Käthe Haack

Vu Wikipedia
Käthe Haack
Gebuer 11. August 1897
Berlin
Gestuerwen 5. Mee 1986
Berlin
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Theaterschauspiller, Filmschauspiller
Famill
Kanner Hannelore Schroth

D'Käthe Haack, gebuer den 11. August 1897 zu Berlin, a gestuerwen de 5. Mee 1986 zu Berlin, war eng däitsch Schauspillerin.

No dem Lycée huet d'Käthe Haack bei der Seraphine Détschy Schauspillunterrecht geholl, wat et hir erlaabt huet, 1914 hiert éischt Engagement zu Göttingen ze kréien. Méi spéit huet si an iwwer 100 Filmer matgespillt.

Si war mam Schauspiller Heinrich Schroth (1871-1945) bestuet. Hiert Meedchen, d'Hannelore Schroth (1922-1987) an hire Stéifjong Carl Heinz Schroth (1902-1989) waren och bekannt Schauspiller.

Fir d'lescht war d'Käthe Haack ze gesinn an der Roll vun der "Madamm Homberg" am Tatort-Krimi Fluppys Masche, deen de 6. Februar 1983 gewise gouf.

Filmographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Käthe Haack – Biller, Videoen oder Audiodateien