Max Jacoby (Regisseur)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Filmregisseur Max Jacoby. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Max Jacoby.
Max Jacoby
Gebuer 25. November 1977
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun London Film School
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur

De Max Jacoby gebuer de 25. November 1977 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Hien huet op der London Film School studéiert an dee Studium 2001 mam Kuerzfilm Babysitting ofgeschloss.

Duerno war hien Assistent bei den Dréiaarbechte vu verschiddenen internationale Produktiounen zu Lëtzebuerg, dorënner Shadow of the Vampire (2000), Girl with a Pearl Earring (2003) an Autobahnraser[1].

Butterflies, säin drëtte Kuerzfilm, huet 2005 de Präis vum "Beschten Europäesche Kuerzfilm" um Internationale Filmfestival vu Venedeg, souwéi ex aequo de Lëtzebuerger Filmpräis fir de beschte Kuerzfilm gewonnen. E war och an der selwechter Kategorie fir den Europäesche Filmpräis 2005 nominéiert.[2] Am Film gëtt e Mann gëtt vun der Police verhéiert iwwer den Doud vun engem Meedchen, dat hie soll gesinn hunn erdrénken.

2009 ass säin éischte Laangfilm Dust erauskomm, eng lëtzebuergesch-éisträichesch Koproduktioun iwwer dräi jonk Mënschen an enger dystopescher Welt. En ass an der Kompetitioun vum Filmfestival vu Busan a Südkorea gelaf.[3] De Kuerzfilm Et wor alles wéi ëmmer (2016) war säin éischt Wierk a lëtzebuergescher Sprooch. D'Dréibuch dofir huet hien zesumme mam Govinda Van Maele geschriwwen.

Duerno huet hien zwou Episode vun der Documentaire-Serie routwäissgro gedréint: Wat ma mer lo? (2015) a D'Summervakanz (2019).

Säin zweete Spillfilm, de Krimi-Drama Péitruss, huet seng Première am Mäerz 2019 um LuxFilmFest gefeiert. E war fir de Lëtzebuerger Filmpräis an der Kategorie "Beschte lëtzebuergesche Laangfilm" nominéiert.

2021 huet de Max Jacoby mat Meng Hoer en 3-Minutte laange Kuerzfilm iwwer seng 13-Joer al Niess Olivia gedréint, an deem si iwwer hir Hoer an hir Erfarung als Mëschleng zu Lëtzebuerg schwätzt.[4]

Kuerzfilmer[änneren | Quelltext änneren]

Laangfilmer[änneren | Quelltext änneren]

Linken[änneren | Quelltext änneren]

  1. cineuropa.org: Max Jacoby shooting Péitruss in Luxembourg (29. September 2017)
  2. europeanfilmawards.eu EFA Night 2005 - Nominated
  3. Presentatioun vum Film op der Webstäit vum Filmfestival
  4. ecfaweb.org: Presentatioun vum Kuerzfilm Meng Hoer