Keltesch Musek

Vu Wikipedia

Keltesch Musek ass e Begrëff dee vu Museker, Museksfirmen, Musekgeschäfter an Zäitschrëfte gebraucht gëtt fir Musekgenren ze kategoriséieren déi aus de Folkmusektraditioune vun de Kelten a Westeuropa entstane sinn .

De Begrëff "keltesch Musek" gëtt haut virun allem fir traditionell oder dovun ofgeleete Musek aus Irland a Schottland gebraucht, well aus deene Géigende vill Gruppe kommen, déi d'keltesch Musek international populär gemaach hunn, z. B. Dubliners, Clannad, The Chieftains, Tannahill Weavers, asw. Allerdéngs ass keltesch Musek net op déi zwee Länner beschränkt, mä et kommen och aus anere Länner a Géigende Gruppen oder Eenzelmuseker, déi keltesch Musek spillen, z. B. Spuenien (Galicien, Asturien), Frankräich (Bretagne) a Portugal.

Keltesch Musek kënnt awer och aus Géigenden, wou fréier keng Kelte gelieft hunn, mä wou d'Musek vu Leit déi aus keltesche Géigenden dohin immigréiert sinn, importéiert gouf, a wou déi traditionell Musek lieweg gehale gouf. Dat ass de Fall z. B. a verschiddene Géigende vun den USA a Kanada.

Typesch Instrumenter, déi fir keltesch Musek gebraucht ginn, sinn Duddelsak, Gei, verschidden Zorte Flütten, Harf a Bodhrán-Tromm.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]