Maureen O'Sullivan

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Maureen O'Sullivan
Maureen.jpg
Gebuer 17. Mee 1911
Gestuerwen 23. Juni 1998
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit USA
Aktivitéit Theaterschauspiller, Filmschauspiller
Famill
Bestuet mat John Farrow
Kanner Mia Farrow
Wikidata-logo-without-paddings.svg

D'Maureen Paula O'sullivan, gebuer de 17. Mee 1911 zu Boyle (haut Irland) a gestuerwen den 23. Juni 1998 zu Scottsdale, Arizona, war eng iresch-US-amerikanesch Schauspillerin.

Si gouf virun allem bekannt fir hir Roll als Jane an enger Rëtsch Tarzan-Filmer, mam Johnny Weissmuller als Partner. Tëscht 1932 an 1942 huet si déi Roll sechsmol gespillt. Aner Filmer, déi se dotëscht gedréint huet, hat manner Succès. No den Tarzan-Filmer huet se sech lues a lues aus dem Filmgeschäft zréckgezunn, a virun allem am Theater an an Televisiounsserië matgespillt.

1986 hat si am Woody Allen sengem Film Hannah and her Sisters e Comeback; si huet do d'Mamm vun der Figur vun der Mia Farrow gespillt, déi am richtege Liewen hir Duechter ass.

Si war war vun 1936 bis zu deem sengem Doud am Joer 1963 mam Filmregisseur John Farrow bestuet.

Filmographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Maureen O'Sullivan – Biller, Videoen oder Audiodateien