Fränz Hausemer
Fränz Hausemer | |
---|---|
Gebuer | 1975 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Komponist, Schauspiller, Regisseur |
![]() |
De François Hausemer, genannt Fränz Hausemer, gebuer 1975, ass e lëtzebuergesche Museker a Regisseur.[1]
Hien huet Musek um Escher Conservatoire geléiert an duerno op der Brunel University an op der Kingston University zu London Musek, Film an Televisioun studéiert.
2018 huet hien den Documentaire Schwaarze Mann: Un Noir parmi nous erausbruecht, e Portrait vum Jacques Leurs, deen als den éischte schwaarze Lëtzebuerger gëllt.
Hien huet wärend dräi Joer un der virtueller Ausstellung 75 ans en mouvement vum CFL geschafft, déi am Dezember 2021 der Ëffentlechkeet firgestallt gouf.[2][3]
2024 huet hien 23 Gedichter vum Gast Rollinger vertount an um Album Däischter Deeg, zesumme mat anere Museker, agespillt a publizéiert.[4] Dat Joer drop koum säin Dokumentarfilm iwwer de Gast Rollinger, Terre Rouge - Topographie du poète , eraus, dee kuerz virun deem sengem Doud entstanen ass.
De Fränz Hausemer ass och als Schauspiller aktiv an huet d'Band MinotaureduNord matgegrënnt.[5]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Biographie op luxfilmfest.lu
- ↑ lessentiel.lu: Les CFL se racontent dans une expo virtuelle (17. Dezember 2021)
- ↑ cfl75.lu: À Propos Archivéiert de(n) 22.12.2021. Gekuckt de(n) 21.12.2021.
- ↑ Däitschter Deeg op literaturarchiv.lu.
- ↑ woxx.lu: MinotaureduNord : Songs from the Labyrinth vum Florent Toniello (8. Oktober 2018)