Dullemajik (Instrument)

Vu Wikipedia
Dullemajik
Eng Dréileier
Klassifikatioun Chordophon
Sträichinstrument
Klangbeispill Toundokument Klang ? / i
Änlech Instrumenter Leier
Museker
Guy Schons

Dullemajik ass e vereelzte lëtzebuergeschen Numm fir eng Dréileier oder Radleier, e Musekinstrument.

Funktioun[änneren | Quelltext änneren]

Et ass e Sträichinstrument, bei deem e puer Säiten zur selwechter Zäit vun engem hëlzene Rad gestrach ginn, dat am Korpus agebaut ass, an dat duerch eng Kierp gedréint gëtt. D'Form vum Korpus ka ganz verschidde sinn.

Déi schwéngend Längt vun enger oder e puer Melodiesäite gëtt mechanisch iwwer Taste verkierzt, fir d'Tounhéicht ze veränneren.

Meeschtens kléngen eng oder e puer Bordunsäiten op konstanter Tounhéicht mat. D'Dréileier gëtt dofir grad wéi den Duddelsak zu de Borduninstrumenter gezielt. Fir rhythmesch Schnarrlauten ze spillen gëtt heefeg e Schnarrsteg benotzt.

Déi a Muséen erhale böhmesch Instrumenter hu keng Bordunsäiten, déi traditionell Instrumenter aus Galicien (Nordwestspuenien) hu kee Schnarrsteg.

D'Dullemajik gëtt ënner anerem an der traditioneller Musek, der Aler Musek, an der Folk-Musek, am Jazz, am Industrial, an der Rockmusek an an der Neier Musek benotzt.

Den Numm[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm Dréileier kënnt aus dem mëttelhéichdäitsche lire, dem alhéichdäitsche lira.

Den Numm Dullemajik kënnt warscheinlech vun de Begrëffer Duddelsak a Lantermajik.[1] Well d'Laterna-Magica-Virféierunge bis an d'19. Joerhonnert heefeg vun der Dréileier oder Dréiuergel begleet waren, goufen d'Begrëffer Lantermajik an Dullemajik souwuel op d'Dréileier wéi och op d'Dréiuergel iwwerdroen.

D'Luxemburger Wörterbuch ernimmt d'Wuert Dullemajhik (Betounung op der leschter Silb!) eréischt am Band V Nachträge und Berichtigungen vun 1977.

Eng Folk-Grupp ëm de Guy Schons nennt sech Dullemajik.

An anere Sproochen[änneren | Quelltext änneren]

  • (fr) la vielle (à roue)
  • (en) hurdy gurdy
  • (it) lira tedesca

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Marianne Bröcker: Die Drehleier. 2. Auflage. Verlag für systematische Musikwissenschaft, Bonn - Bad Godesberg 1977 (Dissertatioun vun 1973)
  • Riccardo Delfino, Matthias Loibner: Drehleier spielen. 2. Auflage. Verlag der Spielleute, Reichelsheim, 2006
  • Philippe Destrem, Volker Heidemann: Die Drehleier, Feinabstimmung und Wartung. 2. Auflage. Verlag der Spielleute, Reichelsheim, 1993
  • John Ralyea: Shepherd's Delight. Guide to the repertoire for hurdy-gurdy, musette, organized hurdy-gurdy, wheel-fiddle, nyckelharpa and tromba marina. Hurdy-gurdy Press, Chicago, 1980 (englesch)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Drehleier – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Guy Schons, 2011: Mat Schong an Huesen an den Himmel kommen, S. 182