Erich Maria Remarque

Vu Wikipedia
Erich Maria Remarque
Gebuertsnumm Erich Paul Remark
Gebuer 22. Juni 1898
Osnabrück
Gestuerwen 25. September 1970
Locarno
Nationalitéit Däitschland, USA
Aktivitéit Schrëftsteller, Romancier, Dramatiker, Dréibuchauteur
Member vun Deutsche Akademie für Sprache und Dichtung
Famill
Bestuet mat Paulette Goddard
Liewenspartner(in) Marlene Dietrich

Den Erich Maria Remarque, mam biergerlechen Numm "Erich Paul Remark", gebuer den 22. Juni 1898 zu Osnabrück, a gestuerwen de 25. September 1970 zu Locarno, war en däitsche Schrëftsteller.

Den Erich Maria Remarque huet sech 1916 direkt nodeem hien d'Schoul ofgeschloss hat, fräiwëlleg als Zaldot fir un d'Front gemellt.

Nom Éischte Weltkrich huet hien den internationale Bestseller, dee verfilmt gouf, Im Westen nichts Neues geschriwwen. Ënner dësem ironeschen Titel, deen op déi monoton Floskel vu ville Krichsrapporten Allusioun mécht, huet de Remarque an enger drastescher Zaldotesprooch an op eng realistesch Manéier seng Krichserliewnesser erzielt. Domat huet hien indirekt déi dem Vollek ëmmer erëm ageriet Propaganda vum éierevollen Heldendoud entlarvt. Obwuel hie mat sengem Roman - sou huet de Remarque mol wéinstens behaapt - net ukloe wollt a grondsätzlech Froen ausgeklamert huet, hat de batteren Toun vu senger Hoffnungslosegkeet awer eng politesch Wierkung.

Vun 1930 un huet de Remarque an der Schwäiz gelieft.

1933 hunn d'Nationalsozialisten dem Remarque seng Bicher wéinst 'Verrot um Vaterland an un den Zaldote' verbrannt.

1938 gouf him och déi däitsch Nationalitéit entzunn.

1939 ass hien an Amerika ausgewandert, wou hien 1947 d'amerikanesch Biergerrechter krut.

E weidere groussen Erfolleg vum Remarque war säi Roman Arc de Triomphe deen 1946 erauskoum.

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Erich Maria Remarque – Biller, Videoen oder Audiodateien