Lucy spillt um Späicher mam Däiwel

Vu Wikipedia
Lucy spillt um Späicher mam Däiwel
Museksgenre Pop-Rock (Beatles-Coveren)
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2010[1]
Trennung 2015
Websäit Facebook
Memberen Daniel Terrao ("John", Gesank, Rythmusgittar)
Régis Rolando-Eugio ("Paul", Gesank, Bass)
Benjamin Renz ("George", Leadgittar, Gesank)
Laurent Fuchs ("Ringo", Batterie)[2]
Jean Marc Heinen (Batterie)[3]

Lucy spillt um Späicher mam Däiwel (heiansdo als L.S.D. ofgekierzt) war eng lëtzebuergesch Coverband, déi Lidder vun de Beatles op Lëtzebuergesch gesongen huet.

Bandgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Grupp gouf 2010 gegrënnt. All hir Lidder ware Lidder vun de Beatles, deenen hir Texter si op Lëtzebuergesch iwwersat hunn: aus Please, Please Me ass Wann ech gelift bied mech un ginn; A Hard Day's Night ass En haarden Dag; a Lucy in the Sky With Diamonds heescht Lucy spillt um Späicher mam Däiwel.[1]

L.S.D. waren ënner anerem op der Fête de la musique zu Gréiwemaacher (2013) an zu Diddeleng (2014), um Food for Your Senses (2013) an um Water-Art Festival (2012) opgetrueden.

No 2015 huet een näischt neies méi vun der Grupp héieren.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 revue.lu: Luxemburger Welle vum Hubert Morang (13. November 2012)
  2. YouTube (Memberen an der Beschreiwung vum Video; 14. Abrëll 2013)
  3. YouTube (Memberen an der Beschreiwung vum Video; 27. Mäerz 2011)