Alain Mertens
Den Alain Mertens, gebuer den 11. Juli 1984, ass e Liddermécher vun Diddeleng.
Biographie[änneren | Quelltext änneren]
Mat der Schülerband Aching Mind sammelt hien Enn der 1990er Jore seng éischt Bünenerfarungen. 2003, no der Opléisung vum Grupp schreift hie Solo-Lidder a mécht bei Gruppe wéi Manali, Pandora, We are S.A.M. an Angela P mat.
2009 gesäit een hien dann op der 5. Plaz an der Finall bei Wanns de eppes kanns! vun RTL Lëtzebuerg an am Virprogramm vun der Anastacia an der Rockhal.
2011 bréngt hien d'Single Lëtzebuerg eraus, déi sech bis op d'éischt Plaz an den Itunes Alternative Charts zu Lëtzebuerg konnt placéieren.
Discographie[änneren | Quelltext änneren]
Singelen[änneren | Quelltext änneren]
- Blame it on me (come on over) (2006)
- Who are you? (2007)
- Rosa Hühott (2009)
- Right on time (in the wrong place) (2010)
- Lëtzebuerg (2011)
- Interpretatiounsdifferenz (2011)
- Bleiw wéi's de bass (2011)
CDen[änneren | Quelltext änneren]
- Expressiounskrich (2006)
- The Progress (2007)
- Vun der Long op d'Zong (2008)
- Wanns de eppes kanns EP (2009)
- Alain M. (2010)
- Ech si rëm do (2011)