Mutiny on the Bounty (Museksgrupp)

Vu Wikipedia
Mutiny on the Bounty
MOTB bei der Prouf an der Kulturfabrik (2012)
Museksgenre Math Rock, Indie Rock, Post-Hardcore
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2004[1]
Websäit www.motb.net
Aktuell Memberen Nicolas "Pzey" Przeor (Gittar, Chouergesank)
Sacha "Falcon" Schmitz (Batterie, Gesank)
Clement "Clem" Delporte (Gittar) (zanter 2011)
Cedric "Tchiggy" Czaika (Bass, Chouergesank) (zanter 2011)
Fréier Memberen David Moreira (Gesank) (bis 2007)
Luciano "Topolino" Lippis (Gittar) (bis 2011)
Claudio "Pi" Pianini (Bass, Chouergesank) (2007-11)
Logo vun der Band

Mutiny on the Bounty (heiandso als MOTB ofgekierzt) ass eng lëtzebuergesch Rockband vun Esch-Uelzecht.

Bandgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

Mutiny on the Bounty gouf am Abrëll 2004 vum Nicolas Przeor a vum Sascha Schmitz gegrënnt.[2],[3] D'Memberen hunn zanterhir e puermol gewiesselt. 2005 huet MOTB mat der Grupp Treasure Chest at the End of the Rainbow e Splitalbum erausbruecht. D'Membere vun deemools waren de Sacha Schmitz vun Treasure Chest, de Luciano Lippis vu Ganesha, den David Moreira vun Eternal Tango an den Nicolas Przeor.[4] 2007 huet de Moreira d'Grupp verlooss an de Bassist Claudio Pianini ass derbäikomm.[5] Am August 2011 goufen de Claudio Pianini an de Gittarist Luciano Lippis vum Cedric Czaika a Clement Delporte ersat.

2009 huet MOTB en éischte Soloalbum mam Titel Danger Mouth erausbruecht.

2011 war d'Grupp am Govinda van Maele sengem Documentaire We Might as Well Fail ze gesinn.

Der Grupp hiren zweeten Album Trials (2012) gouf vum bekannten amerikanesche Produzent Matt Bayles produzéiert, deem si e Link mat e puer vun hire Lidder geschéckt haten an deen d'Band duerno no engem vun hire Concerten zu Austin an Texas, getraff hat. D'Opname fir den Album goufen am Bayles sengem Studio zu Seattle gemaach an hunn e Mount gedauert.[6] D'Produktion huet d'Band ënner anerem mat Crowdfunding iwwer de Site pledgemusic.com finanzéiert.[7] Dem Album seng Release-Party war de 4. Mee 2012 am Atelier, wou MOTB vu Mount Stealth an Heartbeat Parade ënnerstëtzt goufen. Am Abrëll war schonn d'Single Artifacts an e Museksvideo dofir verëffentlecht ginn. Och fir d'Lidd Myanmar gouf am Februar 2013 e Musekclip public gemaach.

Duerno huet MOTB a ganz Europa Concerte gespillt. Zu Lëtzebuerg si si ënner anerem um Rock-A-Field (2009, 2012 an 2015), um Rock um Knuedler (2007, 2009, 2013 an 2015) an um Food for Your Senses (2008 an 2012) opgetrueden.

Ufank 2014 as e Museksvideo fir d'Lidd Mapping the Universe verëffentlecht ginn.

Den drëtte Studiosalbum ass mam Produzent Jan Kerscher an de Ghost City Recording Studios an der Géigend vun Nürnberg opgehol ginn. Gemixt gouf dat Ganzt vum Ross Robinson. Déi éischt Single vum neien Album Digital Tropics heescht MKL JKSN a gouf zesumme mam Museksvideo den 2. Mäerz 2015 vum Visions-Magazin an Däitschland a vu 7BitArcade an England verëffentlecht. Telekinesis déi zweet Single vum neien Album gouf den 3. Abrëll exklusiv iwwer d'Websäit vum Clash Magazine verëffentlecht. D'Release Show vum drëtten Album war de 17. Abrëll 2015 an der Kufa zu Esch-Uelzecht. Den Album selwer koum dee selwechten Dag op CD an den 22. Mee 2015 op Plack bei Redfield Records (DE) an Deaf Rock Records (FR) eraus. A Groussbritannien gouf Digital Tropics de 26. Mee 2015 gläichzäiteg op CD a Plack iwwer hiren neie Musekslabel Small Pond Records (UK) verëffentlecht.

Den Museksvideo fir déi drëtt Single dance Automaton dance gouf de 17. Juni 2015 op YouTube verëffentlecht.

De 17. Juli 2015, gouf den Album Digital Tropics iwwer de Plackelabel Friend of Mine Records a Japan verëffentlecht. Déi japanesch Versioun vum Album ass een Digisleeve mat neiem Design, dem Bonus Lidd Bleak Future an engem Remix vum Lidd Ecliptic dat vun Sun Glitters remixt gouf.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2005: Treasure Chest at the End of the Rainbow / Mutiny on the Bounty (Splitalbum mat Treasure Chest at the End of the Rainbow, New Romance For Kids Records)
  • 2009: Danger Mouth (Redfield Records / Big Scary Monsters Records)
  • 2012: Trials (Redfield Records / Best Before Records)
  • 2015: Digital Tropics (Redfield Records / Deaf Rock Records / Small Pond Records / Friend of Mine Records)

Singelen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2012: Artifacts (Digital)
  • 2013: Myanmar (Radiosingle)
  • 2015: MKL JKSN (Digital)
  • 2015: Telekinesis (Digital)
  • 2015: dance Automaton dance (Digital)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. MOTB op rhaaalovely.net
  2. MOTB am Interview bei wort.lu
  3. MOTB op purevolume.com (gekuckt de 6. Januar 2014)
  4. Review vum Splitalbum op disagreement.net
  5. dd-inside.com
  6. Presentatioun vun Trials op redfield-records.de (gekuckt de 6. Januar 2014)
  7. MOTB op pledgemusic.com