks (mam Turnup Tun a Big T)
  • 2021: Cogito ergo mal
  • 2021: Lausbouf
  • 2022: Zevill gespillt
  • 2022: Looss mech net hänken
  • 2022: Rilatine 40mg
  • 2022: Du schléifs
  • 2022: Alles nei
  • 2022: 6 Joer
  • 2023: Berlin
  • 2023: Fonken

Als Gaaschtkënschtler[änneren | Quelltext änneren]

  • 2021: Accompagné (mam Spvce Jesvs & Peitrvs vum Plvto)
  • 2021: Illegal (mam C.D.S 13 El Niño)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. rtl.lu: Maale Gars am Interview (28. August 2021)
  2. RTL LX: Maale Gars (22. Juni 2021)
  3. 100komma7.lu: Album: Maale Gars - Du Wees (30. Abrëll 2021)
  4. Luxemburger Wort: De Maale Gars presentéiert säin Album "Du Weess" (net datéiert)
  5. De Maale Gars am Bambusbjörn Podcast, Epidos "5. Mat Lasagne op der Schmier an den Trancezoustand feat. Maale Gars" (29. September 2020)
  6. eldo.lu: Maale Gars - Cogito Ergo Mal (net datéiert)
  7. eldo.lu: De Maale Gars am Eldo Interview (net datéiert)
  8. lessentiel.lu: Un artiste luxembourgeois au parcours sinueux (2. September 2021)
  9. lequotidien.lu: Maale Gars donne de la voix vum Grégory Cimatti (2. Juni 2023)
  10. eldo.lu: Maale Gars - Guer Näischt (21. Mäerz 2023)
  11. eldo.lu: De Maale Gars presentéiert säin Album "Du Weess"