Karl Martell

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem fränkeschen Hausmeier Karl Martell. Fir aner Persoune mat deem Numm, kuckt wgl. Karl Martell (Homonymie).
Karl Martell
Gebuer 23. August 688 jul.
Herstal
Gestuerwen 22. Oktober 741 jul.
Quierzy
Nationalitéit Frankeräich
Aktivitéit Staatsmann, Feldhär
Famill
Bestuet mat Rotrude vun Tréier, Ruodhaid, Swanahild
Papp Pippin de Mëttelsten
Mamm Alpaida
Geschwëster Drogo vun der Champagne, Grimoald de Jéngeren
Kanner Karloman, Pippin de Jéngeren, Hiltrud, Landrada, Aldana, Bernard, Grifo, Jérôme, Remi vu Rouen

De Karl Martell oder Charles Martel "den Hummer", gebuer den 23. August 686 zu Herstal a gestuerwen den 22. Oktober 741 zu Quierzy-sur-Oise, war e fränkeschen Hausmeier aus dem Geschlecht vun den Arnulfinger, vu senger Groussmamm hirer Säit hier aus deem vun de Pippiniden, dat duerno, no him, "Karolenger" genannt gouf. Seng Eltere waren den Hausmeier Pippin de Mëttelsten an deem seng "Niewe"fra Chalpaida.

Éischt Leeschtungen[änneren | Quelltext änneren]

De Karl war tëscht 714 a 741 Hausmeier vun de fränkeschen Deelräicher. Am Deelräich Austrien war en doriwwer eraus 715 bis 717, 718 bis 720 an 737 bis 741 Staatschef, well et kee Kinnek gouf. Dat selwecht gëllt fir d'Deelräich Neustrien tëscht 737 a 741.

Wéi säi Papp 714 gestuerwen ass, hätt en am Fong sollten, wéi deen, Hausmeier ginn, dat ëm sou méi well seng zwéi Bridder Drogon a Grimoald och schonn dout waren. Mä dem Pippin seng Wittfra, d'Plektrud, huet en aspäre gelooss, an hiren Enkel, den Theodebald (Jong vum Grimoald II, dee just 6 Joer hat), zum legitimen Ierwen erkläert.

Dat huet zu Revolten doruechter am Räich gefouert, well d'Provënzfürsten net akzeptéiert hunn, datt eng Fra - a sief et tëschenzäitlech - un der Spëtzt vum Räich stéing.

D'Frankeräich tëscht 481 bis 814

715 konnt de Karl fortlafen an huet sech un d'Spëtzt vun der austrasescher Revolt gestallt. Nodeem se d'Neustrier geklappt haten, huet en och d'Plektrud, déi mat hirem Enkel zu Köln war, dozou bruecht[a wéi dann?], opzeginn.

Befriddung vum Frankeräich[änneren | Quelltext änneren]

De Karl huet fir d'éischt de Clotaire IV. op den Troun bruecht amplaz vum Chilperic II. No an no huet en d'Kontroll am Frankeräich iwwerholl, zulescht, andeems en d'Neustrier an der Schluecht bei Soissons geschloen hat. Hien huet och d'Räich no Osten hi vergréissert, andeems en tëscht 720 an 738 d'Gebidder vum haitegen Éisträich a Süddäitschland eruewert hat.

Wéi de Clotaire IV. 719 gestuerwen ass, huet de Karl dem Chilperic II. nees missen den Troun iwwerloosen, mä deen ass schonn 721 gestuerwen. Duerno huet de Karl den Thierry IV., Jong vum Dagobert III. um Troun installéiert.

Schluecht bei Poitiers[änneren | Quelltext änneren]

Charles de Steuben, Schluecht vu Poitiers, vum Charles de Steuben, Musée vum Versailler Schlass

732 huet de Karl d'muselmanesch Arméie vum Abd el Rahman, dem Gouverneur vu Spuenien, bekämpft. Déi haten zanter 711 d'Ibeeresch Hallefinsel eruewert a wollte sech elo iwwer d'Pyrenäen ausbreeden. 725 hate se schonn de Languedoc an e groussen Deel vun der haiteger Bourgogne an hirer Hand, mä ware vum Herzog vun der Aquitaine zeréckgeworf ginn. 732 huet den Abd el-Rahman eng nei Offensiv gestart, mam Zil, Tours ze plëmmen.

Den 19. Oktober 732, hunn de Karl an den Herzog vun der Aquitaine hir Truppen zu Moussais, tëscht Tours a Poitiers, zesummegeluecht. De 25. Oktober koum et zur Schluecht, déi d'Franke fir sech entscheet hunn, an dem Abd el Rahman seng Truppen hu sech doropshin zeréckgezunn.

Nom Doud vum Kinnek Thierry IV. (737) hat de Karl genuch Muecht, fir keen neie Kinnek méi brauchen ze sichen. Hien huet domat d'Muecht am Frankeräich selwer iwweroll, déi e bis zu sengem Doud, 741, gehalen huet.

No sengem Doud gouf tëscht senge Jonge gedeelt:

De Karl gouf zu Saint-Denis begruewen.

No him benannt[änneren | Quelltext änneren]

Fir un de Karl Martell z'erënneren ass zu Märel an der Stad eng Strooss no him benannt: d'rue Charles Martel verbënnt de boulevard Marcel Cahen mat der Märelerstrooss.

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Jean Deviosse, Charles Martel; Paräis (Tallandier), 1978.
  • J. Jarnut, Karl Martell in seiner Zeit, Sigmaringen, 1994.
  • Salah Guemriche, Abd er-Rahman contre Charles Martel - La véritable histoire de la bataille de Poitiers; Paräis (Perrin), 2010; 311 S.; ISBN 978-2-262-02960-9

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Karl Martell – Biller, Videoen oder Audiodateien