The Gambling Badgers
Ausgesinn
The Gambling Badgers | |
---|---|
D'Gambling Badgers beim Rock um Knuedler 2012 | |
Museksgenre | Pop-Rock, Alternative Rock |
Land | Lëtzebuerg |
Grënnung | 2010 |
Trennung | 2014 |
Websäit | |
Memberen |
Dennis Nnganyadi (Gesank) Tom Fielitz (Gittar) Christian Melmer (Rhythmusgittar) David Pena (Bassgittar) Patrick "Paddy" Mergen (Batterie) |
The Gambling Badgers war eng lëtzebuergesch Alternative Rock a Pop-Rock-Band.
Bandgeschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Grupp gouf am September 2010 gegrënnt. Éier se hiren aktuellen Numm ugeholl huet, hu si The Gamblers geheescht.[1]
2011 hunn d'Gambling Badgers mam Lidd Dance déi éischt Editioun vum Brand Your Band Contest an domat e professionelle Marketing gewonnen.[2]
De Video zum Lidd ass mam Regisseur Pol Winandy um Scheierhaff bei Kanech gedréint ginn.[3]
2012 si se beim Food For Your Senses a beim Rock um Knuedler opgetrueden.
Am Januar 2014 huet et d'Radiosingle Business as Usual an d'Top 10 vum Eldoradio Chartbreaker gepackt.[4] Am selwechte Mount huet d'Band an engem Facebookpost annoncéiert, dat se sech géif trennen.
Diskografie
[änneren | Quelltext änneren]Album
[änneren | Quelltext änneren]- 2013: Kings
Singelen
[änneren | Quelltext änneren]- 2011: Dance
- 2013: Kings
- 2013: Business as Usual
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Offiziell Presenz op: Facebook, SoundCloud, Twitter, ReverbNation, MySpace a Youtube
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ wort.lu: And the winner is... (9. Mee 2011; gekuckt den 28. Dezember 2012)
- ↑ Télécran 05/2012, S. 125
- ↑ pwinandy.blogspot.com (16. August 2011; gekuckt den 29. Dezember 2012)
- ↑ Message op Facebook den 12. Januar um 10:39