Diskussioun:Karl Martell

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Gudden Owend

De 25. Oktober koum et zur Schluecht, déi séier eriwwer war, well de Karl den Abd el Rahman doutgemaach huet, a seng Truppe sech zeréckgezunn hunn.

Weem seng Truppen hu sech zréckgezunn. Les Meloures 21:34, 26 Abrëll 2007 (UTC)

Moien, merci fir d'kritescht Liesen. Hunn et méi kloer gemaach. Z.

Charel/Karel/...[Quelltext änneren]

Mëtteg! Firwat heescht de Keeser Karel V. (Charles Quint) KAREL an der lb.wikipedia, an de Karl Martell KARL an net KAREL ? Wéi ass et mat der Logik?

Sorry, lo ginn ech schonn nees gespaart... Schéinen Owend awer! - Chris

Moien, Nun, et ass mat der Logik esouwäit wéi et ka sinn, wann et am Lëtzebuergesche keng "agesiessen" Nummforme fir déi Leit ginn, an een se héchstens mat hirem Numm aus (meeschtens däitschen oder franséische) Bicher hier kennt.
D'"Logik", déi mer op der Wiki (probéieren) u(nze)wenden, ass an de meeschte Fäll déi, dass den Numm vun enger Persoun mat Titel oder Zuel an där Sprooch soll sinn, wéi se "bei sech doheem" genannt gëtt, mat deem engen oder anere Redirect. Misär hu mer mat deenen, déi mat méi wéi engem Sproochraum ze dinn hunn (War de Karel/Charles/Carolus/Karl V. Spuenier, Eisträicher, Däitschen, oder dach (och) Flämesch (zu Gent gebuer an opgewuess) oder "Lëtzebuerger" (Herzog vu Lëtzebuerg)?) Do ginn et dann och Fäll wéi de Karl Martell, deen och Charles Martell genannt kinnt ginn, woubäi mer "K/Charel" Martell e bësse vill glunge virkéim.
Schliisslech ass et och esou, dass déi Artikele vläicht vu verschiddene Leit Joeren auserneen ugeluecht goufen, an dofir net onbedingt deem enge seng Logik 100% mat deem anere senger iwwereneestëmmt. Wéi gesot, e Reditrekt ka Wonner wierken.
Maach der dofir kee Kapp driwwer; méi wichteg ass et, dass déi Leit an Artikele virkommen. --Zinneke (Diskussioun) 15:10, 28. Jan. 2019 (UTC)[äntweren]


Et ass och sou datt fir normal stierflech Lëtzebuerger, Karl Martell, sech besser seet, an hie méi sou, wéi als Karel bekannt ass. Dat spillt bei der Wiel vum Lemma eng zimmlech grouss Roll. --217.136.92.25 15:21, 28. Jan. 2019 (UTC)[äntweren]