Rudolf Schündler

Vu Wikipedia
Rudolf Schündler
Gebuer 17. Abrëll 1906
Leipzig
Gestuerwen 12. Dezember 1988
München
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Filmregisseur, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller
Famill
Bestuet mat Christine Laszar

De Rudolf Schündler, gebuer als Rudolf Ernst Paul Schündler de 17. Abrëll 1906 zu Leipzig a gestuerwen den 12. Dezember 1988 zu München, war en däitsche Schauspiller a Filmregisseur.

De Rudolf Schündler huet haaptsächlech a bëllegen däitsche Kaméidisfilmer matgespillt. Trotzdeem war hien awer och an e puer ganz bedeitende Filmer ze gesi sou am ironesche Kriminalfilm Die Herren mit der weißen Weste (1969) vum Wolfgang Staudte an am Grujelfilm iwwer e Meedchen dat vum Däiwel besiess ass The Exorcist (1973) vum William Friedkin. Hien huet och am biographesche Film iwwer de Schrëftsteller Karl May (1974) vum Hans-Jürgen Syberberg an am dokumentaresche Film iwwer den Doud vum amerikanesche Filmregisseur Nicholas Ray Der amerikanische Freund (1977) vum Wim Wenders matgespillt. Net ze vergiessen awer och säin Optrëtt am italieenesche Grujel- a Kultfilm Suspiria (1977) vum Dario Argento.

De Rudolf Schündler huet an iwwer 230 Kinos- an TV-Filmer matgespillt a war an 23 Filmer als Regisseur aktiv.

Filmographie (Kino)[änneren | Quelltext änneren]

als Regisseur[änneren | Quelltext änneren]

als Schauspiller[änneren | Quelltext änneren]

vun 1930 bis 1939[änneren | Quelltext änneren]

vun 1940 bis 1949[änneren | Quelltext änneren]

vun 1950 bis 1959[änneren | Quelltext änneren]

vun 1960 bis 1969[änneren | Quelltext änneren]

vun 1970 bis 1979[änneren | Quelltext änneren]

vun 1980 bis 1989[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]