Chris Howland

Vu Wikipedia
Chris Howland
Gebuer 30. Juli 1928
London
Gestuerwen 30. November 2013
Rösrath
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Schauspiller, Televisiounsmoderateur, Journalist, Radiosspeaker, Filmschauspiller, Disk Jockey, Sänger
De Chris Howland (2009)

De John Christopher "Chris" Howland, gebuer den 30. Juli 1928 zu London a gestuerwen den 29. November 2013 zu Rösrath, war en englesche Radio- an Televisiounsmoderateur, Schlagersänger a Schauspiller.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Nom Zweete Weltkrich gouf de Chris Howland Mataarbechter Speaker beim Radiosender vun der brittescher Arméi BFN, wou e séier zum Chefspriecher a Chef vum Museksdepartement opgeklommen ass.

Wéi en 1952 beim NWDR kandidéiert huet, do gouf en direkt als Diskjockey agestallt am Hoffes deen u BFN an AFN verluerene Jonktem nees als Nolauschterer erëmzegewannen. Hien huet sech mat senger Sendung "Rhythmus der Welt" eenzock beléift gemaach, net nëmme well en zwanglos iwwer Trends an Neits vun der internationaler Musekzeen potere konnt, mä net zulescht och wéinst sengem markante britteschen Accent a senger grätschecher Stëmm.

Donieft hunn en 1953 eng Carrière als Schlagersänger a Schauspiller ugefaangenen. Seng gréisst Hitte waren am Mee 1958 "Fraulein" an am Mee 1959 "Das hab' ich in Paris gelernt". Um groussen Ecran huet e virun allem a Museksfilmer matgespillt, mä och als Butler a fënnef Karl May Filmer.

1961 huet en dann och nach als Fernseemoderator ugefaangen. Seng éischt Sendung war "Musik aus Studio B" beim ARD, wou e sech zwar weider als coolen DJ presentéiere konnt, mä op den däitsche Lidderrepertoire limitéiert war. Z'ernimmen ass och nach d'Sendung "Vorsicht Kamera!" aus deemselwechte Joer, déi an eng Zäit erakoum an där et nach als subversiv gegollt huet fir Leit mat verstoppter Kamera Spiichten ze spillen.

An den 1970er Joren hat e manner Chance, wéi e sech ë. a. mat engem eegenen Hotel op Mallorca verhuewen hat.

Mat senger véierter Fra Monika war en zanter 1976 bestuet. Zum Schluss huet e bei Köln gelieft an nach weider Optrëtter a Museksendungen an Talkshowen absolvéiert. Sou huet e bis zu sengem Doud am Radiosender WDR 4 seng Sendung "Spielereien mit Schallplatten" moderéiert. Hien ass am Alter vu 85 Joer a sengem Haus verscheet.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

Fernseesendungen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1961: Musik aus Studio B
  • 1961: Vorsicht Kamera
  • 1975: Souvenirs, Souvenirs
  • 1976: Gestatten neue Platten
  • 1982: Chris Howland präsentiert Höchstleistungen, aus dem Guinness-Buch vun de Rekorder
  • 1982: Das Traumschiff (1 Episode)
  • 1990: Hotel Paradies (2 Episoden)
  • 1991: Vorsicht Kamera, Neioplag bei Sat.1
  • 1993: Küsse unterm Regenbogen (Oldie-Sendung)
  • 2004: Unser Charly (1 Episode)
  • 2007: Der große Witze-Abend (2 Deeler) beim MDR

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Singlen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1957 - Japanisches Abschiedslied (gesonge vum Kay Cee Jones, mat däitschem Kommentar vum Chris Howland)/I wore dark glasses (Kay Cee Jones)
  • 1958 - Fräulein/Mama
  • 1958 - Susie Darling/The Rain Falls On Ev'rybody
  • 1958 - Verboten/Ja, ja, wunderbar
  • 1959 - Das hab' ich in Paris gelernt/Blonder Stern
  • 1959 - Der Dumme im Leben ist immer der Mann (Duett mam Fred Bertelmann)
  • 1959 - Patricia/Venus
  • 1959 - Es braucht nicht alles wahr zu sein/Kleines Mädchen aus Berlin
  • 1960 - Und schuld daran sind nur die Frau'n (Duett mit Fred Bertelmann)/Das macht ja nix
  • 1960 - Die Mutter ist immer dabei/Geh'n Sie nicht allein nach Hause
  • 1961 - Hundert schöne Frau'n/Elisabeth
  • 1961 - Gnädige Frau, wo waren sie gestern?/1,2,3,4,5,6,7, wo ist meine Braut geblieben
  • 1961 - Hämmerchen Polka/Sie weiß noch nicht, dass ich sie liebe
  • 1962 - Mädchen für alles/Cleopatra
  • 1962 - Sagst du alles deiner Frau (Duett mam Bill Ramsey)/Zwei alte Freunde (Duett mam Bill Ramsey)
  • 1962 - Das hat sich Tante Emma aus Italien mitgebracht/Das tut gut, das tut gut, das tut gut
  • 1963 - Knallbonbon/Schade, dass sie schon vergeben sind
  • 1963 - Lilo, die tätowierte Dame/Ich test ihre Küsse
  • 1964 - Superkalifragilistisch Expiallegorisch/Unterpfaffenhofen über Oberpfaffenhofen
  • 1965 - Wenn ich James Bond wär'/Jenkka, Jenkka, Blindekuh
  • 1975 - Europa hieß die Dame
  • 1976 - wischi-waschi, bla bla bla
  • 1982 - Bäng-Bäng Lulu/Tante Frieda schreibt an einem Sex-Roman

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • 1997 - Happy Days?, "Eine Art Biografie"
  • 1999 - Ganz Deutschland lacht!, Co-Autor nieft dem Dieter Thoma an dem Michael Lentz
  • 2003 - Kennen Sie den?, Die Lieblingswitze der Deutschen, Co-Autor nieft dem Dieter Thoma an dem Peter Jamin
  • 2009 - Yes, Sir! Aus dem Blickwinkel eines englischen Gastarbeiters, Kindler Verlag, Reinbek bei Hamburg

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Chris Howland – Biller, Videoen oder Audiodateien