Hunneg-Strëpp
Hunneg-Strëpp ass eng Brassband vu Lëtzebuerg, déi am Joer 2017 gegrënnt gouf[1]. Si ass bekannt fir hir energeetesch Live-Showen, sou wéi fir hir eklektesch Interpretatioune vu Lidder aus verschiddene Genren. Den Numm „Hunneg-Strëpp“ entspréngt aus engem Wuertspill, dat déi 2 Wierder Hunnegdrëpp a Strëpp (e klenge Bléisersensemble) matenee verbënnt.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]2017 gouf d'Formatioun vun enger Grupp vu Kolleege gegrënnt, déi och schonn an engem anere Museksveräin zesumme gespillt hunn, der Harmonie Klengbetten.[2] Hiren éischten Optrëtt hat d'Hunneg-Strëpp am Kader vum ING Marathon. Doropshin huet d'Band éischter kleng akustesch Concerten duerch ganz Lëtzebuerg gespillt. Iwwert d'Joren hu si hir Concerten zu verstäerkte Showen entwéckelt a sinn ënner anerem op der Fête de la musique, dem Food for Your Senses an dem e-Lake opgetrueden, grad esou wéi a bekannte Lëtzebuerger Concertshaiser wéi am Atelier, an der Luxexpo the Box, an der Kulturfabrik an an der Rockhal. Bis Enn 2024 hu si wäit iwwer 100 Optrëtter an hirem Palmarès.[3]
Genre a musikalesch Aflëss
[änneren | Quelltext änneren]Der Hunneg-Strëpp hiert Markenzeeche sinn hir Coveren, also Reinterpretatioune vu bekannte Lidder, an deene si déi verschiddenste Museksrichtunge matenee kombinéieren. Dës genre-iwwergräifend Approche erlaabt et dem Grupp, e breede Publikum unzespriechen, andeems si hir Wuerzelen aus der klassescher Blosmusek mat Hip-Hop, modernem Pop, Rock an elektronescher Musek kombinéieren. Hir Aflëss gi vun anere bekannte Brassbanden wéi Meute, Querbeat oder de Fäaschtbänkler bis zu internationale Banden an DJen.
Memberen
[änneren | Quelltext änneren]D'Band besteet haut aus 8 Memberen:[Source?][4]
- Mike Donven: Saxophon Tenor
- Svenja Jacoby: Trompett
- Paul Kugener: Tuba/Helikon
- Tom Karier: Batterie
- Ben Lucas: Trombonn
- Max Lucas: Trompett, Gesang
- Pit Lucas: Saxophon Alto & Saxophon Baryton
- Davina Schol: Querflütt & Percussion
Kollaboratioune
[änneren | Quelltext änneren]D'Hunneg-Strëpp ass virun allem eng Live-Band. Op de soziale Medien fënnt een allerdéngs eng Rei Live-Videoen[5].
D'Band schaaft reegelméisseg mat bekannte Lëtzebuerger Museker zesummen. Duerch hir Concertsserie „Hunneg-Strëpp & Friends“, wou si zesumme mat Lëtzebuerger Artisten optrieden, hu si och gecovert Lëtzebuerger Lidder an hirem Set. Déi éischt Editioun vun dëser Serie war 2019 am Kader vum 125. Anniversaire vun der Harmonie Klengbetten. Déi 2. Editioun, a gläichzäiteg hiren 100. Concert war am am Mäerz 2024 an der ausverkaafter Escher Kulturfabrik.[2]
Artisten, mat deene si schonn zesummen gespillt, a mat deene si reegelméisseg optrieden, sinn: Mutiny on the Bounty, De Läb, Maz, Versus You, Serge Tonnar, Seed to Tree, Jérôme Klein, Schëppe Siwen, No Metal in this Battle, The Disliked, Georges Sadeler, Pol Belardi, Claire Parsons a Victor Kraus.
Auszeechnungen
[änneren | Quelltext änneren]2024 goufe si mam Lëtzebuerger Musekspräis, dee vum Kulturministère organiséiert gëtt, an der Kategorie „Fräizäitmusek“ ausgezeechent.[6]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Abschnitt „About“ vun der offizieller Websäit
- ↑ 2,0 2,1 (de)„Bei uns sind auch Keyboard und Gitarre willkommen“: Harmonie Kleinbettingen feiert 125. Jubiläum. Gekuckt de(n) 20.11.2024.
- ↑ (de)Konzert / Blasmusik in ihrer coolsten Form: „Hunneg-Strëpp“ spielt am Freitag in der Escher Kufa. Gekuckt de(n) 20.11.2024.
- ↑ Dossier-de-presse-HS_2023.pdf. Google Docs. Gekuckt de(n) 20.11.2024.
- ↑ Hunneg-Stëpp op youtube
- ↑ (fr)Succès total pour la deuxième édition des Lëtzebuerger Musekspräisser. mcult.gouvernement.lu (20.12.2024). Gekuckt de(n) 21.12.2024.