Medley Jukebox

Vu Wikipedia
Medley Jukebox
Museksgenre Rock
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2005
Trennung 2011
Websäit MySpace
Memberen José Dos Santos (Gittar, Chouergesank)
Andrea Fiorucci (Gittar, Chouergesank)
Hugo Jaeger (Batterie)
Steve Birtz (Gesank, vun 2006 un)
Tom Goedert (Keyboard)
Guido Zanchi (Bass)
Phillip Hoffman (Bass)

Medley Jukebox war eng lëtzebuergesch Rockband.

Bandgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Grupp ass aus der Band Myein ervirgaang, déi sech am Summer 2004 opgeléist huet. Ouni Sänger hunn den Andrea Fiorucci, de José Dos Santos an den Hugo Jaeger 2005 Medley Jukebox gegrënnt an am selwechte Joer mam Charel Stolz den instrumentalen Album Tinki Winki Was a Pornstar erausbruecht.[1]

2006 ass de Sänger Steve Birtz derbäikomm, mat deem den zweeten Album Francis 4 Coppola opgeholl gouf. En ass 2007 an Däitschland erauskomm. Zu Lëtzebuerg hat den Album seng Releaseparty den 11. Mee 2008 zu Tënten um Food for Your Senses, éier d'Grupp Concerten an der Groussregioun gespillt huet. Duerno sinn de Bassist Guido Zanchi an de Keyboarder Tom Goedert an d'Band komm.[1]

De 14. Mee 2010 huet Medley Jukebox de Release vum Konzeptalbum The Art of Letting Go am Melusina gefeiert.[1],[2] Am Summer 2010 huet d'Band um Netrock-Festival deelgeholl, dee vun der Brasserie Diekirch a vun der Rockhal organiséiert gouf. Si hu 15 Minutte live iwwer Internet gespillt an de Jurypräis gewonnen a kruten d'Méiglechkeet, eng EP mat véier Lidder gratis am Studio vun der Rockhal opzehuelen.[3]

De 17. Juni 2011 ass déi EP mam Titel Doll Orchestra erauskomm. D'Grupp huet se op hire Concerte verdeelt an se gratis zum Eroflueden op de Site Bandcamp gestallt. Fir d'Singleauskopplung Cannonball huet de Regisseur Max Hochmuth e Museksvideo mat der Band gedréint.

Hire leschte Concert hunn d'Membere vu Medley Jukebox den 12. November 2011 um Mess for Masses gespillt éier sech d'Grupp sech getrennt huet.[4]

Diskografie[änneren | Quelltext änneren]

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2005: Tinki Winki Was a Pornstar
  • 2007: Francis 4 Coppola
  • 2010: The Art of Letting Go

EPen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2011: Doll Orchestra

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Infoblaat iwwer Medley Jukebox Gearchiveerd op 2016-07-03. Gekuckt de(n) 2014-02-14.
  2. lequotidien.lu: «On a modernisé le mythe d'Orphée!» (12. August 2010)
  3. lesstentiel.lu: Netrock, le tout premier festival live sur Internet (29. Juli 2010)
  4. medleyjukebox.mysite.lu