Brand Your Band

Vu Wikipedia
D'Logo vum Concours

Brand Your Band war e lëtzebuergesche Museksconcours fir lokal Gruppen, deen 2011 vum Tom Winandy a vum Patrick Floener gegrënnt gouf.

Dat englescht Verb "to brand" heescht engem Produkt e Markennumm verpassen oder eppes zu enger Mark opbauen. Am Concours goung et dorëmmer, enger Grupp zu enger gewësse Bekanntheet zu Lëtzebuerg ze hëllefen an hir eng Markenidentitéit ze verpassen.

Concours[änneren | Quelltext änneren]

De Concours gouf vun der Brand your Band a.s.b.l. organiséiert an ënner anerem vum Service national de la jeunesse an der Œuvre nationale de secours grande-duchesse Charlotte gesponsort.[1] All Amateurband, där hir Memberen zu Lëtzebuerg wunnen an tëscht 13 an 30 Joer al sinn, konnt wärend enger bestëmmter Period e Lidd op der Websäit vum Contest erareechen.[2] D'Qualitéit vum agereechte Lidd huet dobäi nach net mussen optimal sinn.[3] Eng Jury huet duerno dat bescht Lidd gewielt an d'Band e Marketing-Package gewonnen, deen aus der Produktioun vun engem Museksvideo, enger professioneller Studioopnam mat Mixage a Mastering, enger graphescher Identitéit (Logo, Flyer, Poster, Cover...), engem Fotoshooting an Ënnerstetzung bei der Promotioun (Interviewen, etc.) besteet.[4]

Éischt Editioun 2011[änneren | Quelltext änneren]

Bei der éischter Editioun 2011 huet d'Jury, déi aus dem Tom Winandy an dem Patrick Floener bestanen huet, d'Gambling Badgers mam Lidd Dance aus 32 Areechungen zum Gewënner gewielt.[5]

Am August ass nieft dem Museksclip zur Single och e fofzéng Minutte laange Making-Of-Video iwwer den Dréi verëffentlecht ginn.

Zweet Editioun 2012[änneren | Quelltext änneren]

2012 hunn 42 Gruppe matgemaach, vun deenen der véier als potentiel Gewënner zeréckbehale goufen: The Northern Lights mat Preacher Man, Lawyers Guns 'n' Money mat Take It Easy Mr Cab Driver, Theft Sound mat Fine Chick a Slim Suzie mat Knock the Head Off Its Crown.[6] Nodeem d'Jury all Grupp perséinlech getraff hat, hu schlussendlech Lawyers Guns 'n' Money déi zweet Editioun vum Brand Your Band Contest gewonnen. Als Single gouf d'Lidd Name the Game verëffentlecht. Am Hiescht vum selwechte Joer ass op YouTube d'Reality-Show RISE a sechs Episode vun ongeféier 15 Minutten erauskomm, an där d'Band wärend e puer Méint vu Kamerae begleet gouf.

D'Show RISE
Episode vu RISE:
Episod Titel Längt (min)
1 Éischte Schrëtt 18:32
2 De Problem 15:50
3 Den Neien 15:50
4 Staark Virwërf 19:22
5 De Schock 16:50
6 Nächste Schrëtt 13:50

Drëtt Editioun 2013[änneren | Quelltext änneren]

Tëscht dem 6. an dem 22. Mee 2013 konnte sech Gruppe fir déi drëtt Editioun vum Kontest umellen. De 25. Mee sinn d'Gewënner bekannt gemaach ginn, d'Five Cent Cones vu Weiler zum Tuer. Am July hu si hiert Lidd Dreamer opgeholl.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Beneficiairen 2011 vun der Œuvre nationale de secours grande-duchesse Charlotte
  2. rtl.lu: Brand your Band bréngt är Band grouss eraus (16. März 2011; gekuckt den 29. Dezember 2012)
  3. Fuze Interview mam Patrick, Tom & Pol vu Brand Your Band op blip.tv (gekuckt den 29. Dezember 2012)
  4. blog.sae.edu: Projekt “Brand your Band” (9. Mee 2011; gekuckt den 28. Dezember 2012)
  5. wort.lu: And the winner is... (9. Mee 2011; gekuckt den 28. Dezember 2012)
  6. fuze.lu: Lawyers Guns ‘n’ Money win Brand Your Band (15. Mäerz 2012; gekuckt den 29. Dezember 2012)