Op den Inhalt sprangen

Udo Jürgens

Vu Wikipedia
Udo Jürgens
Gebuertsnumm Jürgen Udo Bockelmann
Pseudonym Udo Bolán, Udo Jürgens
Gebuer 30. September 1934
Klagenfurt am Wörthersee
Gestuerwen 21. Dezember 2014
Doudesursaach Häerzschwächt
Nationalitéit Éisträich, Schwäiz
Aktivitéit Schauspiller, Sänger, Komponist, Pianist, discographesche Kënschtler, Schrëftsteller
Auszeechnungen Verdienstkreuz 1. Klasse, Gëlle Fieder, Éiererank vun der Stad Wien, Romy, Großes Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich, Steiger Award, Bambi, Berufstitel Professor
Famill
Bestuet mat Panja Jürgens (1964–1989),
Corinna Jürgens (4.7.1999–2006)
Liewenspartner(in) Sabrina Burda (1990–1994),
Corinna Jürgens (1978–1989),
Michaela Moritz (–21.12.2014),
Corinna Jürgens (1997–1999)
Mamm Käthe Bockelmann
Geschwëster Manfred Bockelmann
Kanner John Jürgens, Jenny Jürgens, Gloria Burda
Websäit https://www.udojuergens.de/
Den Udo Jürgens (2010),
Mam France Gall, just nodeems en 1966 de Grand Prix gewonnen hat.

Den Udo Jürgens, mam richtegen Numm Udo Jürgen Bockelmann, gebuer den 30. September 1934 zu Klagenfurt, a gestuerwen den 21. Dezember 2014 zu Münsterlingen an der Schwäiz, war en éisträichesche Sänger a Lidderschreiwert a -komponist, deen zanter 2007 och déi Schwäizer Nationalitéit hat.

Hie war ee vun de bekanntsten a populäersten däitschsproochege Sänger, mat Schlagere wéi Siebzehn Jahr, blondes Haar, Mit 66 Jahren, Griechischer Wein oder ... aber bitte mit Sahne! Och säi Lidd Buenas Dias Argentina, dat en 1978 mat der Däitscher Foussballnationalekipp opgeholl hat, war e grousse Succès an Däitschland.

Säin Duerchbroch hat hien 1966 beim Grand Prix Eurovision de la Chanson zu Lëtzebuerg mat Merci Chérie, woumat en déi éischt Plaz krut. Déi zwee Joer virdrun war hie bei deem Concours mat Warum, nur Warum op déi 6. Plaz, respektiv 1965 mat Sag' ihr, ich laß sie grüßen op déi véiert komm.

Hien huet am Ganzen iwwer 900 LIdder geschriwwen, an eng 50 Studioalben erausbruecht. Am ganzen huet hie ronn 100 Millioune Placke verkaaft. Seng Texter waren net seelen zimmlech déifgrënneg fir Schlager, a kënnen dofir deels dem Chanson-Repertoire zougerechent ginn, well se sech och alt mat Gesellschaftsproblemer beschäftegt hunn.

Den Udo Jürgens huet an den 1990er Joren och an e puer Spillfilmer an Tëleesserien, wéi Das Traumschiff an Ein Schloß am Wörthersee matgespillt.

TitelJoerBemierkungen
Portrait in Musik1965-
Siebzehn Jahr, blondes Haar1965Single
Françoise und Udo1966-
Merci, Chérie1966Single
Portrait in Musik II1967-
Was ich dir sagen will1967-
Udo1968-
Mein Lied für dich1968-
Udo live1969Livealbum
Udo '701969-
Udo 711970-
Zeig mir den Platz an der Sonne1971-
Helden, Helden1972Musical
Ich bin wieder da1972-
Johnny und Jenny (Alle Kinder dieser Welt)1973-
Udo heute1974-
Meine Lieder1975-
Udo 75 - Ein neuer Morgen1975-
Meine Lieder 21976-
Meine Lieder '771977-
Udo live '771977Livealbum
Buenos dias, Argentina1978mat der däitscher Foussballnationalmannschaft ’78
Udo 1957-601980-
Nur ein Lächeln1980-
Udo '801980-
Leave a little love1981-
Willkommen in meinem Leben1981-
Lust am Leben live1981Livealbum
Silberstreifen1982-
Traumtänzer1983-
Hautnah1984-
Live & Hautnah1985Livealbum
Treibjagd1985-
Deinetwegen1986-
Das Live-Konzert '871987Livealbum
Das blaue Album1988-
Sogar Engel brauchen Glück1989-
Ohne Maske1989-
Live ohne maske1990Livealbum
Sempre Roma1990mat der däitscher Foussballnationalmannschaft ’90
Das Traumschiff1990Soundtrack
Geradeaus1991-
Open air symphony live1992Livealbum
Café Grössenwahn1993-
140 Tage Grössenwahn - Tour 1994/951995Livealbum
Zärtlicher Chaot1995-
Gestern - heute - morgen1996-
Gestern - heute - morgen live '971997Livealbum
Ich werde da sein1999-
Mit 66 Jahren (was wichteg ist...)2000-
Mit 66 Jahren - Live 20012001Livealbum
Es lebe das Laster2002-
Es werde Licht - Meine Winter- und Weihnachtslieder2003-
Es lebe das Laster - Udo live2004Livealbum
Jetzt oder nie2005-
Der Soloabend: Live am Gendarmenmarkt2006-
Jetzt oder nie live2006Livealbum
Lieder voller Poesie2007-
Einfach ich2008-
Ich war noch niemals in New York2008Musical
Einfach ich live2009Livealbum
Der Mann mit dem Fagott2011Soundtrack
Der ganz normale Wahnsinn2011-
Mitten im Leben2014-
  • Großes Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich[1].
 Commons: Udo Jürgens – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Lëscht vun de Persounen déi tëscht 1952 an 2012 d'Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich kruten