Bartleby Delicate

Vu Wikipedia

De Georges Goerens, gebuer an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Sänger a Museker. Zënter 2017 mécht hie Musek ënnert dem Kënschtlernumm Bartleby Delicate. Hien ass och de Sänger vun der Band Seed to Tree.[1]

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Virum Soloprojet Bartleby Delicate war de Georges Goerens scho vun 2009/2010 un als Sänger vun der Formatioun Seed to Tree zu Lëtzebuerg erfollegräich.

Bartleby Delicate huet 2017 als Pop-Rock- a Folk-Projet mat engleschen Texter ugefaangen. 2017 ass hien op enger Rei Museksfestivallen opgetrueden, dorënner um Food for Your Senses, um Sonic Visions an um Great Escape Festival am englesche Brighton.[2]

Am Abrëll 2018 koum seng éischt EP Whatever We Find Suitable to Compare eraus, mat A Little Less Home als Singleauskoppelung. Duerno ass hie mam däitschen Indie-Pop-Duo Bender & Schillinger zwee Wochen op Tour an Däitschland gaangen.[3] Bei der eenzeger Editioun vun de Luxembourg Music Awards, am Dezember 2018, gouf de Bartleby Delicate als beschten Nowuesskënschtler ausgezeechent.

Déi zweet EP Deadly Sadly Whatever koum 2021 op de Maart. Hei goufe Winter's Dark a Plastic Flowers ausgekoppelt.

Am Dezember 2022[4] huet de Bartleby Delicate eng nei Live-EP presentéiert, déi am Mäerz live an der Philharmonie opgeholl gouf.[5] Et war e Concert, deen ursprénglech hätt sollen am Mäerz 2020 stattfannen, mee dee wéinst der Pandemie ofgesot gouf.

Diskografie[änneren | Quelltext änneren]

EPen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2018: Whatever We Find Suitable to Compare
  • 2021: Deadly Sadly Whatever
  • 2022: To Pin Your Hopes on Someone​/​Something (Live aus der Philharmonie)

Singelen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2018: A Little Less Home
  • 2019: Beyond Good and Evil
  • 2019: Post Love Doubts
  • 2020: From Top to Toe
  • 2021: Winter's Dark
  • 2021: Plastic Flowers
  • 2022: Deadly Over You (Live aus der Philharmonie)
  • 2023: Blurry Night (mat Aloa Input)
  • 2023: Every Little Inch (mat Portmanteau)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. boldmagazine.lu: Georges Goerens, musicien philosophe vum Godefroy Gordet (28. mee 2019)
  2. Presentatioun op resonanzenfestival.de (2020)
  3. chronicle.lu: Bartleby Delicate to Launch First EP Release (24. Abrëll 2018)
  4. D'digital Versioun koum de 7. Dezember 2022 op Bandcamp eraus; d'Vinylplack koum am Januar 2023 op de Maart
  5. wort.lu: Neue Platte, neues Konzept: Bartleby Delicate in den Rotondes vum Nora Schloesser (26. Januar 2023)