Fausti

Vu Wikipedia
Fausti
de Fausti op engem Fuesbal (2017)
Gebuertsnumm Faustino Cima
Gebuer 24. Juli 1940
Lëtzebuerg
Gestuerwen 20. Februar 2021
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Entertainer, Museker, Filmschauspiller

De Faustino Cima, besser bekannt als Fausti, gebuer de 24. Juli 1940 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 20. Februar 2021[1], war e lëtzebuergesche Museker an Entertainer.

Liewen a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

De "Fausti" huet schonn als Kand Solfège, Gei a Klarinett geléiert, am Alter vun 12 Joer koum nach d'Harmonika, Gittar a Batterie mat dobäi. Scho mat 15 Joer gouf e Beruffsmuseker an en ass mat dem Tango-Spezialist Rico Tuxillo zu Lugano opgetrueden.

Vun do u gouf hie vun den deemolege populären Orchestercheffe wéi dem Jempi Faust an dem Jean Roderes als Sänger oder Batteur engagéiert. Zäitweileg war hie bei de Luxembourg Singers derbäi.

Du koumen 12 onroueg Joren. Den Allround-Artist Fausti ass "getourt". An der Schwäiz, Belsch, an Däitschland, Holland an zu Lëtzebuerg, dovu véier Joer mat enger eegener Band.

Wéi den Udo Jürgens 1966 beim Grand Prix Eurovision de la Chanson mat Merci Chérie déi éischt Plaz gemaach huet, huet de Fausti am grousse Begleetorchester op der Batterie ramouert.

An Däitschland hat de Fausti 1969 säin éischte Succès: seng däitschsproocheg Parodie vum Chris Andrews sengem Hit Pretty Belinda huet sech ronn 55.000 Mol verkaaft.[2]

Dat war seng éischt Plack. 1973 huet en eng weider däitschsproocheg Single erausbruecht, bei där d'B-Säit Ich bin 'ne kleine Maus bal méi Succès hat wéi d'A-Säit, eng Parodie op den Hot Butter hiert Stéck Popcorn.

Seng éischt Plack op Lëtzebuergesch koum eréischt 1983 eraus, et war Fuesparty mam Fausti. Domat war och fir dem Jang Linster seng Plackeproduktioun eng Erfollegstory agelaut ginn.

Am Februar 2012 huet hien op d'Initiativ vun Eldoradio mat der Joëlle Gelhausen vun Angel at My Table, dem Ben Thommes vun Inborn, dem Pit Romersa vun Eternal Tango an dem Jeff Poggi an dem René Macri vun De Läb d'Grupp Kowadiz forméiert.[3] Hiert d'Lidd Wou gees de? huet et bis op déi éischt Plaz an den iTunes Charts Lëtzebuerg bruecht.[4]

Am Januar 2014 koum säin neien Album Raschte kanns de dono eraus.

De Fausti gouf de 25. Februar 2021 zu Biissen am Geich-Bëschkierfecht ënnert dem Bam N° 5 bei senger Fra a Frënn bäigesat[5].

Bekannt Lidder (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Hätt ech gutt en Hummer
  • Moss am Bic
  • On se Biitsch
  • Petz mir sin um Netz
  • Zirtakiki Dänz
  • Gigi l'amoroso
  • Mademoiselle Ninette
  • Das arme Mädchen von Seite 1
  • Zwou Bulle Mokka

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Offiziell Alben[6]
Nr. Joer Titel
1 1982 Fuesparty Mam Fausti
2 1984 Juxparty Mam Fausti
3 1986 'T as Kiirmes Am Duerf
4 1987 Maus Ketti & Kompanie (mat Susy Lentz, Marion Welter)
5 1988 De Kréckel Néckel (mat Jang Linster, Ab van Goor)
6 1993 Ënnerwee (mat Dicksy-Lentz Bänd, Maria Castellano, Änder Hirtt, Ab van Goor)
7 1995 Fiesta mam Fausti
8 1998 Kannermusek (mat Cécile Hemmen)
9 1999 Specktakel (mat René Pütz, Marc Faber, Rich Browers, Trei Sei)
10 2014 Raschte Kanns de Dono
11 2021 Déi Nächst Vakanz Kënnt Bestëmmt
Singelen an EPen[6]
Nr. Joer Titel
1 1969 Klara, Mach Auf

Pretty Belinda (Ich Sitze Im Schlauchboot)

2 1970 Mademoiselle Ninette versteckt ihr Geld im Bett

Überall, irgendwann

3 Das Arme Mädchen Von Seite 1

La-La-L'amour

4 1971 Schalalaleila, Ich Bin Ne Kleine Maus

Sweet Mary Ann

5 Ukelele

Sing A Song

6 1972 Popcorn Essen Ist Gesund

Schalalaleila, Ich Bin Ne Kleine Maus

7 1975 Gratuliere Madame

...Und Er Spielte Seine Lieder

8 1981 Natascha

Schwabbelrock

9 1984 De Moukeking

Et Sin Déng Grouss Onschëlleg Aen

10 1996 Bella Bulla
11 2000 Zirtakiki Dänz

Documentaire[änneren | Quelltext änneren]

2015 koum en Dokumentarfilm vum Andy Bausch iwwer de Fausti eraus: Faustino One Man Show.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fausti – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Museker an Entertainer: De Fausti ass am Alter vun 80 Joer gestuerwen. rtl.lu. Gekuckt de(n) 2021-02-20.
  2. Le Quotidien: "Fausti, l'amuseur public numéro 1" 25. August 2011; gekuckt den 2. Juli 2012.
  3. eldoradio.lu: "Kowadiz - Déi nei Supergroup zu Lëtzebuerg" (7. Juni 2012; gekuckt den 2. Juli 2012)
  4. eldoradio.lu: "Kowadiz: nach ëmmer No 1 an den iTunes Charts!" 12. Juni 2012, gekuckt den 2. Juli 2012.
  5. Doudesannonce Merci Fausti, Luxemburger Wort, 27. Februar 2021, S. 87.
  6. 6,0 6,1 Fausti. Discogs. Gekuckt de(n) 2022-09-05.