Peter Weck

Vu Wikipedia
Peter Weck
Gebuer 12. August 1930
Wien
Nationalitéit Éisträich
Aktivitéit Filmregisseur, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Dréibuchauteur, Televisiounsregisseur, Schauspiller, Regisseur
Famill
Geschwëster Herbert Tasquil
De Peter Weck (2012)

De Peter Weck, gebuer den 12. August 1930 zu Wien, ass en éisträichesche Schauspiller, Regisseur an Theaterintendant.

De Peter Weck war am Alter vun 10 Joer Member vun de Wiener Sängerknaben. Spéider huet hie Musek zu Wien op der Universitéit studéiert fir spéider Dirigent ze ginn.

1953 hat hie säin Debut am Theater zu Klagenfurt am Stéck Der Diener zweier Herren vum Carlo Goldoni. D'Joer drop krut hien am Film Und der Himmel lacht dazu vum Axel von Ambesser seng éischt Filmroll.

Zu Wien hat hien Optrëtter am Theater in der Josefstadt an och am Burgtheater, zu Zürich am Schauspielhaus an zu München am Residenztheater.

1981 gouf hien Intendant am Theater an der Wien zu Wien.

Dernieft huet hien awer och a ville Filmer vu Regisseure wéi Otto Preminger, Franz Antel, Franz Josef Gottlieb, Harald Reinl an Helmut Käutner matgespillt. Hie war och de Partner vu Filmschauspiller wéi Romy Schneider, Hans Moser, Theo Lingen, Cornelia Froboess, Senta Berger, Germaine Damar, a Karlheinz Böhm . Fir d'Tëlee war hie souwuel als Schauspiller wéi och als Regisseur ganz aktiv.

Als Schauspiller war hie bis 2013 an iwwer 120 Kinos- an TV-Filmer ze gesinn an als Regisseur huet hien iwwer 40 Filmer fir de Kino an d'Tëlee gedréint.

Am Dezember 2010 huet hie seng Memoiren ënner dem Titel War's das? erausginn.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

als Schauspiller[änneren | Quelltext änneren]

als Regisseur[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Peter Weck – Biller, Videoen oder Audiodateien