Languedoc

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Languedoc
Lengadòc (oc)

Blason Languedoc.svg

Wope vum Languedoc
De gueules à la croix cléchée,
vidée et pommetée de douze pièces d'or.
.
De Languedoc a Frankräich.
Reschter vum Oppidum vun Ensérune
Maison carrée zu Nîmes

De Languegoc ass eng Géigend am Süde vu Frankräich. Vum 13. Joerhonnert un gouf den Ausdrock gebraucht fir déi Länner ze bezeechnen an deenen Occitanesch (langue d'oc) geschwat gouf. Spéider gouf den Ausdrock nach just gebraucht fir d'Lännereie vun der fréierer Grofschaft Toulouse tëscht dem Rhône am Mëttelmier an der Garonne) ze bezeechnen, inklusiv de Velay, de Gévaudan an de Vivarais. Geographesch gëtt den Numm haut nach just fir de sougenannte Bas Languedoc, d. h. den Deel tëscht dem Massif central an dem Mëttelmier ze bezeechen. Administrativ waren domat d'Departementer Aude, Gard, Hérault, Lozère a Pyréenées-Orientales gemengt.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

De Languedoc besteet haaptsächlech aus niddrege Plateauen an aus Alluvialflaachland. De Klima ass am Summer ganz dréchen. E kann a véier Géigenden ënnerdeelt ginn:

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Zur Réimerzäit gouf de Languedoc staark romaniséiert an d'Réimer haten d'Provënz Gallia Narbonensis draus gemaach. No de Réimer haten Wisigothen an d'Franke sech do installéiert allerdéngs ouni de staarke Mann ze markéieren. Nodeems den Osten (Bas Languedoc) eng Zäit laang vun den Araber besat war, huet de Karel de Groussen doraus fir säi Bouf Louis d'Kinnekräich Aquitaine gemaach. D'Géigend huet awer ëmmer méi oder wéineger seng Autonomie behalen an den Afloss vun der Karolenger op d'Zivilisatioun war éischter kleng. Am Mëttelalter ass déi grouss Grofschaft Toulouse draus ervirgaangen déi awer ëmmer de Grofe vu Barcelona an den Herzoge vun der Aquitaine en Dar am A war. D'Bräich am Land ware staark vum réimesche Recht beaflosst, an d'Dialekter déi no um Latäin louchen goufe sougutt a juristeschen Dokumenter wéi an der Literatur bis an 11. Joerhonnert gebraucht. An der Landwirtschaft gouf am Géigesaz zum Norden d'Zweejoreswirtschaft bedriwwen. Am 12. Joerhonnert war de Languedoc ee vun de groussen Theatere vun de Ketzer an eng Héichbuerg vun de Katharer. Nom Kräizzuch géint d'Albigenser, koum de Languedoc am 13. Joerhonnert ënner déi direkt Autoritéit vun der franséischer Kroun, déi alles dru gesat huet fir d'Ketzer ze verdreiwen, soss awer alles inklusiv d'Privilege beim Alen ze loossen. An der Zäit vum Honnertjärege Krich war de Languedoc ëmmer op der Säit vum franséische Kinnek, an huet duerno bis zur Revolutioun säi privilegéierte Statut behalen. Dozou huet gehéiert datt e seng eege Generalstänn hat, sou wéi e Parlament zu Toulouse an eng Chambre des comptes zu Montpellier. Reliounskricher déi de Languedoc an zwee gespléckt haten, de protestantesche Bas Languedoc an d'Géigend vu Castres op der enger Säit an d'kathoulesch Basis ëm Carcassonne an Toulouse, haten no der Revolte vum Montmorency als Resultat, datt d'absolutt Monarchie sech am ganze Land duerchgesat hat.

Konscht an Architektur[änneren | Quelltext änneren]

Am Laf vun der Zäit gouf et am Languedoc, wéi a ville Géigenden, verschidden architektural Aflëss. Am Norden ass bei de Monumenter éischter de romanesche Stil aus der Auvergne ze fannen am Süden ass et éischter de Stil vun der Provence. Nîmes gläicht éischter enger antiker Stad, wärend Toulouse wat mat senger Basilika an de Reschter vum Pont de la Daurade an anere grousse Gebaier en Zentrum vun der romanescher Architektur war vum Nicolas Bachelier mat senge sëllechen aristokratesche Wunnengen, Toulouse de Stempel vun der Renaissance opgedréckt huet. Carcassonne an Aigues-Mortes sinn zwee onvergläichbar Wierker vum gothesche Festungsbau. Kuckeswäert sinn zu Toulouse de Musée des Augustins, de Musée Fabre zu Montpellier, de Musée Goya zu Castres an de Musée Toulouse-Lautrec zu Albi.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Languedoc – Biller, Videoen oder Audiodateien