Germaine Damar

Vu Wikipedia
Germaine Damar
Gebuertsnumm Germaine Haeck
Gebuer 31. August 1929
Péiteng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schauspiller, Zirkusartist, Filmschauspiller
Famill
Liewenspartner(in) Georg Thomalla
D'Germaine Damar 1960 um Titel vun enger argentinescher Zäitschrëft.
D'Germaine Damar am Juni 2011 (Foto François Besch)

D'Germaine Damar, gebuer den 31. August 1929 zu Péiteng als Germaine Haeck, ass eng lëtzebuergesch Filmschauspillerin. Eng Zäitchen huet si och de Kënschtlernumm Ria Poncelet ugeholl. No hirem Bestietnes huet se och den Numm vun hirem Mann gedroen (Germaine Haeck-Toporow).

Am Turnveräi vun Nidderkuer huet d'Germaine Haeck hir éischt Schrëtt fir hir spéider Karriär geléiert. Wéi d'Nazien den 10. Mee 1940 Lëtzebuerg besat hunn, ass d'Famill Haeck a Frankräich geflücht. Si sinn zu Paräis bei Famill ënnerkomm.

Do huet d'Germaine Damar hiert kënschtlerescht Talent weiderentwéckelt. Mat hirer Schwëster Geny an hirem fréieren Turnléiermeeschter Atilio Bariviera ass si als Trio Delux zu Paräis opgetrueden. No an no gouf hir Akrobatiksnummer bekannt a si sinn am Alhambra an am Bobino opgetrueden.

Nieft der Akrobatik huet d'Germaine Damar zu Paräis och nach Ballet geléiert.

Nom Krich ass si mat hirer Schwëster Sylvie an där hirem Mann als Trio Vialine opgetrueden, ënner anerem zu Kairo virum Kinnek Faruk. Zu Kairo huet si d'Sängerin a Schauspillerin Zarah Leander kennegeléiert. Duerch d'Zarah Leander konnt d'Germaine Damar den 10. Mee 1952 Proufopname fir den Herzog Filmverleih maachen.

Am selwechte Joer huet si hiren éischte Film gedréint. Si krut direkt d'Haaptroll am Revuefilm Tanzende Sterne.

Fir de Film huet si hiren Numm Germaine Haeck a Germaine Damar emgeännert. Si gouf am Ufank als franséisch Dänzerin virgestallt bis Journalisten erausfonnt haten, datt si Lëtzebuergerin wier.

D'Germaine Damar ass an hire Filmer besonnesch als Dänzerin opgefall a si huet bal nëmmen a Revuen an a Gesangsfilmer matgespillt.

Mam Willy Birgel huet d'Germaine Damar och an engem Theaterstéck matgespillt.

1956 huet d'"Académie de danse Germaine Damar" hir Dieren zu Esch opgemaach.

Duerch de Film Die Beine von Dolores gouf si an Argentinie sou bekannt, datt si do 3 Joer laang ëm Chrëschtdag eng eege Fernseeshow hat.

Bis 1961 huet d'Germaine Damar ee Film nom anere gedréint. Dunn huet si hire spéidere Mann, de Roman G. Toporow, kennegeléiert an huet 1964 no engem leschte Film a Spuenien de Schauspillerberuff opginn.

Zanter dem Doud vun hirem Mann 1994, lieft d'Germaine Damar mat hirem Jong, dem Roman M. Toporow (gebuer am November 1966), zu Fort Lauderdale a Florida (USA).

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Documentaire iwwer d'Germaine Damar[änneren | Quelltext änneren]

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Centre national de l'audiovisuel, 1995. Germaine Damar, ein luxemburger Star im deutschen Kino der 50er Jahre.
  • Seil, G. Hommage à Germaine Damar, d'Letzeburger Land, 13.01.1995, S. 11

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Au jour le jour d'Letzeburger Land, 27.07.1984, S. 4