T the Boss

Vu Wikipedia
T the Boss
Gebuertsnumm Rafael Possing
Gebuer 1985
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Rapper

Den T the Boss, mat richtegem Numm Rafael Possing,[1] gebuer 1985 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Rapper.[2] Hie rappt op Lëtzebuergesch.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Den T the Boss ass am Garer Quartier an der Haaptstad opgewuess an hat säin éischte Kontakt mat der Hip-Hop-Zeen am Alter vun eelef Joer. Mat véierzéng Joer huet hien ugefaange selwer op Däitsch ze rappen, éier en dunn an d'Lëtzebuergescht gewiesselt ass. 2001 huet hien, deemools nach als King Teor, zesumme mam Jaylicious (haut den StA), seng éischt Demo-CD "Teorie" erausbruecht, éier 2003 säin éischte Soloalbum "Reloaded" erauskomm ass.

2004 huet den Tze4 Kontakt mat him opgeholl, a kuerz drop hu si mam Iron-E d'Grupp KDM gegrënnt. Mat de Mixtapen "TNT", déi hie mam Tze4 ënner sengem aktuellen Numm opgeholl huet, an "Unreleased Tracks 2005-2007", enger Kollaboratioun mam C-ART a mam Toby, konnt den T the Boss sech séier als Rapper zu Lëtzebuerg etabléieren.

2009 huet hie mat anere Rapper ënner dem Numm Foundation d'EP "Unser Stolz/Notre fierté" erausbruecht, déi et gepackt huet sech ronn dausendmol ze verkafen. De Videoclip vun der lëtzebuergesch-, däitsch- a franséischsproocheger Single mam selwechten Numm konnt sech véier Woche laang op der éischter Plaz vun der RTL-Sendung "Planet Hits" halen.[3]

Duerno huet den T the Boss bis 2011 reegelméisseg nei Lidder op YouTube verëffentlecht, wéi zum Beispill "Écrire pour exister" mam Rebel, éier 2011 den Album "Rap Homies & Famill" an d'Singele "Facebook Generatioun" a "Keen haelt mech op" erauskomm sinn. "Keen haelt mech op" ass ënner anerem vum DLS remixt ginn. Am selwechte Joer ass hie beim Concert vum franséische Rapper Soprano an der Rockhal virun 3.500 Leit opgetrueden.[4] Am Mee 2012 ass hien um Food For Your Senses Festival opgetrueden[5] an huet e Live-Battle géint de Kriz Banger (och als C.M.P. bekannt) op Eldoradio gewonnen.

Enn 2012 huet hien zesumme mam StA de Kollaboratiounsalbum "Teorie 2012" erausbruecht.

Den 28. Februar 2014 war d'Releaseparty vu sengem Album T3000 an der Rockhal. Am selwechte Mount goufen zwéi Museksvideoen op YouTube gestallt: Zäit vun eisem Liewen, wat och als Single op iTunes verëffentlecht gouf, a Mir sinn hinnen egal, wat e Sample vum Lidd They Don't Care About Us vum Michael Jackson benotzt. De Release vum Album Ëmmer nach ech war den 12. Mäerz 2016 am Atelier.

De Video fir d'Lidd Keng Zäit aus dem Album De Papp (2019) gouf eleng op YouTube iwwer véierzegdausendmol ugekuckt.

Am Oktober 2020 huet den T the Boss säin Album Yo erausbruecht, aus deem d'Lidd Vu Méindes bis Sonndes ausgekoppelt gouf. Am Summer 2021 war hien um Lidd Adrenalin vum LeDé Milestone ze héieren.

2015 war den T the Boss vir e puer Joer Proprietär a Kach vum Restaurant Bei de Bouwen am Pafendall.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Albumen a Mixtapen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2003: Reloaded (als King Teor)
  • 2005: KDM Records presents: TNT Mixtape (mam Tze4)
  • 2007: Unreleased Tracks 2005-2007 (mam C-ART an dem Toby)
  • 2009: Unser Stolz / Notre Fierté EP (als Member vu Foundation)
  • 2010: Best of Mixtape - HipHop 4 Life (Mixtape)
  • 2011: Rap Homies & Famill
  • 2012: F*** You, I'm T (Mixtape mam DJ Dee)
  • 2012: Teorie 2012
  • 2014: T3000
  • 2016: Ëmmer nach ech
  • 2019: De Papp
  • 2020: Yo

EPen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2001: Teorie (Demo; als King Teor zesumme mam Jaylicious)
  • 2002: Gentle!?! (als King T zesumme mam Envy an dem Jaylicious)

Singelen[6][änneren | Quelltext änneren]

  • 2010: Hamilius (Soundtrack zum Film "Hamilius - Hiphop culture in Luxembourg")
  • 2010: Écrire pour exister (mam Rebel)
  • 2010 haass an den aen
  • 2011: Facebook Generatioun (mam Rebel)
  • 2011: Keen haelt mech op
  • 2012: 52
  • 2012: Teorie 2012 (mam StA)
  • 2014: Zäit vun eisem Liewen
  • 2014: An denger Géigend
  • 2016: E bësse Léift
  • 2018: Kämpf
  • 2019: Näischt ass onméiglech
  • 2019: Keng Zäit
  • 2019: D'Rou virum Stuerm
  • 2019: D'Welt brennt
  • 2020: Vu Méindes bis Sonndes
  • 2020: Löwenherz (mam Invictus Rebel, Fox 352 & Pralaprl)
  • 2022: haass an den aen (official videoclip) TEMA PRINCIPAL DE LA SERIE CAPITANI

Als Gaaschtrapper (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • 2005: DJ Clash Mixtape
  • 2006: Alpha vu SEB
  • 2007: Dirty E Mixtape - Dirty Attitude Vol. 1
  • 2008: Dirty E Mixtape - Dirty Attitude Vol. 2
  • 2008: Wildnis um Album Aus dem Bauch raus EP vun Toby & StA
  • 2008: Mein Underground Mixtape vu Slim EK
  • 2012: Rapshit a Rapshit um Album The Kid vun StA
  • 2013: Y'en a marre um Album Frère de son vum LeDé
  • 2015: Milestone Airlines um Album Changement de Dé'cor vum LeDé Milestone
  • 2016: Wat mir man um Album Alles beim Alen, Alen vu Freshdax
  • 2017: Business um Album Na$ty vum Nasty Nade
  • 2018: Bo$$ um Album Still Na$ty vum Nasty Nade
  • 2019: Den Troun ass besaat um Album Geniuz vum Hayda
  • 2020: Legendär um Album AMG vum Nasty Nade

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Rafael Possing (T-theBoss) (gekuckt den 18. Juni 2012)
  2. foundationlu.de: Presentatioun vum T the Boss (gekuckt den 18. Juni 2012)
  3. foodforyoursenses.eu: Presentatioun vum T the Boss (gekuckt den 18. Juni 2012)
  4. L'essentiel: "Ce qui compte, c'est la musique, pas le succès"(22. November 2011; gekuckt den 18. Juni 2012)
  5. Programm vum FFYS Festival 2012 (gekuckt den 18. Juni 2012)
  6. Offiziell Singelen, déi een zum Beispill op iTunes konnt eroflueden