Bordun Musek zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia

Bordun Instrumenter[änneren | Quelltext änneren]

Zu de sougenannte "Bordun" Instrumenter gehéieren als wichtegst Vertrieder d'Dréileier, déi och op Lëtzebuergesch Dullemajik genannt gëtt, an den Duddelsak. Déi zwee Instrumenter sinn och am lëtzebuergesche Folklore déif verwuerzelt a goufe bis zum Ufank vum 20. Joerhonnert nach op Kiermessen an anere folkloristeschen Evenementer gespillt. De Guy Schons huet d'Geschicht vun der Dullemajik zu Lëtzebuerg a sengem Buch "Feuertanz und Firlefanz" dokumentéiert. Den Duddelsak gouf och zu Lëtzebuerg gespillt. Bei der Maclotte, engem folkloristesche Bauerendanz, goufen typesch Melodien um Duddelsak gespillt.

Et fënnt een an den Archiver vill Biller, oder Kofferstéch, déi Duddelsakspiller weisen. An de Soen an, an de Geschichte liest een, mol hei mol do, iwwer e "Sackpfeifenspieler", sou zum Beispill an der Mär vum "Heupfeifer von Schönfels" aus der Mierscher Géigend. Béid Instrumenter sinn awer am Ufank vum 20. Joerhonnert aus der musikalescher Traditioun zu Lëtzebuerg verschwonnen.

Zu Lëtzebuerg gouf et kee wierklech eegenen Typ vun Duddelsak. Gréisstendeels kann ee soen datt Lëtzebuerg an d'Belsch de selwechten Duddelsak haten. Et ass eng Mëschung vun enger däitscher Schéiferpäif an engem franséische Béchonet, deen haut als "Breughel" Duddelsak bekannt ass. Deen Duddelsak gëtt an der Belsch erëm méi gebaut, wou et och eng laang Duddelsaktraditioun gëtt, déi och Lëtzebuerg a seng fréier Provënze wéi Arel, Marche oder Durbuy betrëfft.

Bordun Musek haut[änneren | Quelltext änneren]

Haut gëtt et zu Lëtzebuerg e puer Gruppen déi probéieren déi al Bordun Instrumenter erëm populär ze maachen an och am Gebrauch hunn. Déi éischt Gruppe ware wuel Dullemajik vum Guy Schons an déi lëtzebuergesch Folkband "Vun tuuten a bloosen", zu deenen och de Pit Vinandy eng Zäit gehéiert huet. Haut sinn et virun allem d'Grupp D'Lompekréimer déi déi al traditionell Lëtzebuerger Stécker a Bauerendänz mat Duddelsak an Dréileier arrangéieren an och selwer vill Stécker komponéieren. Den Oliver Kayser an de Pit Vinandy déi dës Grupp gegrënnt hunn, spillen och de Breughel-Duddelsak. D'Grupp Clanrock huet och den Duddelsak am Repertoire, a spillt vill al Lëtzebuerger Lidder. Zu där Grupp gehéieren och déi zwéi vun de Lompekréimer.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Schons, Guy, 2004, Feuertanz und Firlefanz: Luxemburger Fest- und Alltagskultur in Mittelalter und früher Neuzeit, Imprimerie Centrale, Lëtzebuerg, 380 S.