Trombonn

Vu Wikipedia
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Trombonn ass e Blechblosinstrument aus dem mëttlere bis déiwe Regëster, dat wéinst senger gréisstendeels zylindrescher Buerung zu den Trompetteninstrumenter zielt. De Virreider vun der Trombonn war am 15. Joerhonnert d'Saqueboute, e Blosinstrument mat enger Coulisse, awer mat engem méi klenge Pavillon wéi déi modern Trombonnen. Den Numm Saqueboute ass aus de Verben saquer = drécken a bouter = zéien entstanen. Wéinst der Klangfaarf, déi der mënschlecher Stëmm gläicht, goufen déi fréi Trombonnen haaptsächlech dofir agesat fir Chéier ze verstäerken.

No an no huet sech d'Roll vun der Trombonn geännert a si huet hir fest Plaz an den Orchestere fonnt. Als Soloinstrument war d'Trombonn bei den Komponisten beléift well et dat eenzegt Blechblosinstrument war mat deem een eng komplett chromatesch Gamme spille konnt. Mat der Erfindung vun de Ventilblechblosinstrumenter huet d'Trombonn leider u Wichtegkeet an der Musekswelt verluer an et war eréischt 1940 wéi Trombonn duerch d'Ballade pour Trombone vum Schwäizer Komponist Frank Martin nees als Soloinstrument entdeckt gouf.

Trombonn[änneren | Quelltext änneren]

Eng Saqueboute, eng fréi Form vun der Trombonn

Ënner enger Trombonn versteet een normalerweis eng Trombonn mat Coulisse (däitsch: Zugposaune), am Géigesaz zur Trombonn mat Ventiller (däitsch: Ventilposaune). Si besteet aus engem S-fërmege Rouer, op deen op deem engen Enn d'Mondstéck agesat gëtt, an dee sech um aneren Enn, zum Triichter, erweidert.

Den Toun entsteet doduerch, datt de Trombonnist seng Lëpsen am Mondstéck zum Vibréiere bréngt.

Duerch déi Vibratiounen entstinn an der Trombonn Loftwellen, déi d'Loftsail an der Trombonn un d'Vibréiere bréngt. Déi Vibratioune gi vum Triichter verstäerkt.

Op enger Trombonn si 7 Positiounen op der Coulisse méiglech déi et erlabe chromatesch Gammen ze spillen. Wat een d'Coulisse méi eraus zitt (also d'Gesamtlängt vum Rouer méi laang mécht), wat den Toun méi déif gëtt. Nieft dem Grondtoun op enger Positioun kann een duerch iwwerblosen (d'Lëpse vibréieren méi séier) och nach déi eenzel Harmonien op der Trombonn spillen.

Der Trombonn ass et als eenzegt Blechblosinstrument méiglech, e richtege Glissando ze spillen, dat heescht, vun enger Tounhéicht zur anerer ze "rëtschen".

Stëmmlagen[änneren | Quelltext änneren]

Haut gi meeschtens Tenor- a Basstrombonne gespillt, allerdéngs gëtt et d'Trombonn och an aneren, méi rare Stëmmlagen, vu Piccolo bis Kontrabass, gebaut.

Déi verbreetste Bauform ass d'Tenortrombonn an Ut mat engem Rouerduerchmiesser vun ongeféier 12,2 bis 13,89 mm. Dat Instrument ass vum déiwe Mi erop chromatesch spillbar. Des Weidere kann ee geüübte Spiller och déi verschidde Pedalltéin spillen, déi vum Sib bis op de Mi erofginn. Déi iewescht Limitt ass normalerweis de Contre-Fa (de sechsgestréchelte Fa am Fa-schlëssel)

Dacks ass op der Tenortrombonn eng Quartventil agebaut wat d'Trombonn, wann een déi Quartventil dréckt, a Fa stëmmt. Dëst Ventil erlaabt et dem Spiller méi déif Téin op senger Trombonn ze spillen (vum déiwe Mi-b bis den déiwen Do ënner de Linnen am Fa-schlëssel). Des Weideren ass d'Quartventil och e beléift Mëttel fir technesch schwéier Passage méi liicht spillen ze kënnen (d'Nouten op der 6. a 7. Positioun kënne mat der Quartventil gedréckt op der 1. an 2. Positioun gespillt ginn).

D'Partiture fir d'Tenortrombonn sinn normalerweis am Fa-Schlëssel (Bassschlëssel) oder am Ut-Schlëssel (Tenorschlëssel) notéiert.

Basstrombonn[änneren | Quelltext änneren]

Déi modern Basstrombonn ass eng Weiderentwécklung vun der Tenortrombonn. Se ass d'selwecht gestëmmt wéi d'Tenortrombonn, allerdéngs ass de Rouerduerchmiesser méi grouss (ongeféier 14,3 bis 14,89 mm) an den Triichter ass méi grouss. Duerch déi Verännerungen ass d'Basstrombonn am déiwe Regëster méi grouss am Toun, mä an héijer Lag méi matt.

Op der Basstrombonn ass normalerweis eng Quartventil agebaut mä op professionelle Basstrombonnen gëtt nach eng zweet Ventil agebaut (Quintventil), wat et erlaabt den déiwe Si ënner de Linnen am Fa-Schlëssel ze spillen. Sou ass d'Basstrombonn am déiwe Regëster voll chromatesch spillbar. Wann een déi zwou Ventiller mateneen dréckt, kann een op der éischter Positioun en déiwe Re spillen. Sou huet den Trombonnist nach weider Méiglechkeeten, technesch schwéier Passage méi einfach ze spillen.

A modernen Orchesteren ersetzt d'Basstrombonn haut déi an der Renaissance bis an d'19. Joerhonnert gebräichlech Basstrombonnen a Fa.

D'Partiture fir d'Basstrombonn sinn am Fa-Schlëssel notéiert.

Alttrombonn[änneren | Quelltext änneren]

D'Alttrombonn ass haut méi rar wéi Tenor- a Basstrombonnen. Si ass normalerweis a Mi-b gestëmmt an ënnerscheet sech duerch méi e klengen Triichter a méi kuerze Rouer vun der Tenortrombonn. De Rouerduerchmiesser ass normalerweis bei 12,2 mm.

D'Partiture fir d'Alttrombonn sinn am Ut-Schlëssel a méi rar am Sol-Schlëssel (Sopranschlëssel) notéiert.

Sopran- a Piccoloposaune[änneren | Quelltext änneren]

Sopran- a Piccoloposaune ginn haut nëmme ganz rar agesat an dat meeschtens fir Showzwecker wéi bei de bekannten Optrëtter vum Blechbléiserensemble Germanbrass.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Trombonn – Biller, Videoen oder Audiodateien