Nicool

Vu Wikipedia
Nicool
Gebuertsnumm Nicole Bausch
Gebuer ëm 1995
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Rapper, Psycholog

D'Nicole Bausch, besser bekannt als Nicool, gebuer ëm 1995[1], ass eng lëtzebuergesch Rapperin.[2]

Liewen a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Hire Groussmonni war de Sänger Fernand Koenig.[3] D'Nicool huet zu Bréissel studéiert.[4] No engem Concert vum amerikanesche Rapper R.A. the Rugged Man huet si entscheet, selwer Hip-Hop ze maachen.[5]

Am Juni 2019 huet si hiren éischten Album, Den Ufank vum N, um Plackelabel De Läbbel verëffentlecht. E gouf vum David Galassi vun De Läb produzéiert. D'Beater fir deen Album koume vum 8Cee, Corbi, Nick Sober a LaFleur. Schonn am Mäerz, respektiv am Mee, waren d'Singelen 130 Säiten a Faul a bequem erauskomm.

2020 koumen d'Lidder Stolz an 8002 6002 no. Dat éischt handelt iwwer Geschlechtergläichheet, dat zweet ass eng Kollaboratioun mam Dany Le Loup a promouvéiert d'Péitrusshaus, e Krisenzentrum fir Jugendlecher.[4] Am selwechte Joer war si och um Titel My Way vun Ananda Grows ze héieren.

Duerno huet d'Nicool mat De Sonndeg en Hommage un hir Grousselteren opgeholl.[3] D'Beater fir deen Track huet den MKO produzéiert. Am Juli 2023 koum d'Lidd Al eraus, fir dat de Corbi de Beat gemaach an de Basti Kameter e Video gedréint huet.[6] E puer Méint méi spéit, de 14. Oktober, war d'Releaseparty vun der Nicool hirer EP N vun der Welt an de Stater Rotonden.[7],[8]

D'Nicole Bausch schafft haaptberufflech als Kanner- a Jugendpsychologin.[4]

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2019: Den Ufank vum N

EP[änneren | Quelltext änneren]

  • 2023: N vun der Welt

Lidder[änneren | Quelltext änneren]

  • 2019: 130 Säiten
  • 2019: Faul an bequem
  • 2020: Stolz
  • 2020: 80026002 (feat. Dany Le Loup)
  • 2021: De Sonnden
  • 2022: Duerch de Reen (mam Jambal)
  • 2023: Wou ass d'Fra?
  • 2023: Al

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. „Nicool, wie schreibt man einen Song?“, um Spaweck
  2. tageblatt.lu: „Muussegen“ Hip-Hop: Rapperin Nicool präsentiert ihr erstes Album (6. Juni 2019)
  3. 3,0 3,1 eldo.lu: Nei Musek vum Nicool (2021)
  4. 4,0 4,1 4,2 365femalemcs.com: Portait (5. November 2020)
  5. 100komma7.lu: Beim Ufank vum N fänkt de Wee un vum Marc Clement (28. Mee 2019)
  6. Video op YouTube
  7. Valeria Wiwinius: "Nicool feiert nei EP am grousse Stil." rtl.lu, 12.10.2023.
  8. lequotidien.lu: Avec N vun der Welt, Nicool passe un cap vum Gréogry Cimatti (13. Oktober 2023)