Douglas Sirk

Vu Wikipedia
Douglas Sirk
Gebuer 26. Abrëll 1897
Hamburg
Gestuerwen 14. Januar 1987
Lugano
Nationalitéit Däitscht Keeserräich, Weimarer Republik, Dänemark, Westdäitschland
Educatioun Universitéit vu München
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Regisseur

Den Douglas Sirk gebuer als Hans Detlef Sierck de 26. Abrëll 1897 zu Hamburg a gestuerwen de 14. Januar 1987 zu Lugano an der Schwäiz war en internationalen Dréibuchauteur a Filmregisseur.

Den Detlef Sierck ass zu Hamburg als Jong vun däneschen Elteren opgewuess. Hien huet op e puer Unien Droit studéiert a war du Redakter bei der Neue Hamburger Zeitung. Duerno ass hie bei den Theater gaangen a war vun 1929 bis 1935 Intendant am Deutschen Schauspielhaus zu Hamburg. 1934 krut hien e Vertrag als Filmregisseur bei der UFA. 1937 huet hien Nazidäitschland verloss an ass a Frankräich an den Exil gangen. Duerno huet hien Europa fir d'USA verlooss.

Mat Hitler's Madman huet hie säin éischten US-amerikanesche Film am Joer 1943 gedréint. Zu senge bekanntsten Hollywoodfilmer zielen Magnificent Obession (1954) an All That Heaven Allows (1954) allkéiers mat der Jane Wyman an dem Rock Hudson an den Haaptrollen. Nieft der Lauren Bacall ass de Rock Hudson och erëm am Drama Written on the Wind ze gesinn.

Besonnesch déi jonk franséisch Kritiker Jean-Luc Godard a François Truffaut ware vum Film A Time to Love and a Time to Die nom Roman vum Erich Maria Remarque begeeschtert. Mat Imitation of Life huet hie 1959 säi leschte Spillfilm an den USA gedréint.

Hien ass de Papp vum Schauspiller Klaus Detlef Sierck (1925-1944).

Duerno huet hie sech op Lugano an d'Schwäiz zeréckgezun. Vun 1974 bis 1978 war hien Dozent op der Hochschule für Fernsehen und Film München.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]