Hausmeier

Vu Wikipedia

Den Hausmeier, Kastellan oder Majordomus (vum laténgesche maior - de Gérant an domus - d'Haus), op Franséisch Maire du palais, deemno d'Amt vum Haus-Gerant, ass eent vun den Ämter um mëttelalterlechen Haff.

Am Ufank war den Hausmeier dat, wat säin Numm seet: Gerant vun Haus an Haff. Mä seng Muecht ass ëmmer méi gewuess, a hie gouf an der Praxis de Chef vun der Regierungsgewalt. Et gouf dann och méiglech, datt säin Amt viruverierft gouf, an et konnt him net ewechgeholl ginn. Hien huet de Kinnek dacks beim Kinneksgeriicht vertrueden. Nieft dem Truchsess, dem Seneschall, dem Marschall an dem Kämmerer war den Hausmeier ee vun den héchste Beamten um fréimëttelalterlechen Haff. Déi bekanntst Hausmeier waren d'Pipinniden oder fréi Karolenger, Pippin den Eeleren a Karl Martell. Duerch d'Muecht, déi se an der ierflecher Funktioun vum Hausmeier vereent haten, besonnesch awer duerch d'Mathëllef vum Poopst, deen d'Gottesgnadentum erfonnt huet, konnte si schliisslech d'Herrschaft vum Frankeräich vun de Merowenger iwwerhuelen: de Pippin de Jonken, Jong vum Karl Martell a Papp vum Karel de Groussen, gouf sou den éischte Kinnek aus dem Haus vun de Karolenger.

Hausmeier[änneren | Quelltext änneren]

Austrien[änneren | Quelltext änneren]

Neustrien[änneren | Quelltext änneren]

  • Landrich, ënner dem Chlothar II. (huet 584 - 629/630 regéiert)
  • Gundoland, gestuerwen 639, an Neustrien zanter 613/616
  • Ega (Aega), gestuerwen 641, 639-641
  • Erchinoald, 641-659
  • Ebroin, 656-680/681
  • Wulfoald, 673-675
  • Leudesis, nominéiert nom Wulfoald, geschwënn ofgesat
  • Waratto, 680/681-686, gestuerwen 686
  • Giselmar, Fils vum Waratto, gest. 683, huet zäitweileg säi Papp verdrängt
  • Berchar, Eedem vum Waratto, 686-688/689, gest. 688/689
  • Pippin de Mëttelsten (Karolenger), 680 dux an Austrasien, 688/689-714 Hausmeier
  • Grimoald de Jonken (Karolenger), an Neustrien an an der Bourgogne ëm 700-714
  • Raganfrid, 715-717
  • Karl Martell (Karolenger), 717 an Austrien, 718 am Gesamträich
  • Pippin de Jonken (Karolenger), 742 an Neustrien, de Bourgogne an der Provence, 751 Kinnek

Bourgogne[änneren | Quelltext änneren]