Cécile Hemmen

Vu Wikipedia
Cécile Hemmen
Gebuer 6. November 1955
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei LSAP

D'Cécile Hemmen, gebuer de 6. November 1955, ass eng lëtzebuergesch Politikerin (LSAP)[1] a fréier Speakerin a Moderatorin. Si war vun Oktober 2011 bis Oktober 2018[2] Buergermeeschtesch vun der Gemeng Weiler zum Tuer.

D'Cecile Hemmen huet no hirer Première um Fieldgen 1975 Theater gespillt a bei der Lëtzebuerger Revue matgemaach.

1978 huet si bei RTL Radio Lëtzebuerg als Speakerin ugefaangen, a vum Ufank vun den 1990er Joren un och als Moderatorin bei RTL Télé Lëtzebuerg geschafft, wou si Emissioune wéi „Fit“, „Highlight“ a „Place Royale“ moderéiert huet. No 33 Joer huet si bei RTL opgehalen a gouf Responsabel fir d'Ëffentlechkeetsaarbecht vun der Coque.[3]

De 5. Dezember 2013 ass si, no hirer Kandidatur op der Lëscht vum Walbezierk Zentrum fir d'Chamberwale vum 20. Oktober 2013, fir den Etienne Schneider nogeréckelt, dee Minister gouf.[4]

De 4. Februar 2020 ass si, no de Chamberwale vum 14. Oktober 2018, als Fënneftgewielt op der Zentrumslëscht, fir de Franz Fayot an d'Chamber nogeréckelt.[5] Si huet hiert Mandat bis un d'Enn vun der Chambersessioun 2022-23 ausgefëllt.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Lëscht vun de Kandidate vun der LSAP am Walbezierk Süde fir d'Parlamentswale vum 20. Oktober 2013
  2. Nadine Schartz: "Bürgermeisterin Cécile Hemmen tritt zurück." wort.lu, 26. Oktober 2018
  3. Tina Noroschadt: "Die Rastlose. Portrait op revue.lu, 25.05.2012, gekuckt 2013-12-05.
  4. "Assermentation de 25 nouveaux députés." op chd.lu, gekuckt 2013-12-05.
  5. "Vereedegung Pim Knaff a Cécile Hemmen an der Chamber." rtl.lu, 04.02.2020.