Schëppe Siwen

Vu Wikipedia
Schëppe Siwen
Schëppe Siwen am Melusina (2016)
Museksgenre Folkpunk, Celticpunk
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2009
Websäit www.scheppesiwen.com/news
Aktuell Memberen Jean-Marc "Jojo" Wagner (Violin, Gesang) (säit 2009)
Lio Becker (Gittar, Gesang) (säit 2009)
Philippe Schiltz (Batterie) (säit 2022)
Isa Chaussy (Akkordeon) (säit 2012)
Pier Kuffer (Trompett) (säit 2014)
Marc Kremer (Trompett) (säit 2014)
Titi Thiry (säit 2015)
Werner Trausmuth (Bass) (säit 2015)
Fréier Memberen

Misch Lauff (Bass) (2011-15)

Chris Wagner (Batterie) (2009-22)

Schëppe Siwen ass eng lëtzebuergesch Museksgrupp, déi keltesche Folk-Rock op Lëtzebuergesch spillt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Schëppe Siwen um Zeltik 2016 zu Diddeleng

Ufankszäit[änneren | Quelltext änneren]

D'Grupp gouf am Dezember 2009 gegrënnt, wéi déi dräi Museker Jojo Wagner, Lio Becker a Chris Wagner sech zesummegedoen hunn, fir dem Batteur Chris säi Gebuertsdag am Café Vis-à-Vis an der Stad Lëtzebuerg ze feieren. Bei där Geleeënheet op St.Patrick's Day hu s'e Museksprogramm opgestallt, dee s'an deem Café gespillt hunn. Zënterhier spille si all Joer de 17. Mäerz hiren traditionelle Concert do[1],[2].

D'Joer drop krute si Zouwuess, mam Misch Lauff um Bass an der Isa Chaussy um Akkordeon.

"Schëppe Siwen" (2012)[änneren | Quelltext änneren]

Am November 2012 ass hiren éischte Studio-Album Schëppe Siwen erauskomm. Am Dezember hu si am Exit07 am Kader vum RIFF Festival mat R.I.C. (Roots Intention Crew) an der Band La Fanfare en Pétard zesumme gespillt[3]. Des Weideren hu si dat Joer och den Télévie ënnerstëtzt an déi Ënnerstëtzung déi Joren drop bäibehalen.

2013 hu si d'Initiativ géint d'Ënnerdréckung vu Fraen ënnerstëtzt, mat engem Concert am Sang & Klang Pafendall, no der Virféierung vum faméisen Theaterstéck The Vagina Monologues[4].

E Concert am Kader vum Walk, Taste, Enjoy 2013 op der Musel[5] huet d'Band mat der Distillerie Diedenacker zesummebruecht. Doraus ass eng Zesummenaarbecht entstanen an déi gemeinsam "Drëppe Siwen" koum op de Maart, en Dännebeemcheslikör. Am Summer hu si da fir d'éischt um Food for Your Senses gespillt.

2014 ass d'Grupp schliisslech op siwe Memberen ugewuess. Fir d'Äishockey-Weltmeeschterschaft 2014 zu Lëtzebuerg huet d'Grupp hiert bis dato eenzegt englesch-sproochegt Lidd erausbruecht mam Titel Fight[1]. Dëst Lidd hu si dann och fir d'Erëffnung vun der Weltmeeschterschaft um Äis op der Kockelscheier selwer presentéiert.

Am Kader vum Beefort on Stage huet Schëppe Siwen 2015 zesumme mat der däitscher Kultband City, dem Serge Tonnar & Legotrip souwéi dem Rapper Tommek op der Beeforter Schlittschongpist e grousse Concertsowend gespillt. Am selwechte Joer huet de Misch Lauff aus perséinleche Grënn an der Band opgehalen an de Werner Trausmuth seng Plaz um Bass iwwerholl.

Hir Concerten op der Schueberfouer beim "Blanne Jhang" bleiwe villen och a gudder Erënnerung, beim leschte Concert ass déi massiv Bün souguer futtigefuer.

Sprëtztour (2016) a Wat bleift (2019)[änneren | Quelltext änneren]

Am Januar 2016 koum hiren zweete Studio-Album Sprëtztour eraus. Dësen Album gouf mat engem Concert am Melusina gefeiert, bei deem siwe Bands a méi wéi 40 Museker opgetruede sinn[6]. Den Album gouf an de Linster Studios zu Fréiseng agespillt[7],[8].

Si si gär gesi Gäscht um Zeltik, op deem si 2014, 2016, 2019, 2020 an 2021 opgetruede sinn, wéi och beim Live Café Festival zu Waasserbëlleg/Mäertert. Si sinn och e puermol um E-Lake festival opgetrueden.

Mëtt 2016 huet d'Grupp op d'Ufro vum Kulturministère dräi Concerten zu Belgium am Wisconsin gespillt, fir déi drëssegt Editioun vum "Luxembourg Fest"[9].

Den drëtten Album Wat bleift koum 2019 op de Maart, duerno 2021 de Live-Album Live op der Schmelz.

Stil[änneren | Quelltext änneren]

Schëppe Siwen 2017 am Club Melusina

D'Musek vu Schëppe Siwen ass am Folkrock situéiert, mä bei de meeschte Stécker fléisse ganz ënnerschiddlech Museksstiler mat eran. Ënner anerem Elementer aus dem Punk, Ska, Balkan-Jazz, a Walz, souwéi och traditionell folkloristesch Kläng, déi mat Trompetten nach ënnerstrach ginn[1]. D'Texter baséiere sech zum Deel op eegen Interpretatioune vu literaresche Wierker (Nana oder Steppewollef) oder op Geschichten aus dem Alldag (Fraleit, Party an der Stad, Zatz) an thematiséieren dobäi och gesellschaftlech Problemer (de fräie Fall, Skrupellosegkeet, mäi Lëtzebuerg). Hir Musek ass charakteriséiert duerch e séieren Tempo an einfach Melodien. Texter an déi meescht Melodië sinn hausgemaach an ausser dem Titel Fight alleguer op Lëtzebuergesch geschriwwen.

Diskografie[änneren | Quelltext änneren]

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2012: Schëppe Siwen
  • 2016: Sprëtztour
  • 2019: Wat bleift
  • 2021: Live op der Schmelz

Singelen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • 2014: Fight
  • 2015: De verluerene Summer
  • 2016: Sprëtztour
  • 2019: Wat bleift
  • 2020: Looss alles zeréck
  • 2022: Hief deng Fauscht
  • 2022: 5 vir 7

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Morang, Hubert: Nur noch kurz die Welt retten: die Luxemburger Folk-Rock-Band "Schëppe Siwen" an der Revue Nr. 43 vum 22.10.2012, S. 38-40

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Cimatty, Grégory: C'est la folie des grandeurs! dans Le Quotidien du 28 janvier 2016 p.34
  2. Morang, Hubert: Nur noch kurz die Welt retten: die Luxemburger Folk-Rock-Band "Schëppe Siwen" an der Revue Nr. 43 vum 22.10.2012, S. 38-40
  3. Video vum Oprëtt op Youtube (27. Abrëll 2013)
  4. luxtimes.lu: Wort's on - Weekend events (16. Mäerz 2013)
  5. Programm vum Walk, Taste, Enjoy 2013
  6. lessentiel.lu: «Die Leute sollen mal richtig die Sau rauslassen» vum Sophia Schülke (18. Januar 2016)
  7. Archive copy Gearchiveerd op 2017-03-13. Gekuckt de(n) 2017-03-10.
  8. http://www.mywort.lu/clausen/directory-cafesandbars/51934626.html?referrer=ic_municipality_centre
  9. delano.lu: Thirty candles for Lux. celebration in US (24. August 2016)