Porn Queen

Vu Wikipedia
Porn Queen
Museksgenre Hard Rock
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2010
Memberen Lucas Ferraz (Gesank, Gittar)
Fred Barreto (Gittar, Hannergondgesank)
Dan Fastro (Bass)
Yves "Deville" Ditsch (Batterie)

Porn Queen ass eng lëtzebuergesch Rockband.

Bandgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

Porn Queen war schonn 2007 aktiv. Ufanks waren et just déi zwee Brasilianer Lucas Ferraz a Fred Barreto, déi zu Lëtzebuerg gewunnt hunn a schonn a Brasilien zesummen a Musekgruppe gespillt haten. D'Formatioun mam Numm Porn Queen gouf et vun 2010 un well an deem Joer de Lucas Ferraz d'Méiglechkeet krut, als Opener vum Gittarist Slash (fréiere Member vu Guns N' Roses) an der Rockhal opzetrieden. Hien huet doropshin de Fred an den Yves Deville kontaktéiert fir eng richteg Band ze grënnen, an den Yves Deville huet nach den Dan Fastro als Batteur virgeschloen.[1],[2] Déi véier Memberen koumen aus verschiddene musikalesche Richtunge (Blues, Funk, Heavy Metal, Rock) an hu mat Porn Queen Hard Rock gespillt.

Am Juni 2011 ware si d'Virband vun der Grupp Duff McKagan's Loaded zu Lille an am Juli hu si nach eng Kéier dem Slash säi Concert zu Paräis am Zénith viru 6.500 Leit opgemaach. Bei där Geleeënheet hu si och eng op 300 Exemplaire limitéiert Editioun vun der EP Devil's Way verkaaft.[3] Am September gouf déi dann och op iTunes disponibel.

Wärend den éischten dräi Méint vum Joer 2012 ass Porn Queen op Europatour mam Rockgittarist Richie Kotzen gaangen an huet do 16 Concerten an 12 Länner gespillt. Duerno hu si d'EP Acoustic Session verëffentlecht, sinn op weidere lëtzebuergeschen an europäesche Festivaller opgetrueden a kruten am Juni eng drëtt Kéier d'Méiglechkeet fir mam Slash ze spillen, dës Kéier erëm an der Rockhal. Doropshin huet de Slash si als Virband op zwéi Concerte vu senger Latäinamerikatour invitéiert, a sou hu si am November an ausverkaaften Halen zu Rio de Janeiro an zu Porto Alegre gespillt.

E Studioalbum mam selwechten Titel wéi d'Grupp gouf mam Charel Stolz opgeholl a koum am Abrëll 2014 eraus. D'Releaseparty war an der Rockhal.[4]

No 2015 huet d'Grupp eng laang Paus gemaach. 2017 hunn dräi Memberen – de Lucas Ferraz, den Dan Fastro an den Yves Ditsch – mat engem anere Gittarist d'Formatioun Dead Sinners gegrënnt.[5],[6]

Porn Quenn hat hire Comeback am Summer 2019 um Rock um Knuedler,[7] wou si och schonn 2011, 2013 an 2015 opgetruede waren. Duerno huet d'Grupp eng Rei Singele verëffentlecht: Mantra (2020) Stop Running Away a Nothing Left to Say (2021), a Future Past (2022).

Diskografie[änneren | Quelltext änneren]

EPen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2011: Devil's Way
  • 2012: Acoustic Session

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Artikel iwwer Porn Queen am Summer 2013 an der Zäitschrëft Désirs
  2. Porn Queen am Interiew bei wort.lu)
  3. rockmeeting.com: SLASH - Porn Queen Live Paris Le Zenith 12/07/2011 (17. Juli 2011)
  4. lessentiel.lu: «Nous voulons sonner en studio comme sur scène», Interview mam Cédric Botzung (10. Abrëll 2014)
  5. lequotidien.lu: Nouveau départ pour les Dead Sinners, ex-Porn Queen vum Grégory Cimatti (11. Mee 2017)
  6. wort.lu: Aus Porn Queen werden die Dead Sinners vum Tom Rüdell (29. Mäerz 2017)
  7. lessentiel.lu: Que faire ce week-end au Luxembourg? (11. Juli 2019)