De Superjhemp retörns
![]() | |
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Lëtzebuerg |
Produktiounsjoer | 2018 |
Première | 24 Oktober 2018 |
Dauer | ~120 |
Originalsprooch | Lëtzebuergesch |
Ekipp | |
Regie | Félix Koch |
Dréibuch |
Félix Koch Thierry Faber no de BDe vum Roger Leiner a Lucien Czuga |
Fotografie | Dylan E. Thompson |
Musek | Félix Raffel |
Schnëtt | Paul Maas |
Produzent |
Samsa Film Artémis Productions |
Schauspiller | |
André Jung als Charel Kuddel Désirée Nosbusch als Félicie Kuddel-Fleck Etienne Halsdorf als Metty Luc Feit als Léandre Schrobiltgen Jules Werner als Avant-Premier Brettel Jules Waringo als Prënz Luc Henri Losch als Haffmarschall Jean-Paul Maes als Erni Tendo Julie Kieffer als Tanja Trajet Tommy Schlesser als Tom Jitée Adèle Wester als Jill Fabienne Hollwege als Léonie Lamesch Sophie Mousel als Félicie Fleck (jonk) Konstantin Rommelfangen als Charel Kuddel (jonk) Roland Gelhausen als Mike Marcel Heintz als Krécher Christian Kmiotek als Kloor-Rosen | |
De Superjhemp retörns ass e lëtzebuergesche Spillfilm vum Félix Koch, deen am Fréijoer 2017 gedréint gouf[1], den 19. Oktober 2018 seng Avant-première hat an de 24. Oktober 2018 an de Kino koum[2]. E baséiert op de Personnagen aus der Comic-Serie Superjhemp vum Roger Leiner a Lucien Czuga.
Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]
De Prënz Luc soll an e puer Deeg zum Klengherzog vu Luxusbuerg gekréint ginn. Houfreg gëtt seng zukünfteg Kroun an enger Ausstellung zu 100 Joer Monarchie ausgestallt. Ma do verschwënnt op eemol, duerch e sophistikéierten elektronesche System, deen e Schwaarzt Lach provozéiert huet, d'Hallschecht vun der Kroun. D'Police steet virun engem Rätsel. De Prënz Luc proposéiert dofir, de Superjhemp, vun deem ee jorelaang näischt méi héieren hat, erëmzefannen an ëm Hëllef ze bieden...
Soss[änneren | Quelltext änneren]
De Film gouf ë. a. am Schlass Siwebueren an an de Büroe vun RTL gedréint.
Als Marketing-Gag hu verschidde Firmen, wéi de Film erauskoum, d'Opschrëfte mat hiren Nimm (op Gefierer, Butteker oder Produkter) deelweis duerch déi parodistesch Versioun ersat, déi s'am Superjhemp kruten.[3][4]
Bis Mëtt Dezember 2018 waren iwwer 50.000 Leit de Film an de Kino kucken. Domat huet De Superjhemp retörns de Rekord vum lëtzebuergesche Film mat deene meeschten Zuschauer gebrach, a gouf och den Nummer 1. am Box-Office 2018 zu Lëtzebuerg.[5] Uganks Mäerz 2019 war d'Zuel vu de Spectateuren op 60.000 geklommen.[6]
De Film ass am November 2019 op Blu-ray an DVD erauskomm.
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
- Lucien Czuga: De Superjhemp Retörns - De Making Öf vum Film. 2018.
Kuriéises[änneren | Quelltext änneren]
Am Band 11 Superjhemp - Aktioun Réiserbunny aus dem Mäerz 1998 ass an enger Geschicht - knapp 30 Joer ier de Film eraus koum - schonn e Filmplakat "Superjhemp - De Film" ze gesinn[7].
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: De Superjhemp retörns – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Fiche bei Artemis Productions
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ "Superjhemp prépare son arrivée sur grand écran." lessentiel.lu, 06 avril 2017 08:00; Act: 06.04.2017 13:12.
- ↑ Tweet vu Samsa Film vum 27. Juni 2018.
- ↑ France Clarinval: " « 22 marques partenaires autour de ‘Superjhemp’ »." paperjam.lu, 21 octobre 2018 08:00.
- ↑ "De Marketing hannert dem Superjhemp." Reportage op tele.rtl.lu, 17.10.2018.
- ↑ "Déjà 50 000 spectateurs: Superjhemp superstar !" lequotidien.lu, 17/12/18 18:01.
- ↑ Post vum 5. Mäerz 2019 op facebook.com, Profil 'Superjhemp retörns - De Film' (@superjhempfilm).
- ↑ Dem Schrobiltgen säi Krëschtbeemchen, Säit 15