Marc Faber

Vu Wikipedia
Marc Faber
De Marc Faber (2013)
Gebuer 12. Mäerz 1952
Lëtzebuerg
Gestuerwen 28. September 2013
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schauspiller
Partei LSAP
Theaterstéck mam Schauspillerkolleg René Pütz (1986, Faber lénks)

De Marc Faber, gebuer den 12. Mäerz 1952 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen den 28. September 2013[1], war e lëtzebuergesche Schauspiller a geléierten Assistant chirurgical[2].

Seng Schauspillcarrière huet hien 1974 bei Les amicales théâtrales du Nord ugefaangen. Zu senge groussen Erfolleger zielen d'Jonggesellekëscht vum Alain Atten (zesumme mam René Pütz), Op der Kiirmes oder E Fall fir den Zankert. Mam René Pütz, deen 2002 gestuerwe war, ass hien ausserdeem als Kabarets-Duo Pützafaba (vun 1998 bis 2002) opgetrueden. An der Revue vum "Lëtzebuerger Theater" war hie vun 1976 bis 1994 mat dobäi, an och bei de Varieté-Showe vun der Nationallotterie huet hie jorelaang matgespillt. Bei den RTL-Déckkäpp war hie grad sou reegelméisseg dobäi.[2]

Fir de Jang Linster huet en a 17 Jangli-Filmer als Synchronspriecher matgewierkt.

Hie war fir d'LSAP vun 1988 bis 1992 Member am Gemengerot zu Ettelbréck.

Filmer[änneren | Quelltext änneren]

CD-Album[änneren | Quelltext änneren]

  • 1998: Püzafaba: Déck Dännen (Jang Linster Plakken)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Revue Nr. 40 vum 2. Oktober 2013, S. 28-30: Der Spaßmacher

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. *De Marc Faber ass am Alter vun 61 Joer gestuerwen." RTL.lu - 29.09.2013, 09:56 | Fir d'lescht aktualiséiert: 29.09.2013, 10:19.
  2. 2,0 2,1 "Vollblut-Volksschauspieler Marc Faber verstorben." Wort.lu, Verëffentlecht den 29.09.13 10:25 | Aktualiséiert den 30.09.13 um 13:20.