Lëtzebuerger Theaterpräisser
D'Lëtzebuerger Theaterpräisser ass eng Serie vu véier Theaterpräisser déi 2021 zu Lëtzebuerg vum Kulturministère an d'Liewe geruff goufen an déi all zwee Joer vergi ginn. D'Kreatioun vun de Präisser geet op eng laangjäreg Fuerderung vum Theatersecteur zeréck, dee sech fir eng Opwäertung vun den Theaterberuffer duerch eng méi grouss ëffentlech Unerkennung asetzt[1].
Zënter 2025 ginn d'Lëtzebuerger Theaterpräisser net méi eenzel verginn, mä sinn an de Lëtzebuerger Bünepräisser integréiert[2].
Jury
[änneren | Quelltext änneren]2021
[änneren | Quelltext änneren]D'Jury vun der éischter Editioun vun den Theaterpräisser huet sech aus follgende Persounen zesummegesat, déi vum Kulturministère nominéiert goufen: Vesna Andonovic (Kritikerin), Nickel Bösenberg (Acteur), Josée Hansen (Kulturministère), Claude Mangen (President vun der Theater Federatioun) a Sarah Rock (Dramaturg). E gouf an enger gemeinsamer Zeremonie mam Lëtzebuerger Danzpräis de 17. September 2021 am Kapuzinertheater verdeelt.[3]
2023
[änneren | Quelltext änneren]Catherine Elsen (Presidentin vum Jury, Actrice, Laureatin vum Theaterpräis – Nowuesstalent 2021), Sascha Dahm (Dramaturg), Josée Hansen (Responsabel vun der Theatersektioun am Kulturministère), Claude Mangen (Direkter vum Mierscher Kulturhaus), Anina Valle Thiele (Theaterkritikerin am Luxemburger Wort).[4]
Kategorien
[änneren | Quelltext änneren]Nationalen Theaterpräis
[änneren | Quelltext änneren]Den nationalen Theaterpräis ass mat 10.000 Euro dotéiert.
| Joer | Laureat(en) | Bemierkung |
|---|---|---|
| 2021 | Frank Feitler | Dramaturg, Theaterregisseur an –direkter |
| 2023 | Marja-Leena Junker | Actrice, Regisseurin a fréier Direktesch vum Théâtre du Centaure |
Bescht Stéck
[änneren | Quelltext änneren]De Präis fir déi bescht Produktioun „Bescht Stéck“ ass en Éierepräis, deen net dotéiert ass.
| Joer | Laureat(en) | Bemierkung |
|---|---|---|
| 2023 | Stark Bollock Naked | Geschriwwen an ënnert der Regie vun der Larisa Faber, mat der Larisa Faber a Catherine Kontz (Produktioun: anonyma ASBL an neimënster). |
Op der Bün - Schauspill
[änneren | Quelltext änneren]Den Theaterpräis Op der Bün ass mat 4.500 Euro dotéiert.
| Joer | Laureat(en) | Bemierkung |
|---|---|---|
| 2021 | Marie Jung, François Camus | Schauspillerduo fir La Peste |
| 2023 | Schauspill: | Fir hir Roll als Émilie Blum an "Madame Köpenick" (vum Guy Helminger; Regie: Kay Wuschek; Produktioun: Kasemattentheater) |
| Text, Konzept a Regie: | Fir den Text vun "Madame Köpenick", opgefouert am Kasemattentheater a publizéiert vu Capybarabooks |
Hannert der Bün
[änneren | Quelltext änneren]Den Theaterpräis Hannert der Bün ass mat 4.500 Euro dotéiert.
| Joer | Laureat(en) | Bemierkung |
|---|---|---|
| 2021 | Anouk Schiltz | Zeenographin a Costumedesignerin |
| 2023 | Peggy Wurth | Fir d'Kostümer an d'Zeenografie vun "Zu unseren Schwestern, zu unseren Brüdern" vum Stéphane Ghislain Roussel (Produktioun: Théâtres de la Ville de Luxembourg, Staatstheater Saarbrücken, Queen Elisabeth Music Chapel an Opéra des Flandres) |
Nowuesstalent
[änneren | Quelltext änneren]Den Theaterpräis Nowuesstalent ass mat 3.500 Euro dotéiert.
| Joer | Laureat(en) | Bemierkung |
|---|---|---|
| 2021 | Catherine Elsen | Rollendesignerin an Actrice |
| 2023 | Timo Wagner | Fir seng Interpretatioun als Puck an "A Midsummer Night's Dream…" vum William Shakespeare, Regie: Myriam Muller (Produktioun: Théâtres de la Ville de Luxembourg) |
Fir d'Editioun 2023 kruten d'Laureaten och eng Halskette mat gëllenen Hänn déi klappen, déi vun der Lëtzebuerger Kënschtlerin an Designerin Anne-Marie Herckes entworf gouf.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Argumentaire vum Jury fir d'Laureate vun den éischte Lëtzebuerger Theaterpräisser 2021 op gouvernement.lu (18.09.2021), gekuckt den 28.09.2021
- Lëtzebuerger Theaterpräisser & Lëtzebuerger Danzpräis 2023 – Motivations des jurys op gouvernement.lu, gekuckt den 22.08.2025
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (fr) Remise des Lëtzebuerger Theaterpräisser et du Lëtzebuerger Danzpräis 2021. gouvernement.lu (18.09.2021). Gekuckt den 28.09.2021.
- ↑ (fr) Lëtzebuerger Bünepräisser: les shortlists publiées. gouvernement.lu (07.08.2025). Gekuckt den 22.08.2025.
- ↑ lequotidien.lu: Découvrez le palmarès des Lëtzebuerger Theaterpräisser et du Lëtzebuerger Danzpräis 2021 (19. September 2021)
- ↑ (fr) Remise des Lëtzebuerger Theaterpräisser et du Lëtzebuerger Danzpräis 2023. gouvernement.lu (23.09.2023). Gekuckt den 22.08.2025.