Seed to Tree

Vu Wikipedia
Seed to Tree
D'Band 2017 an der Kulturfabrik
Museksgenre Indie-Pop, Indie-Folk
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2009 / 2010[1],[2]
Websäit www.seedtotree.com
Aktuell Memberen Georges Goerens (Gesank, akustesch Gittar)
Benjamin Heidrich (elektresch Gittar, Mandolinn, Hannergrond-gesank)
Michi Mentgen (Batterie)
Benjamin Renz (Bass, zënter 2013)
Fréier Memberen Jean-Marc Feltz (2013-18, Keyboard)

Seed to Tree ass eng lëtzebuergesch Indie-Pop an Indie-Folk-Band. Hir Texter sinn op Englesch.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Ufanksjoren (2009-2012)[änneren | Quelltext änneren]

D'Grupp hat hiren Ufank 2009, wéi de Georges Goerens an de Benjamin Heidrich ugefaangen hunn zesummen ze sangen a Gittar ze spillen. De musikalesche Projet ass awer eréischt Ufank 2010 richteg an d'Rulle komm wéi de Batteur Michi Mentgen derbäikomm ass. Eng Zäit laang ass och nach e Bassist derbäikomm, mä se hunn awer decidéiert, léiwer als Trio weiderzemaachen an eng méi akustesch Richtung anzeschloen.[3]

Si hunn den Numm Seed to Tree adoptéiert, en Hommage un d'Lidd Seed to a Tree aus dem Joer 1992 vun de Blind Melon.

2010 hate se hir éischt Optrëtter a Caféen an a Jugendzentren[4] a se hunn e lokale Bandconcours gewonnen, wou se déi bescht vun 12 Gruppe gi sinn.

2011 si se an der Stad op der Fête de la musique opgetrueden, am November 2012 an der Rockhal beim Sonic Visions Festival.

Am September 2012 ass hir éischt EP Seed to Tree erauskomm. D'Singleauskopplung Broken Down war 16 Woche laang am Chartbreaker vun Eldoradio vertrueden.[3] Am Ganzen hunn et véier vun de fënnef Lidder an d'Charts zu Lëtzebuerg gepackt.[5]

Nei Memberen a Concerten (2012-15)[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem d'Band 2013 duerch de Jean-Marc Feltz um Keyboard an de Benjamin Renz um Bass op fënnef Memberen erweidert gouf, si si op enger ganzer Rei lokale Festivallen opgetrueden, dorënner 2013 op der Haaptbün vum Rock-A-Field 2013.[6] D'Joer drop ware si d'Virband ënner anerem op dem Concert vun der irescher Band Kodaline am Atelier.[7]

2015 ass d'Grupp op Tour duerch d'Belsch an Norddäitschland gaangen. Si hunn e puer Concerten zu Berlin gespillt a sinn um Hamburger Reeperbahn Festival opgetrueden.

Éischten Album Wandering (2015)[änneren | Quelltext änneren]

D'Presentatioun vun der EP "Wandering" an der Rockhal (2015)

Seed to Tree hunn de 14. Mäerz 2015 virun ronn 700 Leit am Club vun der Rockhal hiren éischten Album Wandering presentéiert.[8] E gouf an de La Chapelle Studios an der Belsch opgeholl.[9] Fir d'Promotioun vum Wierk huet d'Grupp op hirer Facebooksäit 10 kuerz Videoe mat enger Dauer vun enger Minutt presentéiert, déi déi éischt Reaktioune vu lëtzebuergesche Perséinlechkeeten op jee ee vun der Lidder vum Album gewisen hunn.

D'Grupp hat e grousse Succès mat de Singelen Take My Hand an Until It Gets Better. Fir dat éischt gouf e Museksvideo gedréint, dat op YouTube bal 40.000 Mol gekuckt gouf. Dat zweet gouf eleng op Spotify iwwer annerhallef Millioun Mol gestreamt.[10]

Unconcerned (2017) a Proportions (2019)[änneren | Quelltext änneren]

An der Kulturfabrik huet d'Band am November 2017 hir EP Unconcerned presentéiert. D'Lidd mam selwechten Numm a och d'Lidd Mainly goufen als Single ausgekoppelt.[11] D'Lidder gi méi a Richtung "elektreschen Indie-Pop".[12]

Optrëtt op der Leidelenger Kiermes (2019)

Hiren zweeten Album, Proportions, ass dunn 2019 erauskomm. D'Releaseparty war am Mäerz an der Rockhal,[13] duerno si Seed to Tree op Concertstournée duerch Däitschland gaangen.[14] Den Album huet fënnef Singele produzéiert, vun deenen e Museksvideo fir I Wouldn't Mind a Within Me gedréint gouf.[15],[16] Den Extrait Appart gouf op Spotify bal fënnef Millioune Mol gestreamt.[10]

Weider Optrëtter an nei Lidder[änneren | Quelltext änneren]

Spéider hu Seed to Tree nach d'Lidder Car (2021) a Rip-Off Game (2022) erausbruecht, fir déi och Museksvideo produzéiert goufen. D'Band ass och als Virgrupp vun ënner anerem dem James Bay an der Rockhal, Tears for Fears an der Abtei Neimënster[17] a Snow Patrol am Atelier[18] opgetrueden. Donieft hu si och hir eege Concerte gespillt, a sinn op Festivallen opgetrueden, dorënner um Reeperbahn Festival 2019.[19]

De Sänger Georges Goerens huet an där Zäit och säi Solorojekt Bartleby Delicate weiderentwéckelt. [2]

2023 huet d'Grupp dräi Singelen erausbruecht, vun deenen A Little Life e Musekvideo krut, deen de Yann Gengler vun Tuys gedréint huet. Si kënnegen den Album mam selwechten Numm un, deen de 7. September op de Maart kënnt. Seed to Tree hunn och eng Rei Concerten am Oktober an November 2023 a sechs däitsche Stied annoncéiert, nom Albumreleaseconcert de 16. September am Atelier.[20]

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Studiosalbumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2015: Wandering
  • 2019: Proportions
  • 2023: A Little Life (ugekënnegt fir September 2023)

EPen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2012: Broken Down
  • 2017: Unconcerned

Singelen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2012: Broken Down
  • 2013: Pine Cone
  • 2015: Take My Hand
  • 2015: Future Friends
  • 2016: Until It Gets Better
  • 2017: Kulturfabrik
  • 2017: Mainly
  • 2018: I Wouldn't Mind
  • 2019: Within Me
  • 2019: Lack of Proportion
  • 2019: Integrity (You Don't Owe Nothing to Me)
  • 2019: Apart
  • 2021: Car
  • 2022: Rip-Off Game
  • 2023: Major Lydian
  • 2023: A Little Life
  • 2023: Overhyped

Fotoalbum[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Luxemburger Wort vum 15. September 2012: Qui sème le vent, récolte de tempo
  • Le Quotidien vum 4. Oktober 2012: Une graine qui commence à pousser

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Seed to Tree – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. lessentiel.lu: «Nous avons un peu le monopole du folk», Interview mam Cédric Botzung (27. September 2012)
  2. 2,0 2,1 boldmagazine.lu: Georges Goerens, musicien philosophe vum Godefroy Gordet (28. mee 2019)
  3. 3,0 3,1 Presentatioun op magazine-karma.fr (22. Abrëll 2013)
  4. Seed to Tree: Branching out with folk-pop music op wort.lu, 3. August 2012
  5. wortl.lu: Seed To Tree monte en gamme (13. Mäerz 2015)
  6. luxtimes.lu: Seed to Tree release single ahead of Rock-A-Field debut (6. Juni 2013)
  7. luxtiumes.lu: Kodaline "In a Perfect World" & in Luxembourg! (28. Mee 2014)
  8. wort.lu: Junger Folkrock mit Eleganz vum Marc Clément (15. Mäerz 2015, 15:49)
  9. wort.lu: Seed to Tree: Neues Album, neue Single, neuer Vertrag (9. Februar 2015)
  10. 10,0 10,1 Seed to Tree op Spotify (gekuckt den 1. Februar 2022)
  11. luxtimes.lu: Chat with Seed to Tree as they flourish with new EP release vum Sam Steen (29. Oktober 2017)
  12. lequotidien.lu: Seed to Tree : «Pop artisanale», Interview mam Pablo Chimienti (2. November 2017)
  13. lequtodien.lu: Seed to Tree présente son deuxième album à la Rockhal vum Pablo Chimienti (22. Mäerz 2019)
  14. rtl.lu: Luxembourg band teetering on the edge of going full on HUGE release sophomore record 'Proportions (20 Mäerz 2019)
  15. thepostie.de: Videopremiere: Seed To Tree zeigen in „I Wouldn’t Mind“ die Last eines Zeitungsboten vum Yannick Philippe (18. Oktober 2018)
  16. vacarm.net: Seed to Tree : nouveau clip « Within Me » (31. Januar 2019)
  17. rtl.lu: Seed To Tree open up for Tears for Fears (14. Juni 2019)
  18. Concertsinfo op aterlier.lu
  19. culture.lu: Nos artistes à l'étranger - Reeperbahn Festival (6. September 2019)
  20. Concertsfiche am Atelier