Op den Inhalt sprangen

Arnulfinger

Vu Wikipedia

Arnulfinger ginn d'Nokomme vum Bëschof Arnulf vu Metz genannt. Si sinn, zesumme mat de Pippiniden, eng vun den dynastesche Linnen, déi bei d'Karolenger geféiert hunn. Den Arnulf vu Metz gouf méi spéit helleggesprach.

Den Arnulfinger hir Muecht ass entstanen duerch déi enk Allianz, déi den Arnulf an de Pippin den Eeleren haten. Béid ware se d'Cheffe vum austraseschen Adel. Dem Pippin seng Duechter Begga gouf mam Arnulf sengem Jong Ansegisel bestuet. Den Arnulf an de Pippin den Eelere waren och d'Haapt-Instigateure vun der Adelsrevolt géint d'Kinnigin Brunichild.

Nodeem de (pippinideschen) Hausmeier Grimoald 661 domat versot hat, d'Muecht u sech ze rappen, goung dës iwwer un de Jong vum Ansegisel a vum Begga, de Pippin de Mëttelsten. An der Schluecht bei Tertry (687) huet dësen iwwer den neustreschen Hausmeier Ebroin gewonnen, a sou d'Muecht fir sech eleng am merowengesche Räich.

Dem Pippin seng Jonge kruten all Schlësselpositiounen: De Grimoald de Jéngere gouf géint 700 Hausmeier vun Neustrien, den Drogo gouf Dux an der Champagne. De Karl (dee spéider de Bäinumm Martell krut), an dee Jong vum Pippin an deem senger "Niewe"fra war, gëllt als Neigrënner vun der Dynastie, déi no him a vun him un "Karolenger" genannt gëtt.

D'Lännereie vun den Arnulfinger louchen an der Géigend vu Metz a Verdun, déi vun de Pippiniden an den Ardennen, am Haspengau an an Toxandrien.

  1. Arnulf vu Metz, * ëm 582, 613 beluecht, † 18. Juli wuel 640 bei Remiremont, 614/629 Bëschof vu Metz, begruewen an der Villa Habendum (Remiremont), méi spéit ëmgeluecht ginn a St. Arnulf zu Metz; ∞ NN
    1. Chlodulf, † den 8. Juni ëm 697, Bëschof vu Metz ëm 660,
      1. Aunulf, † no 670
    2. Ansegisel, * ëm 610, ëm 662 beluecht, † erschloe virun 679; ∞ Begga, † wuel 692, Duechter vum Pippin den Eeleren, 690/691 Stëfterin vum Klouschter Andenne (Pippiniden)
      1. Pippin de Mëttelsten, † 16. November 714 zu Jupille, 680 dux, 688 Hausmeier (principale regimine majorum domus), ∞ I ëm 670/675 Plektrudis, 691/717 beluecht, Grënnerin vu St. Maria im Kapitol zu Köln, do och begruewen, Duechter vum (Palzgrof) Hugobert (Hugobertiner) an dem Irmina vun Oeren; ∞ II Chalpaida, uxor nobilis et elegans
        1. (I) Drogo, † 708, dux vun der Champagne, duerno dux vun de Burgunden, begruewen zu St. Arnulf zu Metz; ∞ no 688 Anstrudis, Duechter vum neustreschen Hausmeier Waratto an der Ansfled, Wittfra vum neustreschen Hausmeier Berchar
          1. Arnulf, *ëm 695 † no 723, 715 dux
          2. Hugo, † 730, 715 sacerdos (Praschtouer), Bëschof vu Rouen, Bëschof vu Paräis Bayeux, Abt vu Jumièges a Fontenelle
          3. Pippin, 715 beluecht
          4. Gottfried, 715 beluecht
        2. (I) Grimoald de Jonken, † erschloen Abrëll 714 zu St. Lambert zu Léck, ëm 700 Hausmeier an Neustrien an an der Burgogne; ∞ Theudesinda, Duechter vum Frisechef Radbod
          1. Theudoald, Mamm onbekannt, † wuel 741, 714/715 Hausmeier, 723 als nepos (Kandskand vun, Nokomme vun, Famill mam) Karl Martell ernimmt
        3. (II) Karl Martell, † 22. Oktober 741 zu Quierzy, 717 Hausmeier an Austrien, 718 Hausmeier am ganze Frankeräich, begruewen an der Abtei Saint-Denis; ∞ I Chrothrud, † viru 725; ∞ II Swanahild, illustris matrona, 725/741 beluecht, Niess vum Herzog Odilo vu Bayern (Agilolfinger) - Nokommen: kuckt d'Genealogie vun de Karolenger
        4. Childebrand, Mamm net bekannt, † no 751, Grof an der Bourgogne, huet d'Fredegar-Chronik virugefouert (contiunator Fredegarii)
          1. Nibelung, Grof (Bourgogne?)
  • Felix Dahn: Die Völkerwanderung; Germanisch-Romanische Frühgeschichte Europas. Verlag Hans Kaiser Klagenfurt 1977
  • Rudolf Schieffer: Die Karolinger. Kohlhammer, Stuttgart u.a. 1992 ISBN 3-17-016480-5
  • Detlev Schwennicke: Europäische Stammtafeln Band I.1, 2005
  • Eduard Hlawitschka: Die Vorfahren Karls des Großen, in: Wolfgang Braunfels (Hg.) Karl der Große, Lebenswerk und Nachleben, Band I (Hg. von Helmut Beumann): Persönlichkeit und Geschichte, Düsseldorf 1965
  • Ingrid Heidrich: Titulatur und Urkunden der arnulfingischen Hausmeier, in: Archiv für Diplomatik 11./12. Band, 1965/1966
  • Karl August Eckhardt: Studia Merovingica, Aalen 1975 (Bibliotheca rerum historicianum 11)
  • Lexikon des Mittelalters I-VII, München-Zürich 1977-1994
  • Eduard Hlawitschka: Studien zur Genealogie und Geschichte der Merowinger und frühen Karolinger, in: Rheinische Vierteljahresblätter 43, 1979
  • Eduard Hlawitschka: Zu den Grundlagen des Aufstiegs der Karolinger, in: Rheinische Vierteljahresblätter 49, 1985
  • Pierre Riché: Die Karolinger. Eine Familie formt Europa, Stuttgart 1987
  1. genealogie-mittelalter.de