Lumi

Vu Wikipedia
Lumi
Museksgenre Indie-Pop
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2009
Trennung 2022
Websäit Facebook, Soundcloud
Memberen Christy (Gesang)
Edwin Aldin van Veen (Batterie & Hannergrondgesang)
Jussi Jaatinen (Gittar)
Antonio (Gittar)
Julius (Bass)

Lumi war eng lëtzebuergesch Museksgrupp, déi Indie-Pop gemaach huet. Si hat hire gréisste Succès ëm d'Joren 2010-2012.

Bandgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

Lumi gouf 2009 vu Schüler vun der Europaschoul gegrënnt.[1] Et goufen e puer Verännerungen an der Besetzung.

2010 an 2011 ass d'Grupp um Food for Your Senses opgetrueden, an donieft um Rock-A-Field (2010) an um Rock um Knuedler (2011). Si hat och en Optrëtt an der Fernseesendung Ben's Club.

Mam Lidd Cold Storms konnt sech Lumi 2010 an de lëtzebuergesche Radiocharts placéieren.[1],[2]

Am Januar 2012 hu Lumi hiren Album Cycles verëffentlecht, deen zesumme mam Charel Stoltz produzéiert a vum Kim Rosen zu New York gemastert gouf. Den éischten Extrait Curtains hat e gewësse Succès.[1]

2013 ass Lumi nach op der Fête de la musique an der Stad Lëtzebuerg opgetrueden.[3]

Duerno war et jorelaang roueg ginn ëm d'Grupp, well d'Memberen am Ausland studéiert oder aner Saache gemaach hunn. 2022 hu sech déi Memberen déi Rescht waren, den Edwin Aldin van Veen, de Jussi Jaatinen an d'Sängerin Christy, sech nees erëm getraff fir eng lescht Kéier neit Material opzehuelen. Am Dezember 2022 huet d'Grupp hir d'Single Everything Could Have Been verëffentlecht, fir déi och e Museksvideo gedréint gouf,[4] an domat gläichzäiteg hir Trennung annoncéiert[5],[6].

Bedeitung vum Numm[änneren | Quelltext änneren]

Lumi ass e Wuert dat verschidde Bedeitunge kann hunn:[7]

  • Op Finnesch heescht et Schnéi
  • Op Italieenesch heescht et Luuchten
  • Op Rumänesch heescht et Welt
  • Op Malteesesch heescht et Zitroun

Diskografie[änneren | Quelltext änneren]

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2012: Cycles

Singelen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2010: Cold Storm
  • 2011: Curtains
  • 2013: Run for the Forest
  • 2022: Everything Could Have Been

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 luxtimes.lu: Plugged-In: Interview with the guys from LUMI (23. Mee 2012)
  2. wort.lu: Plugged-In: LUMI comme lumineux (11. Mee 2012)
  3. wort.lu: „Ganz Luxemburg wird zu einer Bühne“ (10. Juni 2013)
  4. eldo.lu: Studio6: Barkissa - Replay (12. Januar 2023)
  5. aracityradio.com: Interview with Lumi (15. Februar 2022)
  6. audacy.com: Lescht LUMI-Single: Everything Could Have Been (Interview um Radio 100,7 mam Marc Clement)
  7. luxtimes.lu: LUMI lights-up Exit07 with album release (14. Mäerz 2012)