Marianne Hold
Marianne Hold | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
15. Mee 1933 Pisz |
Gestuerwen |
11. September 1994 Lugano |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Filmschauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Frederick Stafford |
D'Marianne Hold, gebuer de 15. Mee 1933 zu Johannisburg an Ostpreisen als Marianne Weiss, a gestuerwen den 11. September 1994 zu Lugano, war eng däitsch Schauspillerin.
D'Marianne Hold ass fir de Film vum Schauspiller a Filmregisseur Luis Trenker entdeckt ginn. Am Joer 1956 ass si duerch de Film Die Fischerin vum Bodensee grouss erauskomm.
Am Joer 1964 huet si bei den Dréiaarbechte vum Film Die Diamantenhölle am Mekong de Friedrich Strobel von Stein kenne geléiert. Am selwechte Joer huet si sech mat him bestuet.De Friedrich Strobel von Stein huet spéider ënner dem Numm Frederick Stafford Carrière beim Film gemaach. Nom Film Der Schut am Joer 1964 huet d'Marianne Hold sech aus dem Film zréckgezunn.
Den 11. September 1994 ass si an hirer Wunneng zu Lugano gestuerwen.
Filmographie[änneren | Quelltext änneren]
- 1949: Barriera a settentrione, vum Luis Trenker mam Amedeo Nazzari a Luis Trenker
- 1949: Benvenuto, reverendo!, vum Aldo Fabrizi mam Aldo Fabrizi a Massimo Girotti
- 1951: Aus König Laurins Rosengarten, vum Luis Trenker (Kuerzfilm)
- 1952: Kleine Kletterfahrt, vum Luis Trenker (Kuerzfilm)
- 1952: Bergsommer, vum Luis Trenker (Kuerzfilm)
- 1952: Ferien vom Ich, vum Hans Deppe mam Rudolf Prack a Willy Fritsch
- 1953: Ave Maria, vum Alfred Braun mam Zarah Leander a Carl Wery
- 1953: Hochzeitsglocken, vum Georg Wildhagen mam Jan Hendriks an Erwin Strahl
- 1954: Marianne de ma jeunesse (franséisch Versioun), vum Julien Duvivier mam Pierre Vaneck a Gil Vidal
- 1954: Marianne (däitsch Versioun), vum Julien Duvivier mam Horst Buchholz a Udo Vioff
- 1955: Heimatland, vum Franz Antel mam Rudolf Prack an Hannelore Bollmann
- 1955: Wenn die Alpenrosen blüh'n, vum Hans Deppe mam Hertha Feiler a Claus Holm
- 1955: Flucht in die Dolomiten, vum Luis Trenker mam Luis Trenker a Robert Freitag
- 1956: Pulverschnee nach Übersee, vum Hermann Leitner mam Adrian Hoven a Franz Muxeneder
- 1956: Die Fischerin vom Bodensee, vum Harald Reinl mam Gerhard Riedmann an Annie Rosar
- 1956: ...wie einst Lili Marleen, vum Paul Verhoeven mam Adrian Hoven a Claus Holm
- 1956: Von der Liebe besiegt, vum Luis Trenker mam Robert Freitag a Wolfgang Preiss
- 1957: Die Lindenwirtin vom Donaustrand, vum Hans Quest mam Claus Holm an Annie Rosar
- 1957: Die Prinzessin von St.Wolfgang, vum Harald Reinl mam Gerhard Riedmann an Annie Rosar
- 1957: Wetterleuchten um Maria, vum Luis Trenker mam Bert Fortell a Wolf Albach-Retty
- 1958: Heimatlos, vum Herbert B. Fredersdorf mam Rudolf Lenz a Freddy Quinn
- 1958: Mein Schatz ist aus Tirol, vum Hans Quest mam Joachim Fuchsberger a Monika Dahlberg
- 1958: Schwarzwälder Kirsch, vum Géza von Bolváry mam Dietmar Schönherr a Boy Gobert
- 1958: Der Priester und das Mädchen, vum Gustav Ucicky mam Rudolf Prack a Willy Birgel
- 1959: Aus dem Tagebuch eines Frauenarztes, vum Werner Klingler mam Rudolf Prack an Ellen Schwiers
- 1959: Bei der blonden Kathrein, vum Hans Quest mam Gerhard Riedmann an Harald Juhnke
- 1959: Kein Mann zum Heiraten, vum Hans Deppe mam Hans-Joachim Kulenkampff a Walter Gross
- 1960: Schick Deine Frau nicht nach Italien, vum Hans Grimm mam Claus Biederstaedt an Elma Karlowa
- 1960: Sooo nicht, meine Herren!, vum Michael Burk mam Hans-Joachim Kulenkampff an Ellen Schwiers
- 1960: Schön ist die Liebe am Königssee, vum Hans Albin mam Gustavo Rojo a Monika Dahlberg
- 1961: Isola Bella, vum Hans Grimm mam Paul Hubschmid a Monika Dahlberg
- 1961: Cariño mio, vum Rafael Gil mam Germaine Damar a Vicente Parra
- 1962: Dal sabato al lunedì, vum Guido Guerrasio mam Geronimo Meynier
- 1962: Waldrausch, vum Paul May mam Gerhard Riedmann an Ingeborg Schöner
- 1962: Wilde Wasser, vum Rudolf Schündler mam Hans von Borsody a Corny Collins
- 1964: Die Diamantenhölle am Mekong , vum Gianfranco Parolini mam Paul Hubschmid an Horst Frank
- 1964: Der Schut , vum Robert Siodmak mam Lex Barker an Dieter Borsche