Pol Belardi
Pol Belardi | |
---|---|
Gebuer |
24. Abrëll 1989 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Jazzmuseker, Bassist, Kontrabassist, Vibraphonist, Pianist, Batteur, Perkussionist, Enseignant |
De Pol Belardi, gebuer de 24. Abrëll 1989 zu Esch/Uelzecht, ass e polyvalente lëtzebuergeschen Jazzmuseker, Bassist, Kontrabassist, Vibrafonist, Pianist, Batteur a Perkussionist. A senger Jugend huet hie Musek vu Videospiller transkribéiert an nei arrangéiert.
Studium
[änneren | Quelltext änneren]De Pol Belardi huet säi Secondaire am Lycée Hubert-Clément zu Esch/Uelzecht (2001-2005) an am Stater Kolléisch (2005-2008) gemaach.
Seng musikalesch Ausbildung heizuland krut hien um Escher Conservatoire (Solfège, Percussioun, Jazzpiano, Kammermusek, Schlogezei, Piano, Kontrabass, Harmonie) an um Stater Conservatoire (Jazzpiano, Jazz-Bass-Gittar). Seng universitär Ausbildung huet hie vun 2008-2011 um Conservatoire royal de Bruxelles (Jazzpiano, Jazz-Bass-Gittar) a vun 2011-2014 um Conservatorium van Amsterdam (Jazz-Bass-Gittar) absolvéiert. Zu Amsterdam huet hien 2014 säi Master of Music mat "cum laude" ofgeschloss.
Hien huet Formatiounen a Masterclassen bei enger Rei vu bekannte Museker suivéiert, ë. a.: Simone Rebello, Jean Geoffroy, Mike Mainieri, Andy Sheppard, Matthew Garrison, Reggie Washington, Kai Eckhardt,Vijay Iyer, Dominique diPiazza an Dick Oatts.
Enseignement
[änneren | Quelltext änneren]De Pol Belardi enseignéiert Bass-Gittar, Jazzpiano, Jazztheorie, Solfège, Percussioun a verschiddene Museksschoulen zu Lëtzebuerg (Déifferdenger, Iechternacher a Péitenger Museksschoulen) an am Lycée technique d'Esch-sur-Alzette.
Karriär
[änneren | Quelltext änneren]De Pol Belardi ass a follgende Länner opgetrueden (Stand 2018): Lëtzebuerg, Belsch, Frankräich, Däitschland, Holland, Slowakei, Polen, Italien, Portugal, Schwäiz, Griicheland, Zypern, Tierkei, Dänemark, USA, Kanada, China, Korea, Japan an Indien.
Hien animéiert véier Radiossendungen um soziokulturelle Radio 100,7, zesummen ë. a. mat dem lëtzebuergeschen Jazzmuseker Pit Dahm, Blue Note, Hidden Jazz Gems, Jazz Revisited an Jazz Unrevealed.
Banden
[änneren | Quelltext änneren]Leader
[änneren | Quelltext änneren]- Force: e moderne Jazzquartett/Quintett
- Urban Voyage: en 11-deelege Crossover-Mammutprojet mat Sëtz zu Amsterdam.
Member
[änneren | Quelltext änneren]- DillenDub: Co-Lead-Elektro-Groove-Jazz-Trio.
- klein. (Vibrafon, Synthesizer)
Sideman
[änneren | Quelltext änneren]- Pascal Schumacher (um Bass)
- MetroMara (DE) (um Bass)
- Little Known Facts (NL) (um Bass)
- Nelson Ogliastri: Birth and Death of a Star (um Vibraphon)
Präisser
[änneren | Quelltext änneren]- 2024 – Lëtzebuerger Musekspräis an der Kategorie „Jazz/World music“[1]
- 2014 – Laureat vun Keep an Eye “The Records” Amsterdam
- 2014 – Pol Belardi’s Urban Voyage: Präis vun der Stiftung zur Förderung junger Künstler in Mamer.
- 2013 – Criss Cross Europe (vun music:lx selektionéiert)
- 2012 - Rotary-Musekspräis Esch-Uelzecht (Promotioun Nr. 2)
- 2012 - XL-Jazz Brussels, mat The Unrevealed Society
- 2012 – Jong Jazztalent Gent, mat The Unrevealed Society
- 2012 – Kompositiounsconcours vum Orchestre national de jazz du Luxembourg (Seng Kompositioun Spring ass ënnert de Gewënner)
- 2012 – Prinses Christina Jazz Concours Amsterdam, mat dem Floris Kappeyne Trio
Diskographie
[änneren | Quelltext änneren]Als Bandleader / Co-Leader
[änneren | Quelltext änneren]- 2017 - Pol Belardi's Force, Creation/Evolution. Challenge Records
- 2016 - Pol Belardi's Urban Voyage. Unit Records
- 2014 - 4s, Delusions Of Grandeur. EMME Produzioni Musicali
- 2014 - dillendub
- 2013 - 4s, Force
- 2012 - theCARPS’, Gaia
Als Sideman
[änneren | Quelltext änneren]- 2014 - Charlotte, Inner Ghosts
- 2014 - Pascal Schumacher, Left Tokyo Right. Laborie Jazz
- 2014 - Nelson Ogliastri, Birth & Death of a Star
- 2014 - Little Known Facts, In Search of the New Temple
- 2014 - Metromara, Cycle EP. Hey!jazz
- 2013 - Charlotte, Daylight EP
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Pol Belardi – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (fr)Succès total pour la deuxième édition des Lëtzebuerger Musekspräisser. mcult.gouvernement.lu (20.12.2024). Gekuckt de(n) 21.12.2024.