Saul Hudson

Vu Wikipedia
Saul Hudson
Pseudonym Slash
Gebuer 23. Juli 1965
Hampstead
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich, USA
Educatioun Beverly Hills High School
Aktivitéit Museker, Gittarist, Museksproduzent
Member vun Guns N' Roses, Slash's Snakepit

De Saul Hudson alias Slash, gebuer den 23. Juli 1965 zu Stoke-on-Trent am Staffordshire, England, ass en englesche Gittarist. Hie war Lead Gittarist vun der Hardrock-Band Guns N' Roses an ass zur Zäit Gittarist bei Velvet Revolver.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Dem Saul seng Mamm war Designerin, déi Kleeder fir Stare wéi David Bowie, Iggy Pop, an Joni Mitchell entworf huet. Säi Papp Anthony, e Graphikdesigner, huet och Plackecoveren, ënner anerem fir den Neil Young, entworf.

1976 hu sech dem Slash seng Eltere gescheet an hien ass mat senger Mamm op Los Angeles geplënnert. De Slash ass deemools de ganzen Dag mat sengem BMX gefuer, an do läit warscheinlech och den Urspronk vu sengem Spëtznumm. Verschidde Quelle behaapten och datt e Frënd vu sengem Papp him den Numm Slash ginn huet.

Zesumme mam Steven Adler huet de Slash seng éischt Band "Road Crew" gegrënnt. De Steven hat eng E-Gittar, mä séier war de Slash besser. De Steven huet realiséiert datt e keng Chance op der Gittar hat an huet sech kuerzer Hand en Drumset kaaft. Hire Bassist, den Duff McKagan hu si iwwer en Artikel am "Recycler" fonnt. Kuerz drop huet sech d'Band awer opgeléist. Den Duff ass bei Guns N' Roses gaangen, déi aus den zwou lokale Bands LA Guns an Hollywood Rose entstane war. Membere waren Tracii Guns an Izzy Stradlin, de Rob Gardener war Percussionist an den Axl Rose Sänger. Dem Duff seng gutt Kontakter hunn der Band e puer Concerten abruecht.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Saul Hudson – Biller, Videoen oder Audiodateien