Jacques Molitor

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Jacques Molitor
JMMartin Linster2.jpg
Gebuer 15. Februar 1980
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Jacques Molitor, gebuer de 15. Februar 1980 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Filmregisseur.

Hien huet 1999 e Medezinstudium op der Université catholique de Louvain ugefaangen, fir et 2001 ofzebriechen an dofir e Filmstudium um Institut des Arts de Diffusion zu Louvain-la-Neuve mat Diplom ofzeschléissen.

2003 huet hien e Cours fir Zeenario a Mise-en-scène op der amerikanescher University of Southern California gemaach.

Säin éischte professionelle Kuerzfilm En compagnie de la poussière ass 2008 um Festival zu Locarno an um Internationale Filmfestival vun Dresden gelaf.

Den 29 September 2012 gouf säin éischte long-métrage, den Dokumentarfilm Sweetheart Come, um Festival International du Film Francophone zu Namouer, gewisen. De Film gouf vu Red Lion produzéiert an ass am Mäerz 2013 an d'Lëtzebuerger Kinoe komm. D'Thema ass Sexualitéit a Bezéiungen.

De Jacques Molitor huet vun 2007 bis 2012 als Freelance-Contributeur bei RTL Télé Lëtzebuerg ("Zinemag") geschafft.

Ausserdem ass hien zesumme mam Govinda Van Maele Curateur fir d'Programmatioun vu sougenannten Exploitation- an Grindhouse Filmer ënner dem Numm "Cinélunatique".

Laangfilmer[änneren | Quelltext änneren]

Kuerzfilmer[änneren | Quelltext änneren]

Museksvideoen[änneren | Quelltext änneren]

Spots[änneren | Quelltext änneren]

  • Paticka asbl., AIDS-Preventioun, 2011

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]